Search

You may also like

Beschäftegungsschutz fir Kommunalpolitiker
International Neiegkeeten

Beschäftegungsschutz fir Kommunalpolitiker

Virun net ganzer véierzéng Deeg hat de Syndikat vun de

De Cesas mécht seng Rentrée
International Neiegkeeten

De Cesas mécht seng Rentrée

Wéinst dem Start vum Schouljoer presentéiert den Nationale Referenzzenter fir

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?
International Neiegkeeten

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Schikanéiert a kriminaliséiert… an awer Retten si weider Mënschen

Géif et gewësse Mënschen nogoen, sollt een d‘Flüchtlingen am Mëttelmier ersaufen

De Samschdegmëtten huet d’Crew vum Rettungsschëff Alan Kurdi 114 Mënschen aus zwee verschiddene Booter gerett. Fir d’éischt huet eng Waach um 11:45 Auer een iwwerfëllte Schlauchboot mat 90 Mënsche gesinn. De Kapitän Joachim Ebeling huet direkt déi däitsch a libesch Autoritéiten informéiert. D’Mënschen aus dem Schlauchboot hunn iwwer weider Booter bericht, déi aus Libyen geflücht sinn.

Retten

Tatsächlech ass kuerz no der éischter Rettung e klengt Fëscherboot a Siicht komm, et war mat 24 Persoune besat, déi aus Séinout gerett goufen. Ënnert den 114 Persoune sinn 8 Fraen an 8 Kanner, op der Krankestatioun gi véier Mënsche versuergt. Dorënner ass eng schwanger Fra an e Mann mat schwéiere Kreeslafproblemer. Eng weider Fra an e Mann gi mat Schnëttwonne behandelt.

“Aus Angscht vu libysche Milizen zeréckgeschleeft ze ginn, hunn dës Mënsche keen Noutruff ofgesat. Domat sinn si en héicht Risiko agaangen, si hate Gléck, datt d’Wuecht si mat der Spektive gesinn huet”, sot de Gordon Isler.

Kuerz Zäit no dem zweete Rettungsasaz ass eng, sougenannte libysch Küstewuecht mat héijer Geschwindegkeet méi no komm. D’Boot war selwer an ee Séi-Noutfall verwéckelt an doduerch iwwerlueden.

RettenD’Libyer hunn d’Alan Kurdi net kontaktéiert, si hunn sech just dat eidelt Fëscherboot geschnaapt a si Richtung Libyen ofgedréit. Weder libesch Autoritéiten, nach europäesch Rettungsleetstellen hunn op d’Noutfallmeldunge vun der Alan Kurdi reagéiert. Net iwwer Telefon – nach manner iwwer e-Mail.

“Mëttlerweil gouf d’Kommunikatioun mat den Hëllefsorganisatiounen agestallt an, an Europa fillt sech kee méi fir dës Mënschen zoustänneg. Si ginn den Libyer oder dem Mier ausgeliwwert. Mä elo sinn se op engem däitsche Schëff a ginn endlech erëm ewéi Mënsche behandelt”, seet den Jan Ribbeck aus der Asazleedung vu Sea-Eye.

Retten

Anescht gesäit et bei Sea-Watch aus. Et ginn Hafekontrolle gemaach, 4 Schëffer goufen ewell duerch Inspektioune blockéiert. Et geet dann och net wéi virgetäuscht ëm Schëffssécherheet. Hei ginn all juristesch Mëttel genotzt, fir humanitär Asätz, déi den Ament an Europa net esou populär sinn, ze verhënneren. Europa, wat ass lass mat dir?

Fotoen: © Sea-Eye /Alan Kurdi

Related topics Alan Kurdi, Gordon Isler, Sea-Eye, SeaWatch4, Seebrücke, Séinoutrettung, Solidaritéit, United4Rescue
Next post Previous post