Search

You may also like

money
De Covid19-Budget 2021 vum Pierre Gramegna
International Neiegkeeten

De Covid19-Budget 2021 vum Pierre Gramegna

De Gesetzprojet fir de Budget 2021 huet de Finanzminister Pierre

Diddenuewen wëll d‘sanitär Kris am Grëff behalen
International Neiegkeeten

Diddenuewen wëll d‘sanitär Kris am Grëff behalen

An der Regioun Grand Est, war en et déi Diddenuewener,

dislike
Den Donald Trump ass de Klimakiller
International Neiegkeeten

Den Donald Trump ass de Klimakiller

Och wann hien d’Spannung héich gehalen hat, spéitstens nom Bréisseler

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel

De Lëtzebuerger Justizminister Felix Braz huet am Kader vun der UN-Generalversammlung un der Reunioun zum Weltaktiounsplang géint de Mënschenhandel deel geholl. Op dëser Reunioun ass dann och déi politesch Deklaratioun géint de Mënschenhandel an d‘Uwennung vum Weltaktiounsplang vun de Vereenten Natiounen ugeholl ginn.

A senger Ried virun der Plenière vun der UN-Generalversammlung, huet de Felix Braz déi lëtzebuergesch Strategie am Kampf géint de Mënschenhandel virgeluecht. Eng Strategie déi sech an déi vun der europäescher Unioun afüügt an den Akzent setzt op: Schutz, Preventioun, Sensibiliséierung a Verfolgung vun den Auteuren.

Op nationalem Niveau, war den Aktiounsplang vum Nationale Comité vum Kampf géint de Mënschenhandel ausgeschafft ginn. Dee besteet aus de Vertrieder aus Justiz a Police, de Ministèren a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft. Ugeholl ginn ass de nationalen Aktiounsplang am Dezember 2016.

Den Text leet e besonnesche Wäert op d‘Formatioun vu Beamten. An dësem Sënn sinn dann och verschidde Formatioune vum nationalen Institut vun der ëffentlecher Administratioun organiséiert ginn. Membere vun der Justiz hunn Course besicht déi vun nationaler Magistraturschoul ugebuede goufen.

Engagement brauch Zesummenaarbecht

De Justizminister huet och d‘Noutwennegkeet ënnerstrach, Efforten op globalem Niveau ëmzesetzen a huet op e neits d‘Engagement vu Lëtzebuerg bestätegt, all Initiativ ze ënnerstëtzen déi an dem Sënn getraff gëtt. Dat notamment duerch déi europäesch Institutiounen, mee och de Vereenten Natiounen.

Bedeelege wëll sech Lëtzebuerg um Finanzement an der Ëmsetzung vu kooperativen Interventioune bei der Entwécklung.

Bedeelege wëll sech Lëtzebuerg dann och um Finanzement an der Ëmsetzung vu kooperativen Interventioune bei der Entwécklung. Hei méi prezis an de Regioune vun der Welt déi besonnesch ufälleg fir de Mënschenhandel sinn. D‘UNO, duerch seng zu Wien baséiert Organisatiounen, spillt hei dann awer déi wesentlech Roll. Indispensabel am Kontext vun der aktueller weltpolitescher Situatioun.

De Felix Braz hat dann och d‘Opportunitéit ergraff, während der Entrevue mam UN-Generalsekretär António Guterres, op d‘Wichtegkeet an d‘Erausfuerderunge vum Kampf géint de Mënschenhandel anzegoen.

De Mënschenhandel, erkläert

Am Alldag gëtt de Begrëff „Mënschenhandel“ oft gebraucht mee Verschiddenes dorënner Verstanen. Emol ass et Prostitutioun, emol Migratioun a Mënscheschmuggel. Och de „Verkaf“ vu Sportler, besonnesch am Fussball gëtt gären als „Mënschenhandel“ betruecht.

An obwuel al dës Phänomener aus den ënnerschiddlechste Grënn kritiséiert kënne ginn, handelt et sech heibäi net ëm de sougenannte Mënschenhandel. En entsprécht einfach net dem rechtleche Begrëff. Et ass nämlech net d‘Aart vun der „Beschäftegung“ déi als Mënschenhandel bezeechent ka ginn. Villméi sinn et d‘Konditiounen ënnert deenen eng Aarbecht ausgefouert gëtt, déi d‘Definitioun bestëmmen.

MënschenhandelProstitutioun, d‘Aarbecht um Bau oder an engem Schluechthaus, fir e puer Beispiller ze ernimmen, sinn net grondsätzlech mat Mënschenhandel gläichzesetzen. Gläichzäiteg kann awer grad an dëse Branchë Mënschenhandel stattfannen.

De Begrëff „Mënschenhandel“ beschreift Forme vun der Ausbeutung vu Mënschen, woubäi et oft noutwenneg ass, datt déi grenziwwerschreidend stattfënnt. Dat heescht, datt eng Persoun vun engem Land an en anert bruecht gëtt, mam Zil se auszebeuten. Mënschenhandel ass eng Strofdot a schwéier Verletzung vun de Mënscherechter.

Dozou gehéieren:

  • Zwangsaarbecht a verschiddene Branchen, wéi de Bau, Biergbau, Fëschindustrie mee deels och Gastronomie a méi reegelméisseg als Hauspersonal
  • Scholdknechtschaft (oft betraff Wanderaarbechter)
  • Kannerzaldoten
  • Kanneraarbecht
  • Forme vu sexueller Ausbeutung vu Kanner, inklusiv der kommerzieller sexueller Ausbeutung
  • Erzwonge Prostitutioun
  • Organhandel

mam SIP/Humbold Universität Berlin

Foto: De Justizminister Felix Braz mam UN-Generalsekretär António Guterres © Evan Schneider/UN

Related topics Antonio Guterres, Felix Braz, Mënschenhandel, UN-Generalversammlung, Vereente Natiounen
Next post Previous post