Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: de schwieregen Ëmgang mat de Virsätz
Neiegkeeten

Editorial: de schwieregen Ëmgang mat de Virsätz

Datt et ëmmer nach Leit gëtt déi sech fir dat

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen
Neiegkeeten

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private

Sozialwahlen 2019: OGBL erfëllt d‘Erwaardungen net an d‘ALEBA kritt d‘Kéier
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: OGBL erfëllt d‘Erwaardungen net an d‘ALEBA kritt d‘Kéier

Wann een op den éischte Bléck unhuele sollt, datt am

Aktualitéitsstonn an der Chamber: „Déi gréng Relance“

Der CSV ass de Programm „Neistart Lëtzebuerg“ aus ekologescher Siicht einfach net ambitiéis genuch

Aktualitéitsstonn an der Chamber: „Déi gréng Relance“

Datt déi gréissten Oppositiounspartei eng Aktualitéitsstonn ugefrot huet, an där de Kontext vun der wirtschaftlecher Relance „Neistart Lëtzebuerg“ opgegraff ginn ass, war an der Chamber vun alle Parteien an och der Regierung begréisst ginn. Déi gréng „Handschrëft“ an dësem Programm ass dobäi awer eppes ënnert d‘Rieder geroden.

Wann d‘Argumentatioun vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler deels ganz fundéiert a plazeweis eppes pointéiert war, dierf awer net den Androck erwächen, datt déi konservativ orientéiert CSV plëtzlech den Naturschutz an/oder de Klimawandel fir sech entdeckt hätt. Wéi wichteg Natur an Ëmwelt fir d‘Mënschheet ass, dat wëssen si, och wann si do eng éischter traditionell Haltung hunn.

Den Deputéierten erwaart sech awer net zu Onrecht, datt d‘Regierung, oder am presente Fall déi zwee gréng Ministèren, Ëmwelt an Energie, déi aktuell Situatioun notze sollten, fir déi richteg Debaten ze lancéieren. D‘Bierger hätten elo en oppent Ouer an dat sollt ee richteg ze notze wëssen, fir esouwuel déi energetesch Transitioun wéi den domadder verbonnen Ëmbau vun der Gesellschaft virunzedreiwen. Dat awer géif sech net mat der Fërderung vum Individualverkéier verbannen.

Vun der Oppositioun ginn dann och weder d‘Enveloppe an héicht vun 800 Milliounen Euro, fir d‘Relance vun der Wirtschaft, wéi och d‘Noutwennegkeet sech dem Klimawandel entgéintzestellen a Fro gestallt. Si stellt just fest, datt de Plang vill ze „klassesch“ ass, a ganz wéineg „Gréngs“ an dësem erëmzefannen ass. Hei géif gepléischtert, fënnt de Marc Goergen vun der Piratepartei.

An der Politik huet jidderee Recht

Wann de politeschen Dissens tëscht der CSV an déi gréng net nei ass, esou muss et awer och elo konstruktiv virugoen. An do géif et tatsächlech gutt doen, wann ee sech op d‘Investissementer, respektiv déi vill „kléng finanziell Hëllefen“ bezitt, wéi dat sech laangfristeg auswierke soll a wéi dat sech op d‘Groussregioun iwwersetze léist. Et geet jo och ëm Ofhängegkeeten.

Interessant de Constat, datt et Zäit wier sech Gedanken doriwwer ze maachen, wéi eng Industrien onentbierlech sinn, an nees hir Plaz, wa schonn net direkt zu Lëtzebuerg, dann awer mindestens an der Groussregioun, nees sollen anhuelen. De Fernand Kartheiser vun der ADR hält et fir absolutt inakzeptabel, datt hei den Entreprisen nees eppes soll opgezwonge ginn, wou et dach grad elo wichteg wier, dëse Perspektiven an eppes Planungssécherheet ze ginn. Dat wier esou net de Fall.

Fir den David Wagner vun déi lénk, sinn et net déi verfollegt Ziler vum Duo Dieschbourg-Turmes, déi schlecht wieren, villméi wier de Wee, mat deem een dës Ziler erreeche wëll, schlicht dee Falschen. Mat den am Programm enthalene Primmen, ginn effektiv nëmme Leit privilegiéiert, déi sech dës Investitiounen och leeschte kënnen. An tatsächlech, déi sozial Komponent feelt hei.

Ee Kueb pickt deem anere keen A aus

Déi sëlleche Spriecher vun der Majoritéit hunn, wéi dat an esou Diskussiounen üblech ass, d‘Kritik vun der Majoritéit begréisst a gläichzäiteg zréckgewisen. Hir Proposen a Virschléi wiere stëmmeg, si ginn awer ze bedenken, datt een net bannent dräi Méint ee System nei opstelle kann. Dat zumindest ass den Avis vum LSAP-Deputéierte Georges Engel, deen dat analyséiere wëll.

Fir de Max Hahn vun der DP ass et dogéint imminent wichteg, datt een elo net zécken dierf, fir d‘Substanz vun eiser Wirtschaft ze erhalen. Bei der DP ass een sech awer zumindest eens doriwwer, datt a Saachen Ëmweltschutz den Télétravail een vu villen Instrumenter ass. Dat si sech fir e Gesetz am Kontext vum „Homeoffice“ asetzen ass dann och net nei. Elo wier den Ament, als Member vun der Koalitioun, dann och eppes Drock ze maachen, an endlech ee Gesetzprojet virzeleeën.

De François Benoy (déi gréng) huet sengersäits op déi vill realiséiert Projeten higewisen an un de grousse Pionéiergeescht vun de Lëtzebuerger Entreprisen erënnert. D‘Carole Dieschbourg weist drop hinn, dat d‘Mesure fir d‘Relance hiren Effet kuerzfristeg mussen hunn. Dat laangfristegt géif sech am Energie- a Klimapak erëmfanne loossen. Zudeem géifen d‘Subsiden erhale bleiwen.

Illustratioun: Franck V. / unsplash

Ähnlech Sujeten Aktualitéitsstonn, CVS, Energie- a Klimaplang, gréng Relance, Neistart Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel