Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Fondatioun IDEA weess wéi den Entreprisen ze hëllefen ass
https://moien.lu/ny-dating-laws/ when do you start dating in campus life

speed dating sutton

Am Oktober si Chamberwahlen, an den Think-Tank vun der Handelskummer,

https://moien.lu/dating-sites-in-abidjan/
https://moien.lu/ny-dating-laws/ when do you start dating in campus life

Den „Eschlescher“ vun der Sauer

Wat engem am klenge Geschäft – an natierlech och um

Den US-President huet eng Iddi: „Eng Solar-Mauer als Grenz“
https://moien.lu/ny-dating-laws/ when do you start dating in campus life

Den US-President huet eng Iddi: „Eng Solar-Mauer als Grenz“

Den Donald Trump huet um Mëttwochowend am Iowa, op engem

Migrante vun der Alan Kurdi zu Malta ukomm

Migrante vun der Alan Kurdi zu Malta ukomm

Fir d‘Migranten u Bord vum däitsche Rettungsschëff Alan Kurdi ass gëschter eng Léisung fonnt ginn. Si goufen dann och vun enger maltesescher Bootspatrull iwwerholl a sinn elo zu Malta a Sécherheet. Et heescht weider, datt si an den nächste Wochen an der EU verdeelt solle ginn.

Laut der maltesescher Arméi huet d‘Bootspatrull 62 vun de 65 Mënschen, déi vun der Alan Kurdi an internationale Gewässer virun der libescher Küst opgegraff goufen, iwwerholl. Dräi weider Persounen déi hu misse medezinesch versuergt ginn, waren am Virfeld per Helikopter evakuéiert ginn. D‘Regierung zu Valetta hat sech no Gespréicher mat der EU-Kommissioun zu dësem Schratt bereet erkläert. D‘Migrante sollen zäitno vun aneren europäesche Länner opgeholl ginn, heescht et.

Alan Kurdi

D‘Alan Kurdi, d‘Rettungsschëff vun der däitscher ONG Sea-Eye, hat sech e Freideg fir Lampedusa als Ziilhafen entscheet. Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini hat dem Schëff allerdéngs den Zougang verbueden an d‘Alan Kurdi huet sech dru gehalen, an nodeems sech ugedeit huet, datt d‘Lag u Bord géif „kritesch“ ginn, hat d‘Rettungsschëff Kurs op Malta geholl. Déi awer wollten d‘Alan Kurdi och net an hirem Hafen. E Sonndeg dann huet d‘Regierung vu Valetta agelenkt.

Alan Kurdi

Säitens de malteseschen Autoritéiten ass informéiert ginn, datt et en Accord ginn huet, mat deem vereenbaart ass, datt EU-Länner och d‘Hallschent vu weideren 58 Migranten ophuelen, déi vun der maltesescher Marin aus dem Mëttelmier gefëscht gi waren. De Bundesinneminister Horst Seehofer huet begréisst, datt déi maltesesch Regierung 123 Migranten erlaabt huet u Land ze goen. Wéi et weider heescht, iwwerhëlt Däitschland 40 vun de Migranten. Domadder eleng ass et net gedoen.

Alan Kurdi

Berlin hätt seng Solidaritéit am europäesche Geescht ugebueden an erwaart, datt sech och weider Länner dësem Gedanken uschléissen. Den Horst Seehofer huet allerdéngs och drop higewisen, datt et esou net ka weidergoen: „Mir brauche fir dës Fäll e Mechanismus dee funktionéiert a generell unerkannt gëtt. Dat muss elo vun der EU-Kommissioun mat de Memberlänner gekläert ginn“. Do awer dierft nees mam Widderstand vun e puer wéinege Länner ze rechne sinn…

mat indymedia/rom

Foto: © Sea-Eye.org

Ähnlech Sujeten Alan Kurdi, Malta, Mëttelmier, Sea-Eye, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel