Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: 11 järegen erschéisst seng Groussmamm
Money Neiegkeeten

dating a very emotional man

E Bouf vun 11 Joer, dee sech geweigert huet seng

hot guys dating app
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationale Joggingsboxendag

Et ass wuel ee vun de gemitterlechste kuriéise Feierdeeg: de

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss
Money Neiegkeeten

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss

D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat ass dran?

money

D’AIIB zu Besuch am groussherzogleche Palais

D’AIIB zu Besuch am groussherzogleche Palais

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog Henri de Verwaltungsrot vun der Asian Infrastructure Investment Bank (AIIB) getraff. Vum 12. bis den 13. Juli fënnt hir traditionell Versammlung am Grand-Duché statt.

Fir eng éischte Kéier kënnt dës multilateral Entwécklungsbank op Lëtzebuerg. Am Kader vun de Pläng fir eng fossil-fräi Zukunft, déi europäesch Regierungen upeilen, geet déi asiatesch Bank hire grénge Verspriechen net no. Ganzer 22 % Aktien hunn d’EU-Regierunge bei der Bank. Nei Ënnersichunge beweisen elo, datt 20 % vun den 8 Milliarden Dollar vun der AIIB a fossil Energie investéiert ginn. Just 8 % ginn an erneierbar Energië geluecht.

An dësem Kader fënnt och am fréie Mëtteg eng Demonstratioun vu jonken Aktivisten aus der ganzer Welt op der Europaplaz statt. Gefuerdert gëtt, datt ëffentlech Gelder net méi a fossil Energien investéiert ginn, sou datt dës Bank a Richtung Energieeffizienz geet, an och déi Äermst ënnert eis een Zougang zur Energie kréien.

Opmaacherfoto: S.A.R. de Groussherzog ass emginn (v.l.n.r.) vum Jin Liquin, President vun der AIIB; Pierre Gramegna, Finanzminister a President vun der Rotsverwaltung vun der AIIB; Sir Danny Alexander, Vize-President a Generalsekretär vun der AIIB © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Ähnlech Sujeten AIIB, Asian Infrastructure Investment Bank, Demonstratioun, Pierre Gramegna, S.A.R. de Groussherzog Henri
Nächsten Artikel Virrechten Artikel