Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – dem Ozzy Osbourne säi leschte Concert…oder och net
solo matchmaking csgo https://moien.lu/aquarius-woman-single/

dating divas easter scavenger hunt

Um 15. November 1992 sollt den Heavy Metaller a Member

https://moien.lu/speed-dating-ami/
solo matchmaking csgo https://moien.lu/aquarius-woman-single/

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken

Am Kader vum Dag vun der Diversitéit (15. Mee) organiséieren

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm
solo matchmaking csgo https://moien.lu/aquarius-woman-single/

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm

Déi grouss Dréchent huet och viru Lëtzebuerg net Halt gemaach,

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !

Nodeems dat fréiert Haaptpost-Gebai an der Stad Lëtzebuerg während iwwert engem Joerhonnert den ëffentlechen Déngscht verkierpert huet, steet et zanter zwee Joer eidel. An enger Zäit an där eis Haaptstad ëmmer méi zum Getto fir Räicher verwandelt gëtt, huet de Proprietär vun dësem Symbolträchtege Gebai, nämlech Post Lëtzebuerg, déi zu 100% dem Staat gehéiert, bis ewell nach kee Konzept fir seng zukünfteg Notzung entwéckelt.

An der Sëtzung vum Gemengerot vum 18. November, huet d‘DP-Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg un hir Propose am ale Postgebai en Hotel anzeriichten. déi lénk Stad kann et nëmme begréissen, datt Post Lëtzebuerg bis ewell net op dëse Virschlag agaangen ass. Eng Privatiséierung vun dësem Gebai ass nämlech genee dat wat een net maache sollt.

Lëtzebuerg brauch keng weider Feelentwécklunge vum Typ „Royal Hamilius“, wou zu 100% ëffentlech Grondstécker fir privat Spekulante bereetgestallt an fir de Bau vun engem Luxus- Akafszenter mat Wunnenge fir ultra räicher genotzt goufen. Esou Praktiken déi dem ëffentlechen Interessi zuwidderlafen an eng Verontreiung vu Steiergeld duerstellt, muss en Enn gesat ginn!

Wat eis Stad brauch dat sinn bezuelbar Wunnengen an ëffentlech Déngschtleeschtungen, déi alle Schichte vun der Gesellschaft zougänglech sinn, och an hirem Hyperzentrum. Ons Stad däerf net de Spekulanten an Oligarchen ausgeliwwert ginn, mee muss e Liewensraum fir jidderee bleiwen, also och fir Mënsche mat niddregem a mëttlerem Akommes, d‘Studenten an déi wou an Aarmut liewen.

Aus dësem Grond fuerdert déi lénk Stad, am Hibléck op d‘Ëmwandlung vun der deemoleger Haaptpost, déi ëffentlech Entreprise Post Lëtzebuerg a säin eenzege Besëtzer, de Lëtzebuerger Staat, op, sech dofir anzesetzen datt dëst symbolträchtegt Gebai:

  • net un de private Maart geet;
  • mee ausschliisslech enger ëffentlecher Funktioun zougewise gëtt (dozou gehéiert, wann et materiell méiglech ass, d‘Verloune vun ëffentleche Wunnengen), esou wéi dat iwwert ee Joerhonnert de Fall war. Schliisslech war et mam Geld vun der Lëtzebuerger Steierzueler erriicht ginn.

matgedeelt vun déi lénk Stad, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Den Hôtel des Postes um Aldréngen – Bild: Pierre Bertogne © Fotothéik VDL

Ähnlech Sujeten Aldringer, déi Lénk Stad, Hotel des Postes, Post Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel