Search

You may also like

En éischten Accord Collectif de Travail fir d‘Salariéeë vum LISER
Meenung Neiegkeeten

En éischten Accord Collectif de Travail fir d‘Salariéeë vum LISER

Leschte Freideg huet den OGBL als eenzeg representéiert Gewerkschaft an

Migrante vun der Alan Kurdi zu Malta ukomm
Meenung Neiegkeeten

Migrante vun der Alan Kurdi zu Malta ukomm

Fir d‘Migranten u Bord vum däitsche Rettungsschëff Alan Kurdi ass

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi
Meenung Neiegkeeten

Saudiarabien: Déi „rout Linn“ am Dossier Khashoggi

Déi sëllechen Opriff, d‘Verantwortung vum saudesche Krounprënz Mohammed ben Salmane,

Editorial: Bëllegen Aktivismus oder berechtegt Kritik?

Editorial: Bëllegen Aktivismus oder berechtegt Kritik?

Op Facebook an Twitter, hunn déi zwee Deputéiert vun der Pirate-Partei eng „Vermësstemeldung“ verëffentlecht. Mat eppes Ironie weisen si drop hinn, datt de Premierminister Xavier Bettel zanter de Budgetsdiskussiounen net méi erbléckt gouf, an et géif ee sech esou lues Suerge maachen…

Elo ass et tatsächlech éischte seelen, datt de Premierminister net bei de Budgetsdiskussiounen an der Chamber uwiesend ass. Anersäits gëtt et kee „Protokoll“ deen de Premier zur Participatioun néidege géif. Elo gëtt et dann och fir dës Absence bestëmmt een oder méi gutt Grënn, mee wann ee sech déi eppes ugespaante politesch Situatioun am Land méi genee ukuckt, ass dat Schwiereg.

Hätt de Premierminister seng Absence misse justifiéieren? Eng „Mussesaach“ ass et sécherlech net, mee et wier duerchaus begréissenswäert gewiescht, zumindest ugesiichts dem neien Toun deen sech um Krautmaart breet gemaach huet. Et gëtt och ëm dat grousst Ganzt, well vill vun der Kritik déi géintiwwer dem Budget zum Ausdrock komm ass, war an ass duerchaus berechtegt.

Gutt, d‘Koalitiounsregierung war sech hirer Majoritéit bewosst, an de Budget ass dann och mat den 31 Stëmme vun der Koalitioun ugeholl ginn. D‘Oppositioun werft dem Finanzminister vir e Budget ouni Substanz virgeluecht ze hunn, während de Pierre Gramegna säi Budget als grondleeënd a Weeweisend fir méi sozial Gerechtegkeet trotzt ugestriefter Klimaneutralitéit presentéiert huet.

Hätt de Xavier Bettel do nach eppes missen drop leeën? Ass et iwwerhaapt dem Premier seng Missioun de Budget ze verdeedegen? Zwou Froen déi sech, jee nodeem wou ee politesch steet, ënnerschiddlech beäntwerte loossen. Fir d‘Majoritéit ass alles wat zum Budget gesot ginn an dofir huet et jo och ee Rapporter, dee fir seng sozial Komponent parteiiwwergräifend gelueft gouf.

Fir d‘Oppositioun awer, muss sech och de Regierungschef bei esou wichtege Sëtzunge weisen, an falls „ugeschwat“ och der Diskussioun stellen. Ass deen net do, da kann een schonn eppes verstoen, datt et bei deem engen oder aneren d‘Gefill gëtt „mat Maueren ze schwätzen“. Wéi och ëmmer, et war keng Obligatioun, mee et dréit derzou bäi, datt laanscht den eigentleche Sujet geschwat gëtt.

Related topics Aktivismus, Budget, Kritik, Piraten, Premierminister, Xavier Bettel
Next post Previous post