Search

You may also like

Charly – Ee Buch fir Kreativer mat Loscht no neiem Wëssen
Neiegkeeten

Charly – Ee Buch fir Kreativer mat Loscht no neiem Wëssen

Kennt Dir de Charly schonn? Si hunn mengem Meedchen eng

déi jonk gréng: Energiewend a Bekämpfung vun Aarmut
Neiegkeeten

déi jonk gréng: Energiewend a Bekämpfung vun Aarmut

Vergaangene Freideg hunn déi jonk gréng hir jäerlech Generalversammlung gehalen

Elteren op Facebook versus Educatiounsminister
Neiegkeeten

Elteren op Facebook versus Educatiounsminister

Nodeems sech scho virun der Allerhellegevakanz esou zimmlech all Gewerkschaft

Éischt Aktiounswoch zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet

Éischt Aktiounswoch zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet

Méi zur sexueller an affektiver Gesondheet gewuer ginn an d’Ëffentlechkeet zum Thema sensibiliséieren si just e puer vun de Missiounen, déi bei der éischter Woch zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet ervir gehuewe ginn. Vum 2. bis den 9. Dezember wäert de CESAS, zesumme mat aneren Acteuren an dësem Beräich divers Aktivitéiten, Workshops a Konferenzen ubidden.

Fir d’Joer 2019 ofzeschléisse proposéiert den nationale Referenzzentrum zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet (CESAS) seng nei Aktiounswoch, duerch déi eng holistesch a positiv Approche zur Sexualitéit entwéckelt soll ginn. Och déi sexuell Gesondheet dréit zu enger verbesserter Liewensqualitéit an dem Wuelergoe vun all eenzeler Persoun bäi.

Vum 2. bis den 9. Dezember 2019 huet dofir d’Ëffentlechkeet an all professionell Persoun d’Méiglechkeet déi verschidde Facette vun der sexueller Gesondheet kennenzeléieren. Folgend Aktivitéite gi gebueden:

  • Méindes, den 2. Dezember: Dag zum affektiven a sexuelle Liewe vun eelere Persounen
    A Kollaboratioun mam Roude Kräiz an Help
    Ausgebucht – Op d’Waardelëscht kënnt een iwwert contact@cesas.lu
  • Dënschdes, den 3. Dezember: „Sexualitéit an Handicap“
    Ee ressourcenorientéierten Zougang zur Sexualitéit (DE/LU)
    Zesumme mam Ute Thiltgen-Tauchhammer, Diplompsychologin, Sexualpedagogin (ISP Wien) an dem Vanessa Heinen, Sexualpedagogin
    Umelle sollt ee sech HEI 
  • Mëttwochs, den 4. Dezember: Affektiv a sexuell Gesondheet a Professioneller am Geosndheetsberäich
    Ee Workshop fir Medezinner, Infirmièren/Infirmieren, Hiewanen, Fleeger asw
    Umelle sollt ee sech HEI 
  • Mëttwochs, den 4. Dezember: LEZ GAME
    Spillowend ronderëm d’Themen Sexualitéit, Gefalen, Virbeugung bei de Fraen
    Organiséiert vun CIGALE an dem CESAS
    Umeldung ënnert info@cigale.lu 
  • Donneschdes, de 5. Dezember: „Parler Plaisir“
    Presentatioun vum Spill LEZ GAME: Sexualitéit, Gefalen a Virbeugung bei Lesben, Bisexuellen a Quer-Fraen
    Umelle sollt ee sech HEI 
  • Freides, de 6. Dezember: Handicap a sexuell Gesondheet
    Interaktiv Atelieren zum Ëmgang mat handicapéierte Persounen (FR)
    Umelle sollt ee sech HEI 
  • Freides, de 6. Dezember: Slow Dating – Mënsche kenneléieren an ee gemittlechen Owend zesumme verbréngen
    Organiséiert vun Info-Handicap a Partneren
    Ausgebucht – Op d’Waardelëscht kënnt een iwwert contact@cesas.lu 
  • Samschdes, den 7. Dezember: Gläichstellung am Sport
    Virféierung vun engem Schüler-Filmprojet an Diskussiounsronn, wéi een mat Viruerteeler am Sport ëmgoe soll (LU)
    Umelle sollt ee sech HEI 
  • Méindes, den 9- Dezember: Konferenzdag zur sexueller Gewalt
    Organiséiert am Kader vun der Orange Week (FR, Iwwersetzung op DE)
    Umelle sollt ee sech HEI

    Weider Informatiounen an de komplette Programm vun de gratis Aktivitéite fannt Dir op www.cesas.lu an fir den direkten Download HEI.
Related topics Aktiounswoch, Aktiounswoch zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet, Atelier, CESAS, Cigale, Konferenz, LEZ GAME, nationale Referenzzentrum zur Promotioun vun der sexueller Gesondheet, Orange Week, Sexualitéit, Workshop
Next post Previous post