Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Bildungsmonitor 2017: Lëtzebuerg schléit sech gutt – et kéint awer besser sinn!
Neiegkeeten Sport

Bildungsmonitor 2017: Lëtzebuerg schléit sech gutt – et kéint awer besser sinn!

Am Haus vun der europäescher Union um Krautmaart, ass um

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn
Neiegkeeten Sport

Matenaner Schwätzen: Eng éischt Analys vun der Sproocheronn

En Dënschdeg hunn de Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de

Verbuet vum Eewee-Plastik: Ee positiivt Enn ass a Siicht!
Neiegkeeten Sport

Verbuet vum Eewee-Plastik: Ee positiivt Enn ass a Siicht!

An noer Zukunft solle sämtlech Eewee-Plastikartikel an der gesamter Europäescher

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg
© Florent Sadler
Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg
© Florent Sadler
Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg
© Florent Sadler
Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg
© Florent Sadler
Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg
© Florent Sadler

Gëschter Owend koum et op der Beeforter Äispist zum Revaliteits-Match op deen d’Lëtzebuerger Äishockeysupporter scho laang gewaart hunn. D’Beaufort Knights hunn am Kader vun der Lëtzebuerger Meeschterschaft géint d’Tornado Lëtzebuerg gespillt. D’Sportler vun den zwou Ekippe kenne sech scho ganz laang a spillen och deelweis zesummen an der Lëtzebuerger Nationalequipe vum Äishockey.

De Match den direkt am Ufank vun der Woch op engem Méindeg Owend gespillt ginn ass war voller energie-gelueder Zuschauer, déi hiert Favoriten-Team mat Trommelen, Troteren a mat ganz vill Gesang ënnerstëtzt hunn.

Wéi de Match bis ugepaff war, konnt ee schonn direkt gesinn, datt dëst wuel ee ganz intensiven a spillräiche Match gëtt, bei dem sech keen eppes schenkt. Béid Ekippen hunn sech misse gutt Spillzich ausdenke fir et fäerdeg ze bréngen, di aner ze ëmspillen a mat engem gezielte Schoss op de Goal och dem Goalkeeper keng Chance méi ze ginn.

No ronn 6 Minutte Spillzäit am éischten Drëttel hunn d’Tornadoen et mat hirer Nummer 9 gepackt, dëst ze verwierklechen an esou sinn si mat engem 1-0 a Féierung gaangen. Hiert Gléck sollt awer net laang unhalen an seou koum et dann och 7 Minutte méi spéit zu engem richteg schéinem Goal vun de Beaufort Knights. Den 1-1 Ausgläich gouf geschoss vum MOSSONG C., deem dëse Schoss duerch eng exzellent Pass vu sengem Brudder, dem Mossong N., erméiglecht ginn ass. Mat dësem Gläichstand ass et dann och no 20 ganz interessante Minutte fir d’Spiller an d’Paus gaangen.

Um Ufank vun zweeten Drëttel goung et de Beaufort Knights dunn awer eng kéier ee Strapp ze séier an esou koum, et datt d’Tornado Lëtzebuerg et no 30 Sekonne gepackt huet, den 2-1 ze schéissen. De WIDMAR mat der Nummer 9 vun de Beaufort Knights huet et sech awer net huele gelooss fir seng Chance no 7 Minutten ze verwierklechen an seng Ekipp erëm mat engem 2-2 zu engem ausgeglachenem Spillstand ze bréngen. Eng 4 Minutte virum Schluss vum zweeten Drëttel huet de Beeforter hir Nummer 97 MOSR et dunn gepackt, seng Géigner ze ëmspillen an de Puck an de géigneresche Goal ze katapultéieren, sou datt et dono ausgesinn huet, datt d’Heemequipe mat engem Punkt Avantage géif an d’Paus goen. Hei gouf awer d’Rechnung ouni d’Tornadoen gemaach: d’Ekipp huet et fäerdeg bruecht fir eng Minutt virun der Paus den 3-3 ze schéissen.

De leschten Drëttel war dann awer méi an der Hand vun dem Tornado Lëtzebuerg déi sech et net wollten huele loossen hei ze gewannen. D’Beefort Knights hate wuel nach gutt Chancen an dësem Drëttel, mee se konnten et net méi realiséieren, dës Chancen a Goaler ëmzewandelen. D’Ekipp vun den Tornadoen huet et awer gepackt nach zwee gutt Spillzich a Goaler ze verwandelen. Dëst no 7 Minutten an no 13 Minutten, sou datt et dono 5-3 fir si stoung.

D’Beeforter Ekipp huet keng Taktik ausgelooss fir d’Spill nach eng kéier ëmzerappen an esou hunn si sech dofir entscheet, di lescht Minutt hire Goalkeeper eranzehuelen a géint hire Stiermer WIDMAR ze täuschen, sou datt si zu 6 Mann virum Tornado Goal de gréisst méiglechen Drock maache kënnen. D’Spill war leider net méi laang genuch fir de Puck nach eng kéier kennen an de géigneresche Goal ze drécken.

No insgesamt enger Stonn Spillzäit ass da mat engem 5-3 fir Tornado Lëtzebuerg een immens spannend a kämpferescht Spill zu Enn gaangen. Beid Ekippen, déi et net einfach an dësem Match haten, hunn sech hire géigesäitege Respekt nach eng kéier gewisen an sech fir deen interessante Match gratuléiert. D’Beaufort Knights hunn wie ëmmer hir Éiereronn gemaach an domadder all hire Supporter Merci fir hir Ënnerstëtzung gesot.

Wien d’Beaufort Knights demnächst nach emol um Äis wëll gesinn huet den 23 Februar d’Geleeënheet dozou. Um 19:30 Auer spille sigéint d’Red Roosters vu Charleroi aus der belscher Liga!

Ähnlech Sujeten Äishockey, Beaufort Knights, Befort, Match, Schlittschongspist, Sport, Tornado Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel