Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Antisemitismus: Lëtzebuerg gëtt net verschount
Neiegkeeten Stories

Antisemitismus: Lëtzebuerg gëtt net verschount

Wéi a villen anere Länner och, muss een zu Lëtzebuerg

Neijoerschreceptioun Stad Lëtzebuerg: Et feelt net un Erausfuerderunge
Neiegkeeten Stories

Neijoerschreceptioun Stad Lëtzebuerg: Et feelt net un Erausfuerderunge

E Méindeg 8. Januar hat och d‘Stad Lëtzebuerg seng Neijoerschreceptioun

The Ouroboros – Ausstellung am Casino Lëtzebuerg
Neiegkeeten Stories

The Ouroboros – Ausstellung am Casino Lëtzebuerg

Den Austauschprogramm 2018/2019 tëscht Taiwan a Lëtzebuerg geet a seng

Agence-Schléissung Spuerkeess

Et sinn net d‘Buergermeeschter déi rose sinn, et sinn Leit déi rose sinn… also am Prinzip

Agence-Schléissung Spuerkeess

Datt d‘Spuerkeess aus wirtschaftleche Grënn eelef Agencen zoumécht a sech nei opstelle wëll, dat ass an aller Mond an déi mannsten hunn dofir Versteesdemech. D‘Buergermeeschter aus deene vun enger Schléissung betraffene Gemenge hu sech zesummegedoen, a si staark motivéiert, dëser jo awer onséileger Situatioun eng Léisung zouzeféieren.

Wéi dat sech kéint maache loossen, a wéi eng Motivatioun hannert der Aktioun vun eisen eelef Buergermeeschter stécht, hunn si de Moien an enger Pressekonferenz erkläert. Den Tom Jungen, Buergermeeschter vu Réiser an LSAP-Generalsekretär, huet an dësem Zesummenhang aleedend wësse gelooss, datt si net eleng sinn a vill Solidaritéit vun anere Gemengen zougesprach kruten.

Hien huet nach emol drun erënnert, datt d‘Decisioun vum BCEE-Direktiounscomité – déi war den 12. Februar als Pressecommuniqué un d‘Medie gaangen, net awer un déi concernéiert Gemengen – de Buergermeeschter iwwert den Intermediaire vun der Press an de sozialen Netzwierker zu Ouere komm ass. Esou geet een nëmme mat laangjärege Clienten ëm, wann ee sech der Saach sécher ass.

Interessant dann awer de Fait, datt – esou d‘Ausso vum Tom Jungen – déi betraffe Gemengen eng e-Mail vun de respektive Regionaldirekter kritt hunn, an deenen ëm eng „Entrevue“ nogefrot gëtt, fir iwwert déi zukünfteg Geschäftsrelatioun ze schwätzen. An dëser e-Mail war kee Wuert enthale wat op d‘Schléissung vun den Agencen higedeit hätt. Datt wéi gesot, hu se an der Zeitung gelies…

An dat wier eigentlech Grond genuch schonn eppes Rosen ze ginn. Mee Roserei léist kee Problem an den Dialog sollt ëmmer bevirzucht ginn. An dësem Sënn hunn déi „eelef“ dann och ee Bréif un den Direktiounscomité vun der Spuerkeess geriicht, an deem si nieft enger Entrevue, verlaangen, datt d‘Schléissung vun den Agencen esou laang op Äis geluecht gëtt, bis et Alternative gëtt.

Symptomatesch fir privatiséiert Staats-Betriber

Wann ee wéi den Tom Jungen der Meenung dierf sinn, datt esou ee verhale säitens enger privater Bank sech op engem aneren Niveau ofspillt, dann dierf een hei net iwwersinn, datt d‘BCEE eben net eng Bank wéi all déi aner ass. An esou stellt de Buergermeeschter vu Réiser nach fest, datt dëst verhale bei privatiséierte Betriber an deenen de Staat eenzegen Aktionär ass, symptomatesch ass.

D‘POST Lëtzebuerg mécht et genee d‘Selwecht, wann een hinnen elo och net direkt ënnerstelle wëll dës nei Geschäftsstrategie „erfonnt“ ze hunn. Dat awer féiert zu enger duebeler Belaaschtung fir eben d‘Gemengen, déi am Endeffekt dem Bierger nach als eenzegen Uspriechpartner zur Verfügung stinn. A mir schwätzen nach ëmmer vun Entreprisen déi just de Staat als Aktionär hunn.

Elo sinn d‘Buergermeeschter awer och net an enger Zäitschlauf gefaangen, an esou ass hinnen natierlech bewosst, dat sech d‘Zäite wéi och d‘Gewunnechte vun de Bierger veränneren, an den digitalen Zäitalter fir jidderee Wierklechkeet gëtt. Mee et gëtt haut nach Matbierger – an et wäert där och an Zukunft nach ginn – déi mat dëser „Technologie“ einfach net eens ginn.

Esou sinn net nëmmen eeler Mënsche betraff, och wat déi nach an der Majoritéit sinn, mee et sinn och d‘Betriber, déi hie Problemer kréien. Vill kleng a mëttelgrouss Entreprisen, loossen sech net gären anzwousch néier, wou et weder Post nach Banke gëtt. Wéi een hei feststelle kann, dës eelef Buergermeeschter, setzen sech massiv fir d‘Allgemengheet an. Et geet tatsächlech ëm dat Ganzt.

Ländleche Raum vs urbane Raum

Hir den Henri Haine (LSAP), Buergermeeschter vu Rëmeleng, ass et déi lescht Bank déi a senger Stad géif d‘Dieren zoumaachen. Rëmeleng als „ländleche Raum“ ze bezeechne wier zimmlech domm, well net méi zoutreffend. An hei hat d‘Agence vun der Spuerkeess dann och eng wichteg Funktioun, besonnesch fir d‘Frontalieren. Wann déi elo op Esch mussen, wäerten se do och akafen.

D‘Spuerkeess entzitt duerch hir Entscheedung, de Rëmelenger Geschäftsleit e wäertvollen Atout. Als Grenzstad bréicht een einfach eng Bank an och eng Post. Zukunft vun der Post ass besigelt an déi vun der BCEE-Agence jo wuel och… An hei gëtt net zougemaach well net genuch „Passage“ ass, dovunner konnt sech de Buergermeeschter mat eegenen Ae bei ville Stippvisitten iwwerzeegen.

Hien ass zudeem och zimlech iwwerzeegt, datt entgéint der Behaaptung vum Direktiounscomité vun der Spuerkeess, bis 2024 keng weider Schléissungen ze envisagéieren, et weider Agence wäert ginn, déi an „Nuecht an Niwwel Aktiounen“ verschwannen. De „Fait Accompli“ verhënnert jo och vill Diskussiounen. An esou wéi dës Schléissungen ugekënnegt goufen, huet een dat schonn.

Den Henri Haine ass dann och vun der Regierung enttäuscht. Net datt hie géif d‘Koalitioun a Fro stellen, mee esou wéi hei déi betraffe Gemengen am Stach gelooss ginn, kann et net weider goen. D‘Regierung huet vun de Gemengen eng Revaloriséierung vum urbane Raum gefuerdert, an déi Instrumenter déi dat leeschten, si privatiséiert ginn a verpissen sech ouni d‘Rechnung ze froen.

Eigentlech nëmmen eng Saach vun der Vernonft

Hei soll awer elo kee mengen, datt d‘Gemengen tributär vun der BCEE oder der POST wieren, mee „Liewen an d‘Gemeng bréngen“ verlaangt schonn eppes méi wéi ee Kulturzenter an/oder eng Kierch. Zudeem brauch et wirtschaftlech Acteuren, déi weider Entreprisen unzéien, déi dësen hir Servicer brauchen. Eng Spuerkeess-Agence ass deemno méi wichteg wéi ee Pavillon zu Dubai.

Déi „eelef“ wëllen dann elo Äntwerten, woubäi si och scho Virschléi hätten. Wann deem esou ass, datt d‘Schléissung vun den Agencen net aus finanzielle Grënn geschitt, wéi dat jo vun der Cheffin duergeluecht ginn ass, an et just „net genuch Beschäftegung fir d‘Personal“ gëtt, firwat gëtt net iwwer Synergien nogeduecht? A jo et kéint ee sech virstellen, datt POST a BCEE kooperéieren.

Leider kënne just Buergermeeschter, d‘Bierger an eisereen sech dat virstellen. Post a Spuerkeess sinn an laut neoliberaler Ideologie „Konkurrenten“ an dat allerschlëmmst, POST Lëtzebuerg huet sech mat der Bauerebank verbriddert. Déi zwee am selwechte Raum, dat wier sécher en Zeeche vu Vernonft, mee et ass fir déi respektiv Direktioune keng Optioun. Et vermëscht ee sech net gären…

Dobäi fir et dach genial a wa mir den ëffentlechen Transport kënne gratis maachen, da sollt et dach och méiglech sinn, zumindest do wou et sënnvoll a praktikabel ass, esou eppes wéi een „Zenter fir staatlech Déngschtleeschtungen“ anzeriichten. Fir d‘Post, BCEE a villes méi wat privatiséiert gouf awer a staatlechen Hänn bliwwen ass, a jo eigentlech dem Bierger gehéiert, wier dat eng gutt Saach.

Eng Verantwortung déi sech net iwwerdroe léist

Fir all eis Buergermeeschter ass d‘Spuerkeess – Privatiséierung hin oder hir – nach ëmmer am Besëtz vum Staat an den Zoustännege Minister och an der Verantwortung. Sech aus dëser stielen ze wëllen dann och net déi fein Aart a Weis. D‘Nathalie Silva (CSV), Buergermeeschtesch vun der Fiels, hat nach iert si vun der Aktioun héieren huet, dem Finanzminister dozou e Bréif opgestallt.

A senger Äntwert huet de Pierre Gramegna der Buergermeeschtesch, wéi och géintiwwer den Deputéierten, nach emol preziséiert, datt hien do absolut keng Handhab huet an sech net bei der Spuerkeess mat Fuerderunge presentéiere kéint. Dat misst hien net emol perséinlech maachen, ëmmerhi gëtt et néng Leit am Verwaltungsrot, an dovunner vertrieden der fënnef d‘Regierung, zwee sinn direkt vum Finanzminister ernannt ginn an déi sëtze fir de Finanzministère do.

Der Geck awer kann hie mat ville maachen, mee sécherlech net mam Nathalie Silva, firwat et elo och mat der Regierung dréngend zu engem Echange komme muss. D‘Buergermeeschter wäerten do der Inneministesch, déi hinne jo rezent méi Verantwortung a Vertrauen zougemutt huet, dann an Erënnerung ruffen datt en Häuptling ouni Indianer kee Bison erleedege kann…

Bis et zu all dësen Entrevue kënnt an méiglechst och esoulaang keng vernënfteg Léisung fir dëse „Problem“ fonnt ass sollt den Direktiounscomité vun der Spuerkeess dat mat de Schléissungen op Äis leeën. Wann ee bedenkt, datt eleng Réiser 10 Milliounen Euro um Compte Courant stoen huet, déi net méi schlecht op enger aner Bank opgehuewe wieren, sollt d‘BCEE dorobber agoen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten BCEE, Henri Haine, Nathalie Silva, Spuerkeess, staatlech Déngschtleeschtungen, Staatsbank, Tom Jungen, Widderstand vun de Buergermeeschter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel