Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cuvée Schueberfouer: Feierlech Scheckiwwerreechung am klenge Krees
Neiegkeeten

Cuvée Schueberfouer: Feierlech Scheckiwwerreechung am klenge Krees

Säit 8 Joer gëtt et fir d‘Schueberfouer en dediéierte Cremant,

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!

Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet elo matgedeelt hunn, enthalen

dislike
Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën
Neiegkeeten

Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën

Spuenien, Frankräich, Italien an Däitschland  – Si sinn déi beléiftsten

Fir de schnellen, encadréierten a breeden Accès op Gesondheetsproduiten

Fir de schnellen, encadréierten a breeden Accès op Gesondheetsproduiten

Mat der Kreatioun vun enger nationaler Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten (Agence nationale des médicaments et produits de santé – ALMPS) wäert et an Zukunft méiglech sinn am Interessi vun eis all d’Kompetenzen a Saache Medikamenter, medezineschen a gesondheetleche Produiten zesummen ze schléissen. Esou kann eng méi héich sanitär Sécherheet bei genau dëse Produite garantéiert ginn.

De Gesetzesprojet zur Kreatioun vun enger nationaler Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten (ALMPS) a Form vun engem ëffentlechen Etablissement gouf vum Regierungsrot ugeholl a wäert an Zukunft ënnert der Leedung vum Gesondheetsministère lafen.

Wärend enger Rei Joren huet ee misse feststellen, datt de Mangel verschidde Medikamenter zäitweis oder generell an d’Luucht gaangen ass. D’ALMPS erméiglecht et d’Industrie op hir Verflichtungen opmierksam ze maachen, esou Néit fréi genuch ze mellen. Dobäi kënnt, datt ee rechtméisseg un den Initiative vun den europäeschen Agencen an der EMA deelhuele kann, fir esou d’Preventioun, d’Identifikatioun, d’Gestioun an d’Kommunikatioun vu Medikamentemängel ze vereinfachen.

Och d’Bevëlkerung wäert vun dësem Schrëtt profitéieren: De schnellen, encadréierten a breeden Accès op Gesondheetsproduiten gëtt gefërdert. Duerch Opwäertung vum Beräich vun der Biotechnologie wäert d’Ekonomie vum Land ee Schrëtt no vir maachen, nei Acteuren op Lëtzebuerg zéien an déi noutwenneg Garantie liwwere kënnen, datt ee bei eis schaffe kann.

Zur aktueller Stonn ass Lëtzebuerg dat eenzegt europäescht Land, dat keng national Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten opweise kann.

Ähnlech Sujeten Aarbecht, Agence nationale des médicaments et produits de santé, ALMPS, Ekonomie, Gesondheet, Gesondheetsministère, Mangel, national Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten, Nout, Penurie, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel