Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht
Money Neiegkeeten

What The Fakt – den Nevermind-Album vun Nirvana gouf viru 27 Joer verëffentlecht

Smells Like Teen Spirit misst hautdesdaags jiddwerengem bekannt sinn. De

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?
Money Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Déi lescht Folleg vu „Wetten, dass…?“

Mat 35. Staffele war déi däitsch Fernsehshow „Wetten, dass…?“ eng

money

Agence-Stierwe bei der BCEE

Gëtt d‘Agence um Houwald en Affer vun der Reorganisatioun vun der Spuerkeess?

Agence-Stierwe bei der BCEE

Wéi e Freideg d‘Spuerkeess (BCEE) géintiwwer de Medie bestätegt huet, datt e gewëllt ass sech nei opzestellen, fir den Erausfuerderunge vun der digitaliséierter Welt Rechnung ze droen a gläichzäiteg dem Client en adaptéierte Service unzebidden, huet een en Ament laang den Otem ugehalen.

Bei der Reorganisatioun vun där e Freideg rieds gaangen ass, geet ëm de Gaasperecher Finanzzenter an dem d‘Agencen: Bouneweg, Cloche d‘Or, Gaasperech, Hesper, Houwald, a Leideleng sollen zesummegefouert ginn. De Gaasperecher Bann, dësen neie Quartier dee grad an der Entwécklung ass, soll emol eng 25.000 Awunner a bis zu 15.000 Salariéeën ophuelen, firwat Presenz wichteg ass.

Et gi keng Plazen ofgebaut!

Déi Gaasperecher Agence soll seng Heemecht am neien Akafszenter erhalen, deen an e puer Méint seng Dieren opmécht. Mee et ass net déi eenzeg „Nouvelle“, wëll et huet ee sech zousätzlech virgeholl, déi eng oder aner Agence ze renovéieren. Déi vu Bouneweg sollt eventuell nach an dësem Joer, déi vun Hesper spéitstens 2020, den Ufuerderunge vun der haideger Welt ugepasst ginn.

Zwou Agencen also, déi eis sollten erhale bleiwen. Fir d‘Agence op der Cloche d‘Or allerdéngs ass wéineg Hoffnung. Si ass awer zimlech no um Gaasperecher Bann, a wirtschaftlech betruecht mécht et wéineg Sënn dës Agence nieft der „Neier“ am Akafszenter weiderzeféieren. Dat selwecht Argument gëtt och fir d‘Agence Houwald ugefouert. Et ass u sech e klassesche Reamenagement.

Foto: Mam „Open-Space“ Konzept, wéi hei an der Agence zu Nidderaanwen, wëll d‘BCEE dem Client säi Besuch esou agreabel wéi méiglech gestalten. Mat engem Beräich wou ee sech Informéieren a waarde kann, e Beräich fir den Accueil an dem S-Bank Beräich, gëtt de Client „begleet“. Et geet hei drëms de Schwéierpunkt op d‘Vertrauen an d‘Qualitéit vun der Bezéiung zum Client ze leeën. Den individuelle Service, soll eng besser Gewiichtung erhalen. © BCEE

Ähnlech Sujeten Agencen, BCEE, Reorganisatioun, Spuerkeess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel