Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E „Laangfanger“ op der ADEM
International Neiegkeeten

E „Laangfanger“ op der ADEM

Nodeems d‘ADEM de 17 Abrëll matgedeelt hat, datt si beim

De CGDIS an d’Dronen: Wéi flitt Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

De CGDIS an d’Dronen: Wéi flitt Lëtzebuerg?

Dronen – onbemannt Loftgefierer mat meeschtens véier Probeller an equipéiert

dislikemoneysurprise
Mammenhaus vu Google huet wéinst EU-Geldstrof manner verdéngt
International Neiegkeeten

Mammenhaus vu Google huet wéinst EU-Geldstrof manner verdéngt

Gëschter huet „Alphabet“, d‘Mammenhaus vu Google, seng Resultater vum zweeten

Ägypten: Ëm de Covid19 këmmert sech Allah

Ägypten: Ëm de Covid19 këmmert sech Allah

Net nëmme fundamentalistesch Chrëschten oder al Hebräer verloossen sech op déi gëttlech Instanz fir dem Coronavirus Covid19 den Dicks ze béien, nee och an Ägypten verléisst ee sech léiwer op Allah wéi op d‘Wëssenschaft. An dofir brauch et dann och nëmme wéineg Mesuren. Offiziell huet d‘Land ronn 2.600 Infektiounsfäll, 200 Mënsche wieren un de Folge vun der Infektioun gestuerwen.

An der Milliounemetropol Kairo gëtt et wuel d‘Empfeelung sech reegelméisseg d‘Hänn ze wäschen an och eng Fatz virum Gesiicht wier net vu Muttwëll, esou d‘Autoritéiten. E Sécherheetsofstand hu se net erwäänt, wann zudeem an dësem Beiestack absolut illusoresch ass. Zu Kairo wunne geschätzt eng 20 Millioune Mënschen, well esou eppes wéi Vollekszielung wier zwar gutt, mee kee mécht et.

EgyptenDéi grouss Majoritéit wunnt an deem wat mir als „Slums“ géife bezeechnen, si gesinn dat éischter als Aarme-Quartieren. Fléissend Waasser ass ee fromme Wonsch, an domadder muss et dann och scho gedoe sinn. Geld hunn d‘Ägypter och keent, wat nees Sënn mécht well „Gott bestëmmt wat mir verdéngen“ esou ee Stroossenhändler, dee sech léiwer op Allah wéi op d‘Regierung verléisst.

Fir de Naser Mohammed, deen an op de Stroossemäert vun der ägyptescher Haaptstad Uebst a Geméis verkeeft, dat ouni Mask oder soss Schutzmoossnamen, ass de Fall kloer: „Et ass eng Pandemie, mee de Virus interesséiert d‘Leit net. Mir Ägypter iwwerloossen dat Allah. Hien eleng bestëmmt d‘Schicksal vun all eenzele Mënschen a wie krank, dee muss wuel leiden“.

D‘Regierung huet ëmmer Recht

Eng vun den Ursaache vun dësem reliéise Pragmatismus: d‘Regierung. Hei gëtt mat der Fauscht regéiert, an de Viktor Orban hätt, wann et sech net ëm Mosleme géif handelen, och bestëmmt seng Freed un dëser demokratescher Wäitsiicht. Laut der Regierung, gëtt et nëmme ganz wéineg Fäll an et stierwen och kaum Leit un dëser komescher Gripp. Iwwerpréiwe léisst sech dat natierlech net.

Geséchert ass just datt kaum Tester gemaach ginn, a wouhier sollt Ägypten déi och hierhuelen? A well d‘Regierung sech kee Widdersproch ka leeschten, huet si dann och déi eenzeg Moossnam ergraff déi hir bliwwen ass: Wien den Zuele widdersprécht muss mat héije Geldstrofen an/oder Prisong rechnen, an dat sinn keng liichtfankeg verbreete Rumeuren, datt ass den offiziellen Text.

EgyptenAn dovunner betraff sinn net nëmmen d‘Ägypter, wéi et d‘Korrespondentin vum „Guardian“ um eegene Leif gespuert huet. Dës Knetzel hat et dach tatsächlech gewot, an engem Artikel op eng kanadesch Etüd zréckzegräifen, an där vun enger héijer Donkelziffer rieds war. Si gouf Enn Mäerz inklusiv Protokoll an Areesverbuet zréck op d‘Insel verfracht. Wéi gesot de Viktor géif sech freeën.

D‘Arméi, déi eigentlech „Muecht“ an Egypten, üübt sech a Propaganda a publizéiert Videoen, op deenen een Zaldote ka gesinn, wéi si d‘Stroossen an d‘Plaze vun de Milliounemetropol mat enger „Léisung“ desinfizéieren. Net wierklech erfollegräich, mee „besser wéi näischt“. Dat et awer eescht muss sinn, erkläert sech duerch d‘Fermeture vun de Schoulen, Moscheeën, Parken an de Stränn…

Mesure jo, awer mat Mooss

Et sinn awer och eng Rei Geschäfter zougemaach ginn an de President Abdel Fattah al-Sissi wëll eigentlech och d‘Verbreedung vum Coronavirus andämmen, mee dat méiglechst ouni Lockdown an ouni d‘Wirtschaft unzehalen. Esou gëtt et an Ägypten den Ament just eng Ausgangsspär tëscht owes 20 a mueres 6 Auer. Dat heescht, datt Daagsiwwer dat üblecht Gewulls an de Stroossen bliwwen ass.

An der Alstad ginn d‘Händler hire Geschäfter no, woubäi eigentlech kéinten si grad esou gutt hire Rideauen ënne loossen. Hei komme scho säit Woche keng „Keefer“ méi hin, d‘Touriste gëtt an deem Sënn keng méi, Fliger aus dem Ausland dierfen net méi an Ägypten landen. D‘Touriste sinn awer eng vun de wichtegste Geldquellen, firwat erkannt gouf, datt méi Mesuren net schueden.

EgyptenMat Sechs Milliarden Euro soll den Impakt op d‘Wirtschaft an d‘Mënschen ofgefiedert ginn. Esou kréien an engem Land, wou 30 vun den 100 Milliounen Awunner an déifster Aarmut liewen, elo esouguer d‘Schwaarzaarbechter dräi Méint laang mat 30 Euro/Mount ënnert d‘Äerm gegraff. Dat ass eng Première. D‘Absicht derhannert ass kloer: et muss een d‘Foussvollek roueg stellen.

Wie kann, deet, fir sech mam néidegsten anzedecken eng Mask un, versicht déi iwwerfëllte Gaassen ze vermeiden. De Gesondheetssystem ass éischter „Fragil“ a kaum ee mécht sech seriéis Hoffnung op eng gutt Betreiung, sollt de Covid19 hien treffen. An esou bleift nach just Allah als Retter an der Nout. Mee deem seng Truppen op Äerden hu weder Tester, nach Masken oder soss eppes Opweises.

mat indymedia/tlv/cai/lon

Ähnlech Sujeten Ägypten, Allah, Coronavirus, Covid19, Schicksal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel