Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aweiung vum ëmgebauten Zucharrêt zu Uewerkuer
International Money

Aweiung vum ëmgebauten Zucharrêt zu Uewerkuer

Gëschter gouf no Ëmbauaarbechten den Zucharrêt zu Uewerkuer a Presence

Neies vun den Impeachment-Hearingen
International Money

Neies vun den Impeachment-Hearingen

De Gordon Sondland, US-Ambassadeur bei der EU, huet bei de

De Weltflüchtlingsdag, erkläert
International Money

De Weltflüchtlingsdag, erkläert

Flüchtlingswell ass haut manner an der Press wéi virdrun. Mee

money

Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht

Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht

Vu Boeing schwéier ënner Drock gesat, huet den Hiersteller Bombardier säin aeronautesche Programm „C-Series“ an d‘Hänn vun Airbus ginn. Domatter ginn och d‘Ambitiounen, sech eleng géint déi amerikanesch an europäesch „Giganten“ duerchzesetzen, opginn.

Den europäesche Fligerbauer huet dann och vun enger spektakulärer Eenegung mam kanadesche Grupp geschwat. Airbus iwwerhëlt 50,01% vun der Eenheet déi d‘Gestioun vum Programme fir de Bau vum Fliger C-Series (100-150 Plazen) huet. Grad richteg, well Bombardier war finanziell betruecht an „Turbulenze“ geroden.

Ech sinn traureg an awer berouegt, well jidderee vun dësem Accord profitéiert“, esou de Mehran Ebrahimi, Spezialist fir Aeronautic op der Universitéit vum Québec zu Montreal. „De Programm C-Series ass net Doud“ an et dierft éischter en Erfolleg a kommerzieller Hisiicht ginn. De Marketing bei Airbus ass gutt, de Fliger och also kee Problem.

Déi protektionistesch Politik vum Donald Trump huet dozou gefouert, datt d‘US-Airline Delta bedréit ginn ass, Stroofzoll op de Fliger mussen ze bezuelen.

Aus industrieller Siicht, ass dëse Fliger dee just ee Gank huet, an zanter 25 Joer e ganz neie Konzept virweise kann, e Succès. Just verkafe wëll e sech net. Bei Entwécklungskäschte vu 5,4 Milliarden US-Dollar huet also eppes musse geschéien.

Geféierlech US-Handelspolitik

Am Summer 2016 an Déngscht gestallt, huet Bombardier fir den C-Series bis ewell nëmmen 360 Bestellunge kënnen ophuelen. Bedréckend dann och d‘Menace déi op enger Bestellung vu 75 Eenheete läit. Déi protektionistesch Politik vum Donald Trump huet dozou gefouert, datt d‘US-Airline Delta bedréit ginn ass, Stroofzoll op de Fliger mussen ze bezuelen.

Dat alles matten an de Verhandlungen zur Reform vum NAFTA (Nordamerikanesche Fräihandelsaccord) tëscht Mexiko, USA a Kanada. Hei hunn d‘USA op Drock vu Boeing eng Kompensatioun vun 220% beim Import plus eng Antidumping-Tax vun 80% op dëse Fligertyp gefuerdert.

An och wann déi Zuelen ze bestätege bleiwen, se hunn Bombardier den Zougang zum US-Maart verhënnert. Dat zumindest ass d‘Usiicht vun der Wirtschaftsministesch vum Québec, Dominique Anglade. Do kënnt den Zesummeschloss mat Airbus grad richteg, well esou de Fliger um Standuert vu Mobile am Alabama ka gebaut ginn. Domatter entfalen d‘Strooftaxen.

Boeing beleidegt

D‘Partnerschaft tëscht Bombardier an Airbus verschaaft och der kanadescher Regierung ee bëssi Loft. De Justin Trudeau kann sech esou an aller Séilerou iwwerleeën op säi Land onbedéngt de Juegdfliger „super Hornet“ vu Boeing braucht. Eng Entscheedung déi natierlech mat der Ausriichtung vun der US-Handelspolitik ze dinn huet.

D‘Partnerschaft tëscht Bombardier an Airbus verschaaft och der kanadescher Regierung ee bëssi Loft.

Boeing hat alles ënnerholl fir Bombardier den Zougang zum lukrativen US-Maart ze verwieren. Mat dëser Entwécklung hunn d‘Amerikaner net gerechent. Boeing ass beleidegt, well d‘Rechnung net an hirem Sënn opgaangen ass“, erkläert de Walid Hejazi, vun der Universitéit zu Toronto. „Haut huet Boeing d‘Schluecht verluer“, esou de Premierminister vum Québec, Philippe Couillard. „An de Wäert vun der Bombardier-Aktie ass nees héich, och déi vun Airbus klëmmt. Just déi vu Boeing hëlt of“.

An tatsächlech huet op der Bourse zu Toronto, Bombardier e plus vu 17% matten am Nomëttegf verzeechent, während zur gläicher Zäit Boeing e Minus vu 1,42% op der Wall Street huet missen astiechen. Airbus huet zu Paräis och mat enger Hausse vun +4,83% ofgeschloss. Mee den Trump huet och gewonnen, ëmmerhi ginn eng Partie vun de Fliger an den USA gebaut.

mam Jacques Lemieux/AFP

Foto: © FSX Bombardier House

Ähnlech Sujeten Airbus, Boeing, Bombardier, NAFTA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel