Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De CESAS leet säin éischte Bilan vir
Neiegkeeten

De CESAS leet säin éischte Bilan vir

De CESAS (dat ass den Nationale Referenzzenter zur Promotioun vun

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?
Neiegkeeten

Wéi eng Serie solls de haut nach ufänken ze kucken?

Et ginn esou vill Serien, datt et oft schwéier ass,

De véierten Eisebunnspak steet an der Kritik vun der Salariatskummer
Neiegkeeten

De véierten Eisebunnspak steet an der Kritik vun der Salariatskummer

Iwwert de véierten Europäescht Eisebunnspak gouf scho vill diskutéiert. Esou

En Aktiounsplang fir d‘LGBTI-Communautéit

En Aktiounsplang fir d‘LGBTI-Communautéit

Bei der Sëtzung vum Staatsrot vum leschte Freideg, war et nieft dem Logement, dem nationalen Aktiounsplang „Frae, Fridden a Sécherheet“ fir d‘Ëmsetzung vun der UN-Resolutioun 1325, dem „Plan Directeur“ fir d‘Verdeedegung, engem nationalen Integratiounsplang, och ëm d‘Promotioun vun de Rechter fir déi lesbesch, schwul, bisexuell, transgenre an intersex (LGBTI) gaangen.

En Zäitpunkt, dee gutt gewielt war, huet dach Esch-Uelzecht – wéi all Joer – e Samschdeg de „Gaymat“ zelebréiert, an do ass d‘Nouvelle vum Aktiounsplang dann och begréisst ginn. D‘Ziler vun dësem Aktiounsplang sinn: d‘Ëmsetzung vun den Engagementer déi Lëtzebuerg geholl um internationalen Niveau geholl huet, d‘Koordinatioun vun de lafenden a zukünftegen Aktiounen.

Den Aktiounsplang soll déi rezent Etüden, an national wéi international Virschléi berécksiichtegen, déi d‘Organisatiounen, déi sech fir d‘Rechter vun der LGBTI-Communautéit asetzen, ausgeschafft hunn. Sënn an Zweck vum LGBTI-Aktiounsplang, ass et de Respekt an d‘Rechter vun der LGBTI-Communautéit ze fërderen. Heifir gëtt et dann och en interministerielle Comité.

Zesummeliewen zu Lëtzebuerg ass scho méiglech

En interministerielle Comité LGBTI, deen nach muss zesummegestallt ginn, an ënnert d‘Presidence vum Familljeministère gestallt gëtt. Zu sengen Attributiounen, gehéieren d‘Iwwerwaachung vun der Ëmsetzung vum Aktiounsplang, eng reegelméisseg Evaluatioun vun den Objektiver an Aktiounen, mee och d‘Ënnerbreede vu Virschléi, neie Prioritéiten, Objektiver a Mesuren.

Mat dëser Informatioun konnt de Premierminister Xavier Bettel zu Esch-Uelzecht d‘Participante vum Gaymat erfreeën, och wann hien huet misse feststellen, datt et d‘LGBTI-Communautéit net iwwerall esou „einfach“ huet wéi hei am Land. Lëtzebuerg kann awer fir déi aner Länner Beispill sinn. De Kampf fir d‘Rechter an de Respekt ass keen einfachen, an nach laang net eriwwer.

Et war dann och nees ee flotten a gutt besichten Event, deen um Samschdeg mam obligaten Ëmzuch duerch d‘Uelzechtstrooss säin Ufank geholl huet. An hei war et dann och net de Chamberwahle geschëlt, datt sech d‘Parteien um Parvis vum Hotel de Ville presentéiert hunn, déi sinn all Joers do. Lëtzebuerg huet de Virdeel, datt d‘LGBTI-Communautéit Parteiiwwergräifend ugeholl ass.

Foto: © moien.lu

Ähnlech Sujeten Aktiounsplang, Gaymat, LGBTI, Ministerrot, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel