Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Offiziell Aféierung vum Akt C45: Fir d’Teleconsultatioun mat Dokteren
Neiegkeeten

Offiziell Aféierung vum Akt C45: Fir d’Teleconsultatioun mat Dokteren

Och an der Medezin kënnt et duerch de COVID-19 zum

surprise
Esch 2022: Eigentlech sollt et esou e flotte Projet ginn
Neiegkeeten

Esch 2022: Eigentlech sollt et esou e flotte Projet ginn

Politesch gewollt och kulturell um Holzwee? Beim Projet Esch 2022

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet
Neiegkeeten

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun

Nationalen Aktiounsplang géint d‘Hepatite

Nationalen Aktiounsplang géint d‘Hepatite

Um Méindeg huet de Regierungsrot seng prinzipiell Zoustëmmung zum éischten nationalen Aktiounsplang zur Bekämpfung vun den Hepatite (PANHEL) ginn. Den Aktiounsplang ass fir den Zäitraum 2018-2022 festgeluecht ginn.

Fir d‘Gesondheetsministesch e wichtege Schratt, well Lëtzebuerg sech net d‘Moyene ginn hat fir Konsequent géint d‘Hepatite virzegoen. Dat trotz enger schwiereger Situatioun: ëmmerhi geet een zu Lëtzebuerg dovunner aus, datt bis zu 10.000 Persoune betraff solle sinn. Eng Situatioun déi ganz besonnesch d‘Drogenzeen hei am Land betrëfft.

Dat erkläert dann och firwat d‘Lydia Mutsch op den Drénglechkeetscharakter vum Aktiounsplang higewisen huet. Et wier dann awer, ugesicht der Zilgrupp, wichteg „inklusive“ Moossname virzegesinn, wann een dann och tatsächlech déi erreeche wëll, déi an der gréisster Risikogrupp dra sinn.

Vu Fakten an Zuelen

Erënnere mer dann nach dat d‘Hepatite e „Grupp vun Infektiounskrankheeten“ ass dee fënnef Typpe (A bis E) a sech begräift. Et sinn hei dann och déi viral Hepatite déi op globalem Niveau déi gréisste Problemer bereeden. Aktuell geet ee weltwäit vun 257 Millioune Mënschen aus déi mat enger Hepatite B liewen. 71 Millioune Mënschen si chronesch Träger vum Hepatite C Virus.

D‘Hepatite B & C ginn dann och als Ursaach fir den Dout vun 1,4 Millioune Mënschen (pro Joer) ugefouert. Dobäi ass ee sech zimlech sécher, datt déi Zuele wäit ënnerschätzt ginn. Dat läit zum engen dorunner, datt d‘Hepatite C oft onentdeckt bleift, vu datt hei eng Bluttanalys néideg ass. Esou ergëtt sech, datt vill vun den Infizéierten net emol wëssen datt se „Krank“ sinn.

Bei der WHO geet een dovunner aus, datt am Schnëtt nëmmen ee Fënneftel vun den Infizéierten héich Symptomer virweist. An och an esou Fäll gëtt oft keng Bluttanalys gemaach, well d‘Symptomer deene vun enger fatzeger Grippe gläichen. Wann se awer net behandelt ginn, kënnen d‘Hepatite B an C chronesch verlafen, zu Morbiditéit, enger Zirrhos oder Liewerkriibs féieren.

Dat misst net sinn, well et eng ganz Rëtsch u neie Medikamenter gëtt déi, esou d‘Experten, bis zu 95% vun den Infizéierte (Hepatite C) kéint heelen. Och d‘Impfung géint d‘Hepatite B wierkt bei 90% vun den Erwuessenen a 95% vun de Kanner. Dat zumindest sinn d‘Zuelen déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun virgeluecht ginn.

Drogenzeen akut betraff

Ee vun de wierkleche Problemer dee mer zu Lëtzebuerg hunn, ass datt et keng Zuele gëtt op déi ee sech kéint verloossen. Esou geet ee beim Gesondheetsministère vun enger Zuel tëscht 5.000 an 10.000 infizéierte Persounen aus. Besonnesch haart betraff wier d‘Drogenzeen, well de Virus iwwert d‘Blutt „weidergereecht“ gëtt.

Drogekonsum, Sex mee och d‘Iwwerdroung op d‘Kand bei der Schwangerschaft sinn also déi haaptsächlech Weeër vun der Infektioun. An d‘Lydia Mutsch ënnersträicht dann och d‘Suerge vum Ministère, dat ugesicht der Situatioun vun enger echter Epidemie ausgeet. Dat iwwregens am selwechten Ausmooss wéi den AIDS.

Verständlech, datt am Aktiounsplang besonnesch grousse Wäert drop geluecht gëtt, dës „Zilgrupp“ ze erreechen. Et sinn dann awer net nëmmen Drogekonsumenten déi sech der Hepatite aussetzen. Jonker, Homosexueller, Leit déi am Prisong sinn awer och bei de Migranten, ass d‘Infektiounsgefor héich, well sech net „geschützt“ gëtt.

Wat ze maachen ass

Fir den Aktiounsplang zum Erfolleg ze féieren, si fënnef strategesch Achse festgeluecht ginn, déi am Zäitraum 2018-2022 ëmgesat musse ginn. Eng national Koordinatioun soll d‘Ëmsetzung vum nationalen Aktiounsplang iwwerwaachen an iwwer d‘Fortschrëtter beriichten, an eventuell wou et néideg ass, och Korrekture virschloen.

Als éischt awer schéngt et noutwenneg eng detailléiert Analys vun der Situatioun ze maachen. Et soll méi prezis ermëttelt gi wéi grouss de Problem zu Lëtzebuerg tatsächlech ass, wéi eng Charakteristik déi betraffe Persounen opweisen, wéi eng Fäll méi heefeg sinn a mat wéi enger Inzidenz. Mat deenen Donnéeën erhofft ee sech eng gutt Preventiounsstrategie opzestellen.

Iwwerhaapt huet d‘Preventioun en héije Stellewäert am Aktiounsplang. Preventioun ass d‘Grondlag fir nei Infektiounen ze verhënneren, an dofir muss de grousse Public entspriechend informéiert ginn. Grousse wäert leet een am Ministère och op d‘Formatioun an d‘Ausbildung. Dat esouwuel am Beräich vun de Gesondheetsdéngschter wéi och an anere Beruffer, wéi beispillsweis den Tätowéierer.

Ugesicht der Tatsaach, datt d‘Infektioun mat Hepatite am Drogemilieu besonnesch héich ass, soll bei den aktiven a fréieren Drogekonsumenten och eng epidemiologesch, klinesch a verhalensbaséiert Etüd realiséiert ginn. Et gëtt sech erwaart, datt déi Informatiounen iwwert d‘Progressioun vun der Krankheet eng besser Prise en Charge vun de Betraffenen erméiglecht.

Zougang zur Behandlung

Als véiert Achs gëtt sech dem Zougang zur Behandlung ugeholl. Eng Prise en Charge, um psychosoziale a medezineschen Niveau soll d‘Morbiditéit an déi an Zesummenhang mat der Krankheet bruechte Stierffäll reduzéiert ginn.

Esou sinn am Aktiounsplang och sozial Moossnamen enthalen. Dat soll dozou féieren, datt den Accès zur Behandlung vereinfacht ka ginn. Och soll e Reseau „Hepatite“ opgebaut ginn.

Dee leschte Punkt bezitt sech op d‘Iwwerwaachung, d‘Fuerschung an d‘Evaluatioun. Den Aktiounsplang soll kontinuéierlech bewäert, d‘Schwaachstellen erkannt an eliminéiert ginn. Zudeem soll den nationalen Aktiounsplang Hepatite mat anere Pläng Synergien agoen. Esou dee betreffend den AIDS an dee vu den Drogen. Zesummenhäng sinn hei och ersiichtlech.

En nationalen Aktiounsplang kritt ee net geschenkt, an dofir gi fir déi fënnef Joer och 10 Milliounen Euro an de Grapp geholl. Elo wier et dann och gutt, wann déi „Betraffen“ déi ausgestreckten Hand géifen unhuelen. Besser ass et natierlech, wann een dann zu enger Risikogrupp gehéiert, sech (zumindest beim Sex) ze schützen. Virbeugen ass ëmmer besser wéi heelen.

Ähnlech Sujeten AIDS, Drogen, Gesondheetsministère, Hepatite, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel