Search

You may also like

Vill Froen am Stater Gemengerot
Fail Neiegkeeten

Vill Froen am Stater Gemengerot

D‘Sëtzung vum Stater Gemengerot huet sech an groussen Zich emol

Esch-Uelzecht: de Camionnetten de Krich erkläert
Fail Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: de Camionnetten de Krich erkläert

Den Handwierker, oder vill méi de Camionnette vu den Handwierker,

Méi Steiergerechtegkeet elo!
Fail Neiegkeeten

Méi Steiergerechtegkeet elo!

Obwuel d‘Coronavirus-Kris alles anescht wéi iwwerstanen ass, gëtt eppes däitlech:

dislike

Aktioun géint Riets: Eng digital Krichserklärung

Rietsradikal Säiten op Facebook am Viséier

Aktioun géint Riets: Eng digital Krichserklärung

Si gehéiert zu deene berüchtegtsten Lëtzebuerger Säiten op Facebook. Net nëmmen deelt se konstant Fake News, mee si verëffentlech reegelméisseg Donnéeë vu Leit, déi se kritiséieren. Elo gouf hir de Krich erkläert.

D’Ried geet vu „Ech hun mäi Lëtzebuerg gär” [sic!], enger Säit, déi hannert der patriotescher Fassad Massen un Fake News a rietsradikal Contenuen verbreet. An deem Kontext stounge schonn Leit, déi rassistesch Kommentaren op der Page gemaach hu, viru Geriicht. Dëst huet och zu Veruerteelunge gefouert (Wort.lu). Den Hannermann vun der Säit selwer ass bei wäitem keen onbeschriwwent Blat (MaximeWeberBlog).

D’Zil ass d’Sperrung

Memes bis zum Weltraumkommunismus, déi eréischt viru kuerzem eng Facebook-Aktioun gestart haten, sinn elo an dëser Hisiicht aktiv ginn. Si ruffen dozou op, d’Page vun „Ech hun mäin Lëtzebuerg gären“, ze melle, fir datt se gespaart gëtt.

Ech hun mäin Lëtzebuerg gär

Foto: Screenshot/Facebook

Dorobber ugeschwat, wéi een Erfolleg se sech dovunner verspriechen, hunn se dëst geäntwert.

Mir wessen, dass d’Säit schon mei oft gemellt gouf, allerdéngs gouf et eises Wëssens no och nach nie eng grouss ugeluechten a koordinéiert Aktioun wéi déi doten. Et ginn och genuch Beispiller, wou sou massiv Melde-Aktioune gewierkt hunn: déi Fake-Anonymous-Säit “Anonymous Deutschland”, déi vun Nazie bedriwwe gouf, gouf sou och zougemaach. Wa genuch Leit matmaachen, hu mer eng gutt Chance. Mir wäerte gewannen, well de Weltraumkommunismus ass dem Faschismus ëmmer iwwerleeën!

An de leschte puer Woche war eis och opgefall, datt ëmmer erëm Profiller vu Leit gedeelt gi sinn, déi Ech hun mäin Lëtzebuerg gären kritiséiert hunn. Et ass eng typesch Taktik, fir politesch Géigner anzeschüchteren, esou Memes bis zum Weltraumkommunismus.

ehmlg probéiert leit, déi sech op iergendeng Manéier antifaschistesch oder lénks betätegen, anzeschüchteren. D’Stategie schéngt sinn, Leit déi bei lénke Säiten kommentéieren/liken ze screenshotten. Do ginn dann och mol Familjerelatioune oder Zougehöregkeeten zu Gruppen behaapt, déi guer net existéieren. An jo, et gi Leit direkt harceléiert a menacéiert. Mir fannen, Nee2015/Wee2050, déi déi ganz Polemik lancéiert hunn, sollte sech dovun kloer distanzéieren.

 

Op d’Aktioun tatsächlech vun Erfolleg wäert gekréint sinn, ass bis elo nach net sécher. Oft genuch ginn et Noriichten doriwwer, wéi lues Facebook op esou Saache reagéiert. Eréischt viru kuerzem gouf annoncéiert, datt méi Persounen agestallt géife ginn, fir problematesch Inhalter vun der Plattform ze läschen.

Related topics Alt-Right, Ech hun mäin Lëtzebuerg gären, Lëtzebuerg, Memes bis zum Weltraumkommunismus
Next post Previous post