Search

You may also like

Flüchtlingskris: Sträit ëm onbegleete Mannerjäreger
Neiegkeeten

Flüchtlingskris: Sträit ëm onbegleete Mannerjäreger

Europa ass ee Staatebond vu 27 Länner, déi sech mat

BnL: 19.200 digital Jugendbicher si bäikomm!
Neiegkeeten

BnL: 19.200 digital Jugendbicher si bäikomm!

D’Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg huet méi ewéi 19.200 Jugendbicher an däitscher,

surprise
Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant
Neiegkeeten

Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant

Um 3.45 Auer zu Cape Canaveral, war de Countdown ofgezielt,

Al Bréck: Aweiung vun der Passerell

Al Bréck: Aweiung vun der Passerell

Gëschter gouf d’Passerelle „Al Bréck“, déi fir déi douce Mobilitéit geduecht ass, vum Vize-Premier a Minister fir Transport an ëffentlech Aarbechten, dem François Bausch, Representanten aus der Stad Lëtzebuerg an der Stroossebauverwaltung ageweit. Am Ganze belafen sech d’Käschte vum Projet op 11,2 Milliounen Euro.

Am Kader vun der Realisatioun vum Luxtram an der Stad Lëtzebuerg huet sech den Amenagement vun enger weiderer Busspur op der Aler Bréck als essentiell erausgestallt, fir esou eng beschtméiglech Zirkulatioun vun de Stater Busser ze garantéieren.

„De Chantier huet verschidden Erausfuerderungen hisiichtlech der Situatioun am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg an dem Fait, datt de concernéierte Streckenofschnëtt ee vu Cyclisten am meescht genotzte Wee am Stadzentrum presentéiert, mat sech bruecht. Déi nei ofgetrennt Vëlospist ass e groussen Tromp fir all Notzer“, sou de Minister François Bausch.

Ma, et huet een och e provisoresche System géint Selbstmordversich op der Bréck opgestallt.

D’Aarbechten hunn am Oktober 2018 ugefaangen. Am November 2019 konnt déi nei Busspur a Betrib geholl ginn an um 16. September 2020 konnt de méi breeden Trottoir presentéiert ginn. D’Aarbechte fir de Passage vun de Foussgänger op der anerer Säit vun der Bréck wäerten deemnächst ufänken a sollen am Dezember 2021 ofgeschloss sinn.

(v.l.n.r.) David Lutty; Jan de Nul; Frédéric de Oliveira, Stroossebauverwaltung; Gilles Dider, Ponts et Chaussées; Simone Beissel, Stad Lëtzebuerg; François Bausch, Vize-Premier an Transportminister; Carlo Back, Chd; Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg; Maurice Bauer, Stad Lëtzebuerg; Patrick Goldschmidt, Stad Lëtzebuerg; Tom Krieps, Stad Lëtzebuerg; Colette Mart, Stad Lëtzebuerg; Robert Philippart, Kommissioun vun der Kooperatioun mat der UNESCO © Stroossebauverwaltung

Related topics Al Bréck, Busspur, Douce Mobilitéit, François Bausch, Gare, Lydie Polfer, Passerell, Patrick Goldschmidt, Ponts et Chaussées, Stadzentrum, Stroossebauverwaltung, UNESCO
Next post Previous post