Search

You may also like

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“
International Neiegkeeten

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“

Ei wat ass dat eloten e lecker Kärel, dréif Blond

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion
International Neiegkeeten

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion

E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun

Flächendeckende Covid19 Test geet an eng nei Ronn
International Neiegkeeten

Flächendeckende Covid19 Test geet an eng nei Ronn

Bei der Presentatioun vum Bilan betreffend den 1. Flächendeckenden (LST)

Aktiv Stierfhëllef och fir Kanner

Mam Euthanasiegesetz hunn Elteren an Holland d‘Recht hir doudkrank Kanner ze „erléisen“

Aktiv Stierfhëllef och fir Kanner

Et ass en Tabuthema, a ganz besonnesch déi klerikal Kräften, dierften nees mat bekannten an esou och bewäerten Argumenter der Welt erklären, firwat esou eppes net tolerabel ass. Wann d‘Leed däi Kapital ass, muss et wuel esou sinn. Elo leiden an Holland awer net méi an net manner Mënschen un onheelbare Krankheete wéi anerwäerts, an ee Recht op e wierdegen Dout sollt engem zoustoen.

An dësem Punkt sinn d‘Hollänner ville anere viraus. Am Géigesaz zu de meeschte Länner an der Unioun, hunn si ee Gesetz, dat et den Dokteren erlaabt – ënner ganz kloren Oplagen – de Patient mat enger déidlecher Sprëtz vu sengem onerdréiglechen an/oder aussiichtslosem ze erléisen. 2002 war Holland dat éischt Land weltwäit, datt déi aktiv Stierfhëllef gesetzlech gereegelt hat.

Sengerzäit war Holland och nach dat éischt Land, datt mam sougenannten „Groninger Protokoll“ d‘Méiglechkeet geschafen, d‘Liewe vun onheelbar kranken Neigebuerene bis zu 12 Méint jonke Bëbeeën ze beendegen. Et waren dann awer eis belsch Noperen, déi d‘Recht op aktiv Stierfhëllef, fir Kanner, agefouert hunn. D‘Parlament zu den Haag huet sech elo och fir dëse Wee entscheet.

2021 soll d‘Gesetz zur Euthanasie fir Kanner agefouert ginn. Et ass dann och net esou, datt een elo an Holland maache ka wéi et engem Passt, d‘Doktere ginn hei ganz streng kontrolléiert. All aktiv Stierfhëllef muss enger iwwerwaachender Verwaltung gemellt ginn. Domadder hunn d‘Kanner elo datselwecht Recht op ee wierdegen Dout, wéi et dat jo scho fir déi Erwuessen zanter 18 Joer gëtt.

Wann ee sech richteg unzeleeë versteet

Am Géigesaz zu villen anere Länner, a ganz besonnesch dem klerikal dominéierte Lëtzebuerg, wou d‘Trennung tëscht Kierch a Staat eréischt rezent an och net wierklech vollzu gouf, ass Holland wäit iwwert d‘Mëttelalterdenken eraus. D‘Euthanasiegesetz, ass dann och net iwwer Nuecht agefouert ginn. Et gouf 30 Joer laang an der Gesellschaft – deels och ganz hefteg – d‘Euthanasie debattéiert.

Dat hat dann och den immense Virdeel, datt haut all d‘Bierger an Holland eng Meenung zu dësem (Tabu)Thema hunn. Besonnesch déi jonk Generatiounen, wëll de Sujet „aktiv Stierfhëllef“ steet um Schoulprogramm. Dat ass den Ament hei zu Lëtzebuerg onvirstellbar, an eigentlech Beweis genuch, datt et mat der Trennung tëscht Kierch a Staat net klappe wëll. Et ass ee jo Berodungsresistent…

An Holland – dat aus reliéiser Siicht Calvinistesch orientéiert ass – hat de „groussen Debat“ dann awer zur Folleg, datt eng grouss Majoritéit hannert dem Gesetz steet. Onerdréiglecht, aussiichtsloost Leiden, ass fir déi iwwerwältegend Majoritéit vun den Hollänner schlicht net „gottgegeben“. Si gesinn net an, datt Mënschen sech iwwer Woche solle Quälen, wann et valabel Alternative gëtt.

Selbstbestëmmung ass de Feind vun all Relioun

Wärend de Lëtzebuerger Klerus sech mat Hänn a Féiss géint all Form vu Selbstbestëmmung wiert, an d‘Politik dat och nach duerch „näischt soen“ matdréit, sinn d‘Hollänner an d‘Belsch längst an enger neier gesellschaftlecher Dimensioun ukomm. Besonnesch bei der Selbstbestëmmung hunn d‘Hollänner géintiwwer dem Rescht vun der Welt mindestens ee Joerhonnert Virsprong.

Esou ass den Hollänner: dee wëll selwer iwwert d‘Gestaltung vu sengem Liewen entscheeden, an esou och folgerichteg iwwert d‘Ausscheeden aus eben dësem Liewen. Datt ass hinnen immens wichteg – an dat sollt et eis och sinn. Mat nach aktuelle Gesetz, konnt d‘Euthanasie am dem 12. Liewensjoer ugewannt ginn an zanter ee puer Joer, och bei Neigebuerenen a Bëbeeë bis 12 Méint.

Mat dem neie Gesetz gëtt elo och dat „Lach“ gestoppt, wou et nach gesellschaftlech tolerabel war, Mënschen tëscht dem 13 Mount an dem 12. Liewensjoer onermiesslech Qualen zouzemudden. Dat ass gutt, gerecht a sollt eis ee Beispill sinn. Mee et wäert keen aneren doriwwer beriichten. Datt wëll de Bistum net, dat wëll d‘Regierung net, an ausser de Pirate wëll och an der Chamber keen et.

mat indymedia/ams

Illustratioun: © Andreea Popa / unsplash

Related topics Aktiv Stierfhëllef, Euthanasie, Groninger Protokoll, Holland, Selbstbestëmmung
Next post Previous post