Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Covid19/Pandemiegesetzer: Den Avis vum Staatsrot
Neiegkeeten

Covid19/Pandemiegesetzer: Den Avis vum Staatsrot

De Volet „Zwangsaweisung“ an de Gesetzer déi eis Fräiheeten och

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten
Neiegkeeten

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten

Offiziell gëtt et zur Stonn an Ungarn eng 300 Infektiounsfäll

Star Trek Discovery weisst sech vu senger explosiver Säit
Neiegkeeten

Star Trek Discovery weisst sech vu senger explosiver Säit

Nodeems den éischten Trailer fir gemëschte Gefiller gesuergt huet, bréngt

Alters- a Fleegeheemer: Visitte sollen aluedend an agreabel sinn

Alters- a Fleegeheemer: Visitte sollen aluedend an agreabel sinn

Vum Deconfinement kënne mëttlerweil och d’Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer, sou wéi hir Famille profitéieren. Visitten a Sortien sinn am Respekt vun de sanitäre Moossnamen nees méiglech, woubäi mat de Recommandatioune vum 20. Mee 2020 d’Sécherheet an d’Gesondheet vun alle Bedeelegte iewescht Prioritéit soll hunn.

De soziale Kontakt, besonnesch zu de Familljememberen ass essentiell. An esou huet d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen, zesumme mat der Gesondheetsministesch un d’Gestionnairen appelléiert, fir alles an d’Weeër ze leeden, fir Visitten a Sortien esou aluedend, frëndlech an agreabel wéi méiglech ze gestalten.

Duerch de Verlaf vum Deconfinement an dat not Enn vum État de Crise sinn och d’Recommandatiounen zu de Besich an Ausflich an den Alters- a Fleegeheemer gelockert ginn. Generell Recommandatiounen, besonnesch zum Ëmgang mat vulnerabele Persounen, ginn am Laf vun der nächster Woch verëffentlecht. Wärend d’Residenten vum Accès op Depistage profitéieren, gëtt d’Situatioun nach ëmmer genee observéiert.

Hei gëllt et un d’Responsabilitéit vu jiddwerengem ze appelléieren, de Risiko fir déi verschidde Situatiounen anzeschätzen an déi noutwenneg Gesten ëmzesetzen, fir déi weider Ausbreedung vum Virus esou wäit et geet ze reduzéieren.

Ähnlech Sujeten Altersheem, Corinne Cahen, Deconfinement, Familljeministesch, Fleegeheem, Gesondheetsministesch, Grousselteren, Paulette Lenert, Responsabilitéit, sanitär Moossnamen, Senior, Sortie, Visitt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel