Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft
Neiegkeeten

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Den neie Weltmeeschter am Compound-Bouschéisse kënnt aus Lëtzebuerg a n

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun
Neiegkeeten

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun

Och zu Lëtzebuerg leeft zënter enger gudder Woch net méi

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer
Neiegkeeten

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer

Zum 10te Gebuertsdag vun der Cité Bibliothéik huet de Schäfferot

Wann der d‘Aktualitéit de Bilan muedebëtzeg mécht

Héich Uspréch, gesellschaftlech Erausfuerderungen an de politeschen Optrag

Wann der d‘Aktualitéit de Bilan muedebëtzeg mécht

Déi parlamentaresch Fraktioun vun déi gréng, ënnert der Leedung vum Josée Lorsché, hat gëschter op de Bilan agelueden. De Choix vum Standuert huet erfreet. Esou gouf d‘Pressekonferenz am Konschtatelier vum Sophie Medawar zu Bouneweg ofgehalen, a wien dat nach net kennt, sollt sech emol op der Plaz ëmkucken. Mee ëm d‘Konscht ass et gëschter net gaangen…

Et ass déi zweet Legislaturperiod a Folleg, wou déi gréng un der Regierung bedeelegt sinn. Hale mir hei séier fest, datt sech d‘Fraktioun bei de leschte Chamberwahlen zolidd verstäerkt huet, firwat et sechs nei Gesiichter um Krautmaart gëtt, an d‘Partei fënnef zousätzlech Ressorten iwwerdroe kritt huet. Déi gréng stellen zudeem mam Djuna Bernard déi jéngsten Deputéiert an der Chamber.

Hir Politik schéngt deemno beim Bierger ukomm ze sinn an esou wéi et d‘Josée Lorsché zum Ausdrock bruecht huet, ass dat en Optrag deen esouwuel mat vill Verantwortung verbonnen, wéi och zolidd Erausfuerderunge mat sech bréngt. Si stellen an der Koalitiounsregierung 5 Minister an hunn d‘Presidence iwwert déi 6 Kommissiounen déi mat dëse Mandater verknäppt sinn.

Wann ee vu lauter Bësch de Bam net gesäit

An elo kéint een sech den Ausféierunge vun der Fraktiounspresidentin zu den ënnerschiddleche Kommissiounen, de Rapporten, Avisen, parlamentaresche Froen a wat et soss nach alles um Krautmaart esou gëtt uschléissen, géif et do net den Ament e gréisseren Dissens. Zum engen d‘Affär ëm déi ominéis Fichieren/Casieren an elo och nach de Mëssel mat der Verfassungsreform.

Mee och dee beschte Bilan kann sech enger Aktualitéit net an de Wee stellen, an esou flott et och ass op Logementskris, Klimanoutstand, Jugendschutz an/oder Justizreform anzegoen, d‘Land huet den Ament aner Diskussiounsthemen. Dat ass de Skandal no Bekanntginn, datt Justiz an Police iwwer „geheim Datebanke“ soll verfügen, an d‘Verfassungsreform mat sengem Referendum.

Hei gëtt dann op en Neits versprach datt ee sech fir d‘Opklärung asetzt an un engem Gesetzprojet schafft mat deem Grondsätzleches soll definéiert ginn, ouni datt d‘Aarbecht vun der Police an/oder der Justiz behënnert gëtt. Wat d‘Verfassungsreform ugeet, esou géif ee bedaueren, datt sech d‘CSV net méi un de parteiiwwergräifenden Accord hält, firwat de Referendum kéint a Fro gestallt ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Casier-bis, déi gréng, parlamentaresche Bilan, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel