Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus
E Freideg hu mir zu London e ganz speziellen Dag
E Freideg hu mir zu London e ganz speziellen Dag
D‘CGFP kënnt gutt virun, zumindest mat der Regierung an hei
Et si ganz positiv Signaler, déi am Moment vun der
Nodeems sech d‘EU-Ausseminister drop verstännegt hunn, sech weider Sanktioune géint d‘Tierkei auszedenken, an den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell déi lescht Woch bei der informeller Gymnich-Reunioun zu Berlin weider Strofmoossnamen zu Diskussioun stelle wëll, kënnt déi diplomatesch „Retourkutsch“ vum tierkesche President héchstperséinlech…
Bei dësem ëmmer gréisseren Disput ëm d‘Äerdgasquellen an der Ägäis, an dat ënnert eigentlechen Alliéierten (NATO), stinn d‘Zeechen ëmmer méi op Stuerm. De Recep Tayyip Erdogan huet dann och op déi rezent „politesch“ Entwécklung reagéiert. Déi politesch Verantwortlech zu Athen a Paräis wiere „Geldgiereg an Inkompetent“, esou den tierkesche President, dee „bereet“ ass.
„Wann et ëm d‘Kämpfe geet, si mir bereet Märtyrer ze ginn“, esou de Recep Tayyip Erdogan an enger emotiounsgepräägter Ried. „D‘Fro ass: sinn déijéineg, déi sech géint eis am Mëttelmier opleenen zu de selwechten Affer bereet? Acceptéiert dat griichescht Vollek de Risk andeem et wéinst senge geldgieregen an inkompetente Leader stécht? Weess dat franséischt Vollek ëm de Präis, deen et ze bezuelen huet?“.
Ankara an Athen streide schonn zanter 2019 ëm d‘Äerdgasquellen am orientalesche Mëttelmier, wat zu extreme Spannunge féiert. Paräis huet ugesiichts de erhéichter Militärpresenz vun der Tierkei de Griichen déi franséisch Marinn zur Säit gestallt. Am NATO-Haaptquartéier zu Bréissel hält een et fir den Ament net fir noutwenneg, sech an de Sträit anzemëschen. D‘Tierkei ass e wichtege Partner.
Um Samschdeg hat den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu awer zimmlech kloer Wierder fonnt, a gemengt: „Sollt Griicheland seng Territorialgewässer an der Ägäis auswäiten, dann ass dat ee Grond fir Krich“. Och den tierkesche Vizepresident Fuat Oktay huet sech zum Sträit geäussert: „Wann dat kee Grond fir e Krich ass, wat da soss“, esou de Wuertlaut vun der Agence Anadolu.
Esouvill zur Äntwert op d‘Ukënnegung vum griichesche Ministerpresident Kyriakos Mitsotakis, deen am Parlament erkläert huet, datt Griicheland säin Herrschaftsgebitt am Ionesche-Mier, vu sechs op zwielef Séimeilen ausdehne muss. Elo muss een der Vollstännegkeet hallwer awer drop hiweisen, datt de Sträit tëscht béide Länner net dat Ionescht-Mier, mee d‘Ägäis betrëfft.
mat indymedia/bru/ath
Kaart: Eric Gaba/Sting (cc by.sa 4.0)