Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ULC zu de Bank- a Postfraisen an den zouene Filialen
https://moien.lu/what-to-know-before-dating-a-nurse/ Money https://moien.lu/whos-dating-cardi-b/

online dating turns deadly

Wéi net anescht ze erwaarde koum et ulässlech zur Unhéierung

https://moien.lu/transgender-coventry-dating/
https://moien.lu/what-to-know-before-dating-a-nurse/ Money https://moien.lu/whos-dating-cardi-b/

Eng konstruktiv Entrevue tëscht CNFL an dem Taina Bofferding

Viru kuerzem hat d‘Ministesch fir d‘Gläichstellung tëscht Mann a Fra,

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!
https://moien.lu/what-to-know-before-dating-a-nurse/ Money https://moien.lu/whos-dating-cardi-b/

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!

Wéi d’Liewensmëttelsécherheet elo matdeelt soll de Produzent TADAL S.A. Säi

money

Welthandelsorganisatioun bestrooft EU wéinst Airbus-Subventiounen

D‘USA dierfen Douanestaxen a Milliardenhéicht op EU-Gidder erhiewen

Welthandelsorganisatioun bestrooft EU wéinst Airbus-Subventiounen

D‘Mediateure vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) hu gëschter zu Genève den Amerikaner d‘Recht zougesprach, wéinst illegaler Subventionéierung vun Airbus, Douanestaxe vu bis zu 100% op Wueren am Wäert vu 7 Milliarden ze erhiewen. A Washington wëll dat och schonn an dem 18. Oktober maachen. Domatter geet den Handelssträit tëscht der EU an den USA an eng nei Phas.

Fundéieren dinn dës Vergeltungsmoossnamen um WTO-Uerteel aus dem Mee 2018, mat deem de Sträit am Bezuch op eben d‘Airbus-Subventiounen, no 15 Joer dann elo endlech zum Ofschloss komme kann. Fir d‘Lescht waren d‘Subventiounen en Thema am Juli, wou Washington schonn op nei Douanestaxen „higewisen“ hat. D‘USA wëllen awer déi maximal Douanestaxen erhiewen.

Vu Washington aus heescht, datt ee méiglechst zäitno d‘Lëscht mat de betraffene Produiten op déi d‘Stroftaxen erhuewe gi wëll verëffentlechen. Gewosst ass datt beim Import vu Fliger eng Tax vun 10% soll ugewannt ginn, bei deene meeschten anere Produktgruppe wäerten et 25% sinn. D‘USA hu gesot si géifen net déi 100%-Regel uwennen, well een sech mat der EU wëll „arrangéieren“.

Schwaach Aussiichten

Am Juli hat et schonn Undeitunge ginn, datt een nieft der Taxéierung vu Produiten aus der Loftfaart och Kéis, Olivenueleg, Miel oder Orange géif mat Douanestaxe beleeën. Esou Taxe gi meeschtens op Wuere mat „Symbolcharakter“ ugewannt, wéi franséische Wäin oder Parmesan-Kéis aus Italien. Amerikaner üben nawell gären Drock op de Géigner aus, fir dësem kloer ze maache wie Chef ass.

De Schlichtungsausschuss vun der WTO muss elo – der Form wegen – nach alles ofseenen. Dann dierfen déi Douanestaxen esoulaang erhuewe ginn, bis d‘EU d‘Handelsverzerrungen déi hir virgeworf ginn, besäitegt huet. Aus Bréissel heescht et, datt dat längst geschitt wier, mee déi vun der WTO agesaten Experten déi dat préiwe sollen, sinn zanter August 2018 domatter beschäftegt.

Fir d‘EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström sinn déi vun den USA geplangte Stroftaxen de falsche Wee Verhandlungen ophuelen ze wëllen. Déi sollt een am géigesäitege Respekt ustriewen, wann d‘Zil soll sinn, datt ee sech wëll op eng Prozedur verstännegen an där kloer festgeluecht gëtt, wéi eng Ënnerstëtzung an Zukunft de Fligerhiersteller nach dierf zougedroe ginn.

Bibelfest

Wat deem enge Recht ass muss sech deen aneren net verbidden. An esou heescht et och 2019 – et stoung esou schonn an der Bibel – Aen ëm Aen, Zant ëm Zant. Douanestaxen si keng Waff déi een ongestrooft op säi Géigner riichte kann, firwat och säitens der EU, US-Gidder en neit Präisschëld ëmgehaange kréien. Hei och Fligerkomponenten, a wéi scho gesot Wuere mat Symbolcharakter…

Interessant dorunner ass, datt déi vun der EU geplangten Douanestaxen sech op en ähnlecht – och wéinst illegale Subventiounen – Uerteel stëtzen. D‘WTO hat enger Plainte vu Bréissel Rechnung gedroen an d‘USA fir seng Ënnerstëtzung vu Boeing veruerteelt. Iwwert de Montant gëtt sech wuel nach Gestridden, mee Bréissel mécht 12 Milliarden US-Dollar geltend. Et gëtt also spannend.

Et sinn allerdéngs d‘Konsumenten déi d‘Pan klaken. Woubäi keen deene eng Waff bei de Kapp hält fir Wueren aus den USA ze kafen, déi wahrscheinlech souwisou zu 90% a China hiergestallt oder mat Deeler aus China zesummegeschoustert goufen. Zudeem ass Airbus ass och ee gudde Client vun US-Entreprisen déi Komponente fir d‘Loftfaart hierstellen, also ass „nach ee gudde Client“…

mat indymedia/gva/nyc/bru

Foto: © OMC

Ähnlech Sujeten Airbus, Boeing, EU, Subventiounen, USA, WTO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel