Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Garagisten hunn och e neie Kollektivvertrag
Neiegkeeten

D‘Garagisten hunn och e neie Kollektivvertrag

OGBL an LCGB hunn an engem gemeinsame Communiqué matgedeelt, datt

Virliesung mam Andreas Hoppe: Vun Hoffnung an dem Wollef
Neiegkeeten

Virliesung mam Andreas Hoppe: Vun Hoffnung an dem Wollef

Zesumme mat der Lëtzebuerger Nationalbiblithéik (BnL) an der Natur- a

Elektro-Mobilitéit: Wann d‘Welt op Lëtzebuerg bléckt
Neiegkeeten

Elektro-Mobilitéit: Wann d‘Welt op Lëtzebuerg bléckt

Am Kontext vu senger Aarbechtsvisite an den USA, hat de

D’Akerbauschoul zitt vun Ettelbréck op Gilsdref. Mee wat geschitt mam Patrimoine, deen do ze fannen ass?

D’Akerbauschoul zitt vun Ettelbréck op Gilsdref. Mee wat geschitt mam Patrimoine, deen do ze fannen ass?

Bis 2020 soll d’Akerbauschoul op Gilsdref plënneren. An hirer laanger Geschicht – et gëtt se zënter 1883 zu Ettelbréck – huet sech vill historescht Material do ugesammelt. Mee wat geschitt mat dësem fir eist Land esou wichtege Patrimoine?

Dës Fro huet d’CSV-Deputéiert Martine Hansen dem zoustännege Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, François Bausch (déi gréng), gestallt. A senger Äntwert weess de Minister ze berouegen: En Deel vun dësen Objeten kéinten am Agangsberäich vum neie Gebai ausgestallt ginn. Dorënner si laut dem Minister souwuel Biller, Fotoen, Kaarten a Bicher ze fannen. Detailer missten awer nach vun der Direktioun vun der Akerbauschoul an dem Educatiounsministère gekläert ginn.

Am Gebai zu Ettelbréck soll et weider lieweg bleiwen

D’Gebai, dat zu Ettelbréck steet, soll erhale bleiwen an ënner Denkmalschutz kommen. Eng Demande dofir soll laut dem Minister am Dezember 2017 agereecht gi sinn. Am Gebai selwer – souwéi am fréiere Pensionat Saint-Joseph an de Laboratioirë vun der ASTA – wäert sech awer eppes änneren. Esou soll do de Lycée Technique vun Ettelbréck nei Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt kréien. De Minister stellt weider an Ausbléck, datt een d’Kapell eventuell an eng Bibliothéik kéint verwandelen.

D’Mosaikfënsteren sinn iwwregens net a Gefor. Si sollen zesumme mat den aneren historeschen Elementer “mat der néideger Suergfalt” renovéiert ginn. Dëst geschitt an Zesummenaarbecht mam Service vun der nationaler Denkmalpfleeg.

Ähnlech Sujeten Akerbauschoul, Ettelbréck, François Bausch, Gilsdref, Martine Hansen, Nordstad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel