Alaska gouf vun engem Äerdbiewen zolidd duerchgerëselt

Agefalle Stroossen, agerass Fassaden, eidel Etagèren a Schief: en heftegt Äerdbiewen, vun enger Stäerkt déi op 7 (no Richterskala) geschätzt gëtt, huet um Freidegmueren de Süde vun Alaska zolidd duerchgerëselt. Zu Anchorage, der wichtegster Stad vun dësem Bundesstaat, war Panik ausgebrach.

Eigentlech hunn sech d‘Leit dru gewinnt, datt de Buedem „ziddert“. „Dat huet enorm vill Kaméidi gemaach wéi et sech zougedroen huet. Et war kloer, datt et hei eppes méi Staarkes war, wéi een et soss gewinnt ass“, esou de Buergermeeschter vun Anchorage, Ethan Berkowitz, géintiwwer CNN.

Vill Schued

Zum Gléck gëtt et keng Affer ze bekloen, woubäi um Freideg awer ee puer Leit blesséiert goufen, een dovunner eppes méi schlëmm. All dës Leit sinn an de Spidoler behandelt ginn. Bei de Blessure waren et an éischter Linn Schnëttwonnen déi sech d‘Leit duerch gebrache Glas zougezunn hunn. E Puer Leit hunn och wéinst Kappverletzunge behandelt ginn.

Den Epizenter ass 13 Kilometer nërdlech vun Anchorage, enger Stad mat awer 300.000 Awunner, lokaliséiert ginn. D‘Police mellt hirersäits schwéier Beschiedegungen un den Infrastrukturen. „Vill Haiser a Gebaier si beschiedegt, Stroossen a Brécken si gespaart“, esou d‘Police vun Anchorage, déi d‘Awunner opgeruff hat, keng onnéideg Deplacementer ze maachen.

„Wann dir duerch d‘Mauer gesitt, dann ass dat net gutt. Evakuéiert, gitt bei e Noper. Wann äert Haus den Androck mécht ze ‚hänken‘ dann ass dat net gutt. Sollt dir Gas richen, verloosst d‘Gebai“, esou de Message un d‘Awunner, vum Jodie Hettrick, Cheffin vun de Pompjeeë vun Anchorage.

Noutstand erkläert

Laut den Donnéeë vun der US-Agence fir Geologie (USGS) huet d‘Äerdbiewen um 8.29 Auer lokal, an enger Déift vun 41 Kilometer, stattfonnt. De ganzen Dag sinn Nobiewen notéiert ginn. D‘Biewe war esou hefteg, datt d‘US-Autoritéiten eng Tsunami-Warnung ausgeschwat haten, déi séier konnt opgehuewe ginn. Den US-President huet Alaska den „Noutstand“ zougestanen an eng federal Assistenz ugeuerdent.

Biller déi iwwert déi sozial Netzwierker oder vun den Televisiounschaînen verbreet goufen, hu ganz Stroossenofschnëtter gewisen, déi a sech zesummegefall sinn, a Gebaier mat risege Rëss, déi vun den Awunner hu missen evakuéiert ginn. Op Twitter, hunn Awunner Fotoe gepost, op deenen den Inhalt vu Schief an Etagèren iwwert de Buedem verstreet waren. D‘Sarah Palin, fréier Gouverneure vum Bundesstaat, huet op Twitter matgedeelt, datt et der Famill gutt geet, d‘Haus awer futti ass.

D‘Rettungsdéngschter ware virun allem duerch d‘Accidenter a Bränn besuergt, déi duerch zerstéiert elektresch Leitungen, oder gebrache Gasleitungen entstane sinn. D‘Senatrice vun Alaska, Lisa Murkowski, huet vu Washington aus matgedeelt: „Eis Suerg gëllt der Stroumversuergung. Et ass Wanter, et ass kal an däischter, a mir sinn eis net iwwert d‘Situatioun sécher, wat dat ugeet. Den Ament sollen nach eng 10.000 zu Anchorage ouni Stroum sinn.

Vill Temoignagen

Laut de villen Temoignagen, ass d‘Äerdbiewe vun der Bevëlkerung als „ganz staark“ empfonnt ginn. Si, vun deenen e menge kéint, datt ee mat enger Dosen Äerdbiewen am Joer, schonn esou eppes wéi „gewinnt“ misst sinn, haten sech wéinst der Intensitéit zolidd erféiert. D‘Leit hunn sech ënnert Büroe verschanzt oder hunn d‘Gebaier verlooss, fir sech am fräie Raum, esou wéi dat ugeroden ass, a Sécherheet opzehalen.

D‘Biewe war staark genuch, fir d‘Saache vun den Etagèren ze räissen, an d‘Haiser an der Géigend duerchzerëselen“, ënnersträicht d‘Anchorage Daily News, déi gréissten Dageszeitung vun Alaska. Aner Medie beriichte vun engem Mann, dee duerch d‘Biewen aus senger Buedbidde geschleidert gi wier. Mee et ass och rieds vu Cliente vun engem Café déi op d‘Strooss erausgelaf sinn, an sech hu missen een un deem anere festhalen, fir d‘Gläichgewiicht ze behalen.

Och de Fluchverkéier huet e puer Stonne missen ënnerbrach ginn, fir ze kläre wéi eng Schied hei entstane sinn. Déi riseg Ueleg-Pipeline déi sech duerch Alaska zitt, ass aus Sécherheetsgrënn och kuerzzäiteg zougesat ginn. Siwe Stonne laang war si inspizéiert ginn, ouni datt e Schued un der Installatioun festgestallt gi wier. An de Schoulen an Universitéite goufen d‘Course suspendéiert, an deels hu Schüler missen evakuéiert an a Sécherheet bruecht ginn.

Dat schlëmmsten Äerdbiewen datt Anchorage materlieft huet, féiert zréck op de 27. Mäerz 1964. Deemools hat de Buedem mat enger Stäerkt vun 9,2 geziddert. Et ass dat bis schwéierst Biewen dat an den USA opgezeechent ginn ass. Dëst Biewen hat e puer Minutte gedauert, an eng Stuermflut op der Ostküst ausgeléist, déi immense Schued ugeriicht hat. Eng 130 Mënsche ware verstuerwen.

mam Laurent Banguet/AFP

Illustratioun: Kaart vun der Regioun, mat der Auswierkung vum Biewen. © USGS