Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/free-canadian-singles-dating/

https://moien.lu/submarine-dating-urban-dictionary/

Nom Warnschoss vum 22. Mäerz geet et haut am Frankräich

Jemen: Kampf ëm Hodeida
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/free-canadian-singles-dating/

Jemen: Kampf ëm Hodeida

E Freideg waren d‘Kämpf an der Hafestad Hodeida (Weste vum

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/free-canadian-singles-dating/

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher

D‘Entscheedung vum Kirgisistan seng eenzeg Mumie ze begruewen, déi ëmmerhin

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt

Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
© Shari Pleimelding/moien.lu
Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
Animalcule © Shari Pleimelding/moien.lu

The quiet life © Shari Pleimelding/moien.lu
Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
Felix Jemming © Shari Pleimelding/moien.lu
Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
Emblem - de Kueb ass iwwregens um Wopen vun der Gemeng © Shari Pleimelding/moien.lu

Zu Besuch beim Marcel an dem "Howdy Farm" © Shari Pleimelding/moien.lu

Och de Minister an de Buergermeeschter vu Koler wollten hir Presentatioun vun "30 Joer ländlech Entwécklung" onbedéngt virun dësem Hannergrond halen © Shari Pleimelding/moien.lu
Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
Am Kinoler © Shari Pleimelding/moien.lu
Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
Kolerboratioun © Shari Pleimelding/moien.lu

Map of Koler © Shari Pleimelding/moien.lu
Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
Päerdsstall © Shari Pleimelding/moien.lu
Wéi den Alain Welter dat klengt Koler an een artisteschet Hollywood verwandelt
Kolerboratioun - Hei ee Wierk vum Joel Rollinger

Am ganze Land verdeelt gesäit ee bemoolte Fassaden, mee wie stécht dohannert? Mat jonke 25 Joer an enger onvirstellbarer Kreativitéit léisst den Alain Welter, och Mope genannt, fantastesch Konschtwierker an Dierfer, Stied an aneren ongewinnte Plazen entstoen.

Gebuer an opgewuess zu Koler, der klengster Gemeng am Süde mam beschte Kino vun der Welt, huet den Alain Welter scho vu klengem un d’Spraydous geschwongen. Als Illustratiounsstudent zu Berlin koum him schliisslech d’Iddi seng Heemecht faarweg ze dekoréieren, an d’Monotonie vun de plakege Fassaden an eng faarweg Freed ze verwandelen.

A senge Wierker kënnt kloer déi illustrativ Approche eraus, an esou gi beispillsweis naturgetrei Elementer mat anere Stiler gemëscht, Déiere gi vermënschlecht oder et gëtt kreativ mat der Geschicht gespillt. Mat risege Freske ginn Aflëss vun alle Säiten opgeholl an duerch vill Aarbecht an ee Meeschterwierk verwandelt.

Alain Welter

The quiet life © Shari Pleimelding/moien.lu

Koler als Hollywood vu Lëtzebuerg

Kënnt ee vun Héiweng oder Garnech, esou fält engem direkt de groussen Hollywood – ah nee pardon – Koler-Schrëftzuch op, deen déi kleng Gemeng an ee lëschtege Koloss verwandelt. Iwwer 2 Joer huet de Mope seng Zäit a kreativ Oder a gesat, fir op de Fassade vu Privathaiser, ëffentleche Gebaier, Maueren a klenge Scheieren d’Faarwe fléien ze loossen.

Geet ee sech beispillsweis an de Kinoler een Depliant siche mam ganze Circuit an den dozou passenden Erklärungen, esou kann een quasi ee ganzen Nomëtteg am klengen Duerf verbréngen. Ganzer 16 Statioune kann een esou besichen a gëtt häerzlech vun den Awunner empfaangen!

Alain Welter

Zu Besuch beim Marcel an dem “Howdy Farm” © Shari Pleimelding/moien.lu

Dat huet mir de Marcel bewisen, deen – wou ech grad eng Foto vun der Fassade maache wollt a gezéckt hunn, fir weider an den Haff anzedréngen – mech a säi Gaart invitéiert huet, sou datt ech ee weidert Wierk vum Alain vu ganz no betruechten duerft. Wéi hien erzielt huet ass et eng super Geleeënheet, fir Leit an d’Duerf ze zéien a mat hinnen zesummen e bëssi ze poteren.

Alain Welter

© Shari Pleimelding/moien.lu

Huet een nach kee Plang vum Parcours, esou hëlleft hie gären aus. A wann een him ganz besonnesch sympathesch ass, dann duerf ee souguer ee Meeschterwierk kucke goen, wat an der Scheier extra zur Hochzäit vum Laura a Bob ugefäerdegt ginn ass. Mat esou vill Häerzlechkeet mëscht et ëmsou méi Freed, sech dem Mope seng Aarbecht unzekucken. An iwwregens huet den Alain genau hei, beim Marcel un der Fassade, säin éischte Graffiti am ganzen Duerf kreéiert.

De fräsche Cyclist

Als lescht Fassade-Bild vum Projet „make koler kooler“ huet den Alain säi Fräsch mam Vëlo iwwert eng Fassade fuere gelooss. Mat liewege waarme Faarwen huet hien hei Déieren zum Liewen erwäche gelooss, an d’Natur nees extravagant ervir gehuewen.

Alain Welter

Cyclist © Shari Pleimelding/moien.lu

Duerch déi verschidden Ofgrenzungen an den diagonale Verlaf vum Vëlo mengt ee bal, de grénge Quak wier wierklech a Beweegung. Loosst Iech also net vun ëm iwwerrennen!

D’Kolerboratioun

De Punkt 1 op der Kaart ass eng Kollaboratioun vun 8 verschiddene Kënschtler, déi sech beim Projet och abrénge wollten. D’Pillieren vun der Autobunns-Bréck gi mat diverse Stiler vir a beweisen, datt esou ee Stroossen-Element op kee Fall langweileg muss sinn. U waarmen Deeg hëlt ee sech hei am Schiet gären emol e bëssi méi Zäit, fir déi eenzel Motiver ze inspizéieren.

Abstrakt Formen treffen op figurativ Elementer, traditionelle Graffiti deet sech mat illustrativer Molerei zesummen. Mat dobäi waren de Joel Rollinger, de Stick, de Michel Kremer, de Freelo, den Eric Mangen, den Daniel Max Lloys, de Raphael Gindt an natierlech de Mope.

Alain Welter

Kolerboratioun © Shari Pleimelding/moien.lu

Eng Fräiliicht-Ausstellung

Natierlech gëtt bei dëser Aart vun Ausstellung keen Entrée gefrot an et kann ee se zu all Zäit besiche kommen. Heiansdo muss en emol méi genau hikucke fir déi verschidde Graffitien ze entdecken, mee am Endeffekt léiert ee grad esou ee Stéck Lëtzebuerg kennen.

Wëllt Dir de Circuit och emol goen, da rode mir Iech Ären Auto op engem Punkt stoen ze loossen. Dat eent oder anert Motiv léisst sech nämlech op éischter verloossene Plaze fannen, wou ee just zu Fouss hikënnt. Esou gerot Dir net bemol – wéi mir – mam Auto op d’Vëlospist…(mir hunn direkt d’Kéier gemaach). Als klengen Dagesaufluch mat der Famill oder Frënn kënne mir eng Visitt Projet nëmme recommandéieren a vläicht hutt Dir jo souguer nach Loscht duerno am neie Kino, dem Kinoler, laanscht ze kucken.

Weider Informatiounen zum Alain Welter fannt Dir iwwregens op senger Internetsäit. Esou munche Schatz léisst sech nach am Land fannen, deen Dir bestëmmt nach net erbléckt hutt. Vergiesst och net, d’Billergalerie vum Artikel ze kucken. Notéiere kann ee sech elo schonn den 22. Oktober. Do gëtt nämlech den Documentaire vz 50 Minutten iwwert dem Mope seng Aarbecht, gefilmt vum Marc Barnig, an de Rotondes eng éischte Kéier gewisen.

Ähnlech Sujeten Alain Welter, Graffiti, Joël Rollinger, Koler, Konscht, make koler kooler, Mope
Nächsten Artikel Virrechten Artikel