Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher
Kultur Neiegkeeten Sport Stories

Berlin: Dat politescht Karussell vun den Aarschkrécher

D‘Bundeskanzlerin, Angela „Mutti“ Merkel, huet sech um Sonndeg zu Berlin

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban
Kultur Neiegkeeten Sport Stories

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban

Mat engem gemeinsame Bréif un de President vun der Europäescher

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht
Kultur Neiegkeeten Sport Stories

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht

Zuelräich Enseignanten, Presidente vu Schoulcomitéen, Direktere vu Primärschoulen a Lycéeen,

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck

Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck
© Florent Sadler
Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck
© Florent Sadler
Äishockey: Beaufort Knights géint Bulldogs vu Léck
© Florent Sadler

De Match, deen e Samschdeg um 19:30 Auer ugepaff ginn ass, huet sech vun Ufank un als een immens spannend Spill entpoppt! Den éischten, deen et gepackt hat de Puck am Goal ze placéiere war ee Spiller vun de Bulldogs deen seng Ekipp domadder mat 1:0 a Féierung geschoss huet.

D’Beaufort Knights hunn sech dat allerdéngs net gefale gelooss an sou koum et kuerz drop och zum ausgläichende Goal. Dësen ass geschoss gi vun der Nummer 9 WIDMAR duerch eng gutt Pass vun der Nummer 83 den T. HOLTZEN. D’Beeforter Männer hunn sech et net huele gelooss fir eng knapp 6 Minutten drop den 2-1 ze schéissen.

Doropshi war et och verständlech, dass d’Fans vun der Beeforter Ekipp, di erëm zu enger grousser Unzuel do waren, komplett aus Haisschen waren an hir Ekipp mat Geklapps, Getrommels a Gesang ugefeiert hunn. Just 3 Minutte virum Schluss vum éischten Drëttel ass et der Belscher Ekipp vu Léck awer nach gelongen den 2-2 ze schéissen.

Den Ufank vum zweeten Drëttel war fir béid Ekippen en kampfräiche Moment fir et ze packen di aner Ekipp ze ëmspillen an de Puck an de Goal ze kréien. No 12 vun 20 Minutten ass et der Lécker Ekipp dunn gelonge fir hiren drëtte Goal ze schéissen. Nëmmen 2 Minutten drop war et dunn awer nees eriwwer mat der Féierung vun der Belscher Ekipp. Déi Beeforter Spiller hunn den 3-3 Ausgläich geschoss. Sou ass et dann och mat engem Gläichstand an déi zweet Paus gaangen.

Opreegung pur!

An dëser Paus huet de Beeforter Trainer John Bierchen senger Ekipp nach eng kéier Kraaft geschenkt an si esou mat vill Stäerkt zeréck op d’Äis geschéckt sou dass seng Ekipp et och gepackt huet am lëschten Drëttel mat hirem véierte Goal a Féierung ze goen. 2 Minutte virum Schluss vum Match ass et awer nach ëmol spannend ginn! De Puck ass nach emol am Beeforter Goal gelant an – alles huet dono ausgesi, wéi wann dëst de leschte Goal wier an sech di zwou Ekippe mat engem 4-4 géifen trennen.

Dass d’Beeforter Knights et awer kuerz nom 4-4 Ausgläich vun de Lécker Bulldogs duerch en schnellt Spill gepackt hunn, sech d’Féierung erëm ze huelen, huet sämtlech Fans zum Ausflippe bruecht! Sou sollten et déi lescht Sekonne vum Spill sinn, an deenen d’Ekipp vu Beefort bei engem risegen Applaus de verdéngte 5-4 Gewënn erzielt hunn.

Nom Schlusspaff vun den Arbitter hunn sech di zwou Ekippen nach eemol hire géigesäitege Respekt gewisen an sech Merci fir d’Spill gesot. D’Gewënner hunn sech et natierlech och net huele gelooss bei hirem gutt besichtem Heemmatch eng Éiereronn iwwert Äis ze dréinen an och hire Fans mat engem Fauschtschlag Merci ze soen.

Als Ofschloss vum Owend ass nach ee „véierten Drëttel“ ugepaff ginn, bei dem an der Buvette mat gudder Musek, Flëssegkeet an Iessen de gewonnenen Heemmatch ausgibeg zelebréiert ginn.

Ween d’Beeforter Knights well live gesi kann dëst schonn haut den Owend um hallwer 9 zu Beefort op der Äispist wou se géint den Tornado Lëtzebuerg spillen.

Ähnlech Sujeten Äishockey, Beaufort Knights, Befort, Bulldogs, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel