Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
Neiegkeeten

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi
Neiegkeeten

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi

Vergaangene Weekend huet de Sportminister Dan Kersch zu Abu Dhabi,

Wéi gutt kanns du d’Distanzen am Land ofschätzen?
Neiegkeeten

Wéi gutt kanns du d’Distanzen am Land ofschätzen?

Gëllen dinn d’Loftlinnen. Zum Erfaassen ass Geoportail geholl ginn. D’Distanze

Aktioun Bambësch fir Ouschteren

bis den 22. Februar kann ee sech nach aschreiwen

Aktioun Bambësch fir Ouschteren

Säit elo méi wéi véier Joerzéngten, bitt d‘Stad Lëtzebuerg de Butzen aus den Zykle 1.1. bis 4.2, déi an der Haaptstad wunnen, d‘Méiglechkeet sech un enger helle Wull u Fräizäitaktivitéiten, déi esouwuel e pedagogesche wéi spilleresche Volet begräifen, ze bedeelegen. Dës Aktivitéite gi vun der Stad ënnert dem Numm „Aktioun Bambësch“ nomëttes während der Schoulvakanz ugebueden.

Dës Aktivitéiten si gratis, gi vum CAPEL an dem Service „Schoulfoyeren“ vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert, an bereeden eise Krapperte vill Freed a Spaass. Op der Plaz selwer, ginn d‘Kanner vu jonke Mënschen – déi alleguerten eng spezifesch Formatioun absolvéiert hunn an ënnert der Opsiicht vun Educateure schaffen – guidéiert an animéiert. Dat ganzt ass eng eescht Ugeleeënheet.

Deelhuelen un der „Aktioun Bambësch“ grad ewéi d‘Benotze vun de Navetten, fir op all déi Plazen ze komme wou d‘Aktivitéite stattfannen, ass – fir et nach emol ze ënnersträichen – gratis. D‘Kanner kënnen sech déi Deeg un deenen si wëlle matmaache selwer eraussichen. Hei gëtt drop insistéiert, datt d‘Kanner sech aschreiwen, fir den Organisateuren eng Chance ze gi plangen ze kënnen.

Wat elo d‘Aktioun Bambësch fir Ouschtere betrëfft, esou fënnt déi vum 8. bis den 12. Abrëll statt, a wien dorunner wëll deelhuelen, muss sech bis spéitstens den 22. Februar ageschriwwen hunn. An dat geet super einfach iwwert de Site vum CAPEL (Fiche d‘inscription). Si méi Informatiounen néideg, dann einfach HEI KLICKEN, an dir gitt weider Detailer gewuer. War nach eppes..?

Allerdéngs! D‘Aktioun Bambësch fënnt net nëmmen iwwer Ouschtere statt, mee och am Summer an zum Joreswiessel. Am Summer leeft d‘Aktioun vum 15. Juli bis den 9. August, an hei muss ee sech bis de 24. Mee ugemellt hunn. D‘Aktioun zum Joreswiessel leeft vum 30. Dezember 2019 bis den 3. Januar 2020. Aschreiwe sollt ee sech heifir bis spéitstens den 22. November.

Ähnlech Sujeten Aktioun Bambësch, CAPEL, Kanner, Service Schoulfoyeren, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel