Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Marilyn Manson, R Kelly, Jared Leto – Wann däin Liiblinsgsartist problematesch ass!
luna dating Neiegkeeten

https://moien.lu/theo-james-dating-woodley/

„Don’t break Don’t break my heart And I won’t break

dating parker knives
luna dating Neiegkeeten

Europäescht Parlament verfollegt eng geféierlech Politik

Vun de Vereenten Natiounen an der internationaler Organisatioun fir d‘Migratioun

F91 Diddeleng vs Betis Sevilla: Eng gutt Virstellung
luna dating Neiegkeeten

F91 Diddeleng vs Betis Sevilla: Eng gutt Virstellung

Den zweeten Dag vun der Europa League, huet déi Diddelenger

Aktiounswoch fir de Klima: Den OGBL ënnerstëtzt dëse Schrëtt!

Aktiounswoch fir de Klima: Den OGBL ënnerstëtzt dëse Schrëtt!

Fir d’Woch vum 20. September op de 27. September rifft „Fridays For Future“-Beweegung zu enger weltwäiter Aktiounswoch op, fir esou fir d’Anhalung vum Paräisser Klimaofkommes a fir eng volontaristesch Politik, zugonschte vu méi Klimaschutz a méi Klimagerechtegkeet, ze demonstréieren. D’Aktiounswoch vu „Fridays For Future“ gëtt och vum Internationale Gewerkschaftsbond (IGB) ënnerstëtzt.

Den OGBL deelt voll a ganz d’Fuerderunge vun der onbedéngter Anhalung vun der am Paräisser Ofkommes festgehalene Klimaziler (Begrenzung vun der Äerderwiermung op 1,5 °C géigeniwwer der virindustrieller Ära, Nettonullemissioune bis 2050) an d’Fuerderungen no enger ambitionéierter Klimaschutzpolitik.

Klimaschutz geet allerdéngs just sozial. De Wee an eng kuelestoffaarm Zukunft muss gerecht gestalt sinn an dierf keen zeréck loossen. Den OGBL wëll an dësem Zesummenhang u folgend Fuerderungen erënneren:

déi ekologesch Transitioun muss national an an all eenzelem wirtschaftleche Secteur prospektiv virbereet ginn. Schonn elo musse Moossnamen am Beräich vun der Sécherung vun de beruffleche Parcoursen an der berufflecher Weiderbildung virgesi ginn;

steierlech Moossnamen am Beräich vum Klimaschutz musse sozial Gerechtegkeet garantéieren an net an éischter Linn zum Kafkraaftverloscht fir de Verbraucher féieren. Besonnesch muss eng gerecht Bedeelegung vun de Betriber virgesi ginn;

d’Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport muss vun engem Ausbau vum Netz an enger Verbesserung vun der Qualitéit begleet ginn, fir méi Mënschen dozou ze bréngen (oder et hinnen iwwerhaapt eréischt ze erlaben) op den ëffentlechen Transport ëmzesteigen;

ëffentlech Investitiounen an erneierbar Energien, Ekotechnologien, sou wéi Fuerschung an dësem Beräich musse verstäerkt ginn;

den Energieberäich muss een ëffentlechen Déngscht bleiwen an een Zougank zur Energie fir all Bevëlkerungsschichte garantéiert bleiwen.

Zur Ënnerstëtzung vun dëse Fuerderungen a méi Ustrengungen am Beräich vum Klimaschutz allgemeng, bedeelegt sech den OGBL an engem breede Bündnis un der Verbreedung vun enger nationaler Demonstratioun am Kader vun der internationaler Klimaaktiounswoch. Dës gëtt um 27. September um 15:00 Auer ënnert dem Motto „United for Climate Justice“ an der Stad Lëtzebuerg stattfannen. Den OGBL rifft dozou op, sech massiv un dëser Demonstratioun ze bedeelegen.

Weider Detailer iwwert d’Route an den Oflaf kommen deemnächst.

Matgedeelt vum OGBL – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aktiounswoch, Fridays for Future, Klimastreik, OGBL, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel