Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mengs de, du packs et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?
mobile dating sites australia

Mengs de, du packs et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?

Och dës Woch hu mer en neie Lëtzebuergesch Quiz fir

https://moien.lu/baekhyun-and-taeyeon-still-dating/
mobile dating sites australia

great questions to ask in online dating

Et huet seng Zäit gebraucht mee elo ass den do:

money
113 Millioune Mënschen an der EU vun Aarmut bedreet
mobile dating sites australia

113 Millioune Mënschen an der EU vun Aarmut bedreet

2017 waren 112,9 Millioune Persounen (22,5% vun de Bevëlkerung) an

D‘ALEBA kämpft fir en neie Kollektivvertrag

D‘ALEBA kämpft fir en neie Kollektivvertrag

2017 war keen einfacht Joer, esou d‘Siicht vun der Gewerkschaft ALEBA, déi d‘Interesse vun de Salariéeën aus dem Bankesecteur vertrëtt. Et wier ee wuel bereet sech konstruktive Gespréicher ze stellen, fir e neien, vernënftege Kollektivvertrag, op de Wee ze bréngen, mee et wäert ee sech net Diktat vun den Direktiounen ënnerwerfen.

An et gëtt vill Gespréichsbedarf, mee wéineg Interessi vu Patronatssäit, wou een anscheinend der Meenung ass, datt Geld a Muecht iwwert dem Salariat steet, an dat sech gefällegst ze „bécken“ huet wat et gefuerdert gëtt. Esou sinn dann op e neits e sëllechen Dossieren ernimmt ginn, déi längst sollten enger Léisung zougefouert gi sinn. Mee et gëtt och Positives…

D‘Steierreform an eng Initiative mat där d‘Gewerkschaft jonke Leit hëlleft sech op en Astellungsgespréich virzebereeden (ALEBA-Youth). Ze bedaueren ass den „éiwege“ Sträit ëm d‘Studiëbourssen, déi véier Sozialpläng, déi „falsch Manager“an d‘Entloossung vu Gewerkschaftsvertrieder an zwou japanesche Banken.

Et war een um Sëtz vun der Gewerkschaft an der Monterey-Avenue net gelangweilt, a bei villem ass een den Androck net lass ginn, datt sech „d‘Patronen“ eens wieren et mordicus op eng Ausenanersetzung wëllen ukommen ze loossen. Wat dann elo awer d‘Direktioune vun de Banken domatter bezwecke wëllen, dorops gëtt et leider och keng Äntwert.

E Kalzong mat laangen Äerm

Fir den ALEBA-Generalsekretär Laurent Mertz, ass et awer beim Kollektivvertrag wou dee keelste Wand dem Salariat ëm d‘Ouere bléist. De leschte Kollektivvertrag war gülteg vun 2014 bis 2016, an ass wéi dat am Gesetz virgesinn ass, de 26. November 2016 opgeléist ginn. Et huet eng legal Verhandlungsphas ginn, mee d‘Patronat huet d‘Diskussioune bewosst torpedéiert.

A well ee säitens der ABBL (Verband vun de Banken a Bankere vu Lëtzebuerg) léiwer de Konflikt wéi d‘Gespréich sicht, huet ee sech dann och geweigert d‘Primme vum Juni auszebezuelen. D‘Oprou déi domatter bei den Employéeën ausgeléist ginn ass, war Premeditéiert, wann net esouguer vu laanger Hand geplangt.

Et huet dann och anscheinend kee bei der ABBL gestéiert, wéi Ufank Juni eng dausend rose Beschäftegter aus dem Bankesecteur, hirem Onmutt um Kierchbierg beim Gebai vun der BGL BNP Parisbas fräie Laf gelooss hunn. D‘ALEBA huet dann awer nach begréisst, datt et zu engem Transitiounsvertrag komm ass, an déi konventionéiert Employéeën eng Primm vu 400 Euro kruten.

Mee dat mat der Äiszäit ass net esou einfach, an ee waarme Kalzong, virzuchsweis mat laangen Äerm ass ubruecht. D‘Gespréicher si wuel nees opgeholl ginn, well och eng Transitiounsphas net éiweg unhält. De Laurent Mertz stellt dann awer kloer, datt ee bei der ABBL esou richteg beméit ass der Welt ze weisen, datt een net gewëllt ass d‘Gewerkschaft eescht ze huelen.

Ugespaanten Zouversiicht

Wann den ALEBA-Generalsekretär sech dann awer zouversiichtlech wëll ginn, a consideréiert datt e Konsens wäert fonnt ginn, esou wier et do allerdéngs manner den Datum vum Kollektivvertrag dee wichteg ass, mee alles wat dra stoe kënnt. An do gëtt dann nees komplizéiert, well d‘ALEBA natierlech ee „gudde Kollektivvertrag“ wëll hunn.

Mat véier Aarbechtsgruppen déi sech dem Kollektivvertrag ugeholl hunn, ass alles gutt iwwerluecht ginn, an et geet net drëms Fuerderungen ze stellen, déi onrealistesch sinn. Esou misst awer d‘Reorganisatioun vun der Aarbechtszäit am Kollektivvertrag verankert ginn. Datt et grad dat ass wat de Patronen net an de Krom passt, obwuel gesetzlech gereegelt, bleift onverständlech.

An no iwwert engem Joer wou sech béid Parteie matenaner auserneesetzen, sollt et esou lues un der Zäit sinn, Neel mat Käpp ze maachen. Dat emol fir unzefänke bei de Gehälter an der Klassifikatioun. Tatsächlech gëtt et sechs Gehälterklassen, an déi wëll een op véier zesummesträichen. Dat ass dann awer nëmmen den hallwe Schratt an déi richteg Richtung…

Méi an der Paitut soll et net ginn: déi gefuerdert Dräijoersgarantie an déi lineaire Garantie refuséieren d‘Banker grad deene Leit, déi hinne mat hirer Hänn Aarbecht e privilegiéiert Liewen erméiglechen. Wann d‘ALEBA sech net dem Konkurrenzdrock vun den anere Bankeplaze verschléisst, esou weess een awer besser wéi all déi aner, wat ënnert den Stréch iwwreg bleift.

Bei der ABBL sollt ee sech also drop astellen, datt och wann d‘Gewerkschaft zu ville Kompromësser bereet ass, d‘ALEBA näischt wäert ënnerschreiwen, wat d‘Salariéeën an eng Lag bréngt wou se manner hannen erauskréien. Beim engem Kollektivvertrag muss den ABBL-President Serge de Cillia eng „win-win“ Situatioun a kaf huelen, oder et drop ukomme loossen…

Nächsten Artikel Virrechten Artikel