Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Representantenhaus ass géint den Noutstand, an den Donald chillt mam Kim
israel dating websites dating websites hong kong

no profile pic on dating site

Well de Kongress him de Goss fir seng onséileg Mauer

male 38 dating cavan
israel dating websites dating websites hong kong

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Während sech Amerika vun den Iwwerschwemmungen déi den Orkan Harvey

OPCW bestätegt britesche Verdacht am Fall Skripal
israel dating websites dating websites hong kong

OPCW bestätegt britesche Verdacht am Fall Skripal

D‘Briten haten d‘Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW)

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren

Washington net erfreet iwwer „illegal“ Subventioune fir europäesche Fligerkonstrukteur

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren

Wéinst den ëmstriddene Subventioune fir Airbus, huet d‘US-Regierung gëschter domadder gedreet, Wueren aus der europäescher Unioun mat Douanestaxen ze beleeën. Et geet heibäi ëm Wueren am Wäert vu 4 Milliarden US-Dollar.

De Kaméidi am Bezuch op d‘Subventioune fir Airbus ass net nei. Ugefaangen huet datt Ganzt viru gutt 15 Joer, an zanterhier ass et net wierklech besser ginn. Mëtt Mee haten d‘USA vun der WTO (Welthandelsorganisatioun) Recht kritt, déi huet an engem „Uerteel“ bestätegt, datt d‘EU géint seng Verflichtunge verstouss huet. An schonn hei hat den Donald Trump d‘EU entspriechend gewarnt.

Gëschter huet de Büro vum Handelsbeoptragte vun der US-Regierung, Robert Lighthizer, eng nei Lëscht mat Gidder virgeluecht, déi mat Douanestaxe beluecht ginn. Et geet heibäi ëm Wueren an engem Wäert vu 4 Milliarden US-Dollar (ronn 3,5 Milliarden Euro). Dës Douanestaxe kéimen zu enger Lëscht vu Wueren am Wäert vun 21 Milliarden US-Dollar derbäi. An déi Taxe wiere legal…

Kuerze Réckbléck

Am Abrëll vun dësem Joer, hat Washington bei der WTO eng virleefeg Lëscht vu Gidder am Wäert vun 11 Milliarden US-Dollar virgeluecht, déi wéinst den illegale Subventioune sollte mat enger Tax beluecht ginn. Bréissel huet sengersäits mat enger eegener Lëscht vun US-Gidder reagéiert, déi och mat Douanestaxe kéinte beluecht ginn. An esou leeft dat Spill eigentlech scho 15 Joer laang.

Net ze vergiessen, datt den Donald Trump generell mat der EU onzefridden ass. Säin Argument am Sträit mat Bréissel: d‘EU wier Schold um US-Handelsdefizit (169 Milliarden US-Dollar 2018) an géif och soss „onfair“ Handelsbezéiungen zu den USA ënnerhalen. Dat well d‘EU net genuch an den USA akeeft. Trotzdeem war 2018, d‘EU op en neits hire wichtegsten Handelspartner.

D‘Hoffnung, datt et net zur Erhiewung vun dësen Douanestaxe kënnt, berout elo op de Schëllere vum WTO-Mediateur. Dee sollt iwwert méiglech extra Douanestaxen entscheeden. Vu Bréissel gouf et nach keng Reaktioun. Woubäi d‘EU den Ament och mat sech selwer an der Klärung, wien déi nei „Spëtzt“ iwwerhëlt, beschäftegt ass. An dësem Dossier dierft nach vill Tënt verbrauch ginn…

mat indymedia/was

Foto: E subventionéiert Flaggschëff? Airbus steet an der Kritik, well de Konstrukteur mat 18 Milliarden Euro subventionéiert ginn ass, wat der Entreprise um Weltmaart erhieflech Virdeeler géintiwwer dem direkte Konkurrent, dem US-Hiersteller Boeing, abruecht hätt.

Ähnlech Sujeten Airbus, Boeing, Douanestaxen, EU, USTR, WTO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel