Erhéichten AIDS-Kontaminatioun bei den Drogekonsumenten

Den 20. Oktober hat d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch mam Dr. Carole Delvaux, der neier Presidentin vum AIDS Iwwerwaachungs-Comité, den infektiéisen Hepatitten an de Krankheeten déi sexuell iwwerdrobar sinn, eng Entrevue.

Beim Gespréich ass sech dem Problem vun der Iwwerdroung vum AIDS bei den Drogekonsumenten ugeholl ginn. Den héijen Taux vun der Iwwerdroung betrëfft hei besonnesch déi Drogekonsumenten, déi sech d‘Drog sprëtzen. Mee och déi beonrouegend Situatioun ronderëm d‘Fixerstuff Abrigado am Garer Quartier huet missen ugeschwat ginn.

Et sinn ënnerschiddlech Pisten evoquéiert ginn, déi dëser Entwécklung sollten entgéintwierken. Och iwwert eng Verbesserung vum sozial-medezinesche Suivi ass hei nogeduecht ginn. Den Dispositif „test an treat“, mat deem eng Diversifikatioun an Dezentraliséierung vun der Offer fir den Depistage soll verstäerkt ginn, grad ewéi d‘Méiglechkeet e besseren Zougang zu enger Wunneng, ware Géigestand vun den Diskussiounen.

Nei Modeller iwwerdenken

Datt beim Wunnengsproblem besonnesch d‘Frae betraff sinn, eng Verbesserung vun de Moyene fir déi bestoend Strukturen an och eng universell medezinesch Versuergung zu Gonschte vun den Äermsten néideg sinn, war da méi wéi nëmmen eng Feststellung.

De Prinzip vun enger gemeinsamer Etüd ass zréckbehale ginn. Déi soll vum europäeschen Zentrum fir Preventioun a Kontroll vun de Krankheeten, zesumme mam europäeschen Observatoire vun den Drogen an Suchten soll duerchgefouert ginn.

All dës Mesuren si Bestanddeel vum Wëlle vun den Autoritéiten d‘Konditioune fir eng Stabiliséierung ze verbesseren. Grad wéi déi therapeutesch Offer an dem sozial-medezinesche Suivi fir déi betraffe Persoune. Dat sinn d‘Erausfuerderungen déi an den neien AIDS-Plang mussen afléissen, deen am Dezember virgestallt gëtt.

Vun den USA iwwer Nanzeg op Lëtzebuerg

Den Dr. Carole Delvaux huet eng Formatioun als Immunolog beim Laboratoire fir molekular Immunologie un der Universitéit Pittsburgh absolvéiert. Si war uschléissend vun 2004 bis 2004 an der Fuerschung am Laboratoire vun der Unitéit 684 an der Universitéit „Henri Poincaré“ zu Nanzeg täteg.

Si war ausserdeem als Sousdirektesch beim Laboratoire fir Retrovirologie um Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet (LIH) täteg, iert si 2014 Sousdirektesch vum Fuerschungsdepartement „Insekten an infektiéis Krankheete vum LIH ginn ass.

An de leschten aacht Joer war si agebonnen an déi klinesch Betreiung vu Patienten déi zu Lëtzebuerg mat AIDS infizéiert waren. Den Dr. Carole Delvaux war och agebonnen an d‘Gestioun vu Projeten an diversen europäesche Reseauen, déi besonnesch am Beräich vu klinescher Virologie, der Resistenz op Medikamenter an der molekularer Epidemiologie aktiv sinn.

Den Dr. Carole Delvaux iwwerhëlt d‘Nofolleg vum Dr. Vic Arendt, spezialiséierten Dokter beim nationale Service fir ustiechend Krankheeten.