Search

You may also like

Eis Geschäfter, Eis Aarbechtsplazen, Eis Zukunft!
Neiegkeeten

Eis Geschäfter, Eis Aarbechtsplazen, Eis Zukunft!

Mat dësem Motto huet déi gréisste Gewerkschaft am Land, den

money
Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus
Neiegkeeten

Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus

E Freideg hu mir zu London e ganz speziellen Dag

Schoulrentrée 20/21: Wéi ass den éischte Moien ofgelaf?
Neiegkeeten

Schoulrentrée 20/21: Wéi ass den éischte Moien ofgelaf?

Haut de Moien duerft d’Press, zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch

Aktiven Naturschutz fir jiddwereen – D’Verbreedung vum Sprangkraut stoppen

Och an dësem Joer luet den Naturpark Our, zesumme mam Natur- & Geopark Mëllerdall dozou an, der Verbreedung vum drüsege Sprangkraut entgéint ze wierken an esou den natierlechen Aarten Loft fir ze ootmen ze ginn. Vum 25. Juli bis den 29. August gi Kleng a Grouss all Samschdeg Moien invitéiert, un der Aktioun deelzehuelen.

Dat drüsegt Sprangkraut (Impatiens glandulifera) kënnt nämlech eigentlech aus dem Himalaya a gouf Enn vum 19. Joerhonnert an Europa bruecht. D’Imker an Hobbygäertner hunn déi faarweg Bléien immens schéi fonnt, hunn awer déi staark Ausbreedung vun der Planz net berécksiichtegt. Mëttlerweil gëllt d’Sprangkraut als invasiv Aart: Et ass besonnesch konkurrenzfäeg a verdrängt heemesch Aarten.

Dobäi kënnt, datt d’Planz sech rasant laanscht d’Waasser verbreet. Eng Planz kann nämlech bis zu 4.000 Somkäre Produzéieren, déi bis zu 7 Meter wäit geschleidert ginn. Hir kuerz Wuerzele féieren laanscht d’Waasser oft zur Buedemerosioun.

Sprangkraut

D’Bléi vum drüsege Sprangkraut © André Karwath aka Aka (CC BY-SA 2.5)

Wëllt Dir Zäit dobausse verbréngen a gläichzäiteg eppes zum Naturschutz bäidroen, dann ass dës Aktivitéit genee dat Richtegt fir Iech! Bis Enn August gëtt all Samschdeg vun 9:00 bis 12:00 Auer d’Sprangkraut ewech geholl. Denkt drun, wéinst der Pandemie, Händschen an eng Mask matzebréngen.

D’Umeldung am viraus ass obligatoresch:

Naturpark Our

Natur- & Geopark Mëllerdall

Opmaacherbild © Raymond Clement

Related topics Aktivitéit, Himalaya, Impatiens glandulifera, Invasiv Aart, Natur- & Geopark Mëllerdall, Naturpark Our, Naturschutz, Planz, Sprangkraut, Umeldung
Next post Previous post