Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an
Neiegkeeten

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an

Den US-Kongress wollt mat enger Resolutioun dem Donald Trump noleeën,

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!

Et war haut viru genau 154 Joer, datt dem britesche

Editorial: Mythos Tanktourismus
Neiegkeeten

Editorial: Mythos Tanktourismus

Um 28. Mee war d’Martina Holbach, vun der Plattform „Votum

Lëtzebuerger Medezinsstudenten (ALEM) – Réckbléck op ee spannend Joer 2018

Lëtzebuerger Medezinsstudenten (ALEM) – Réckbléck op ee spannend Joer 2018

Um 28. Dezember huet nees déi traditionell Joreshaaptversammlung vun de Vertrieder vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten (Association Luxembourgeoise des Etudiants en Médecine – ALEM) stattfonnt.

Als neie President vun der ALEM ass hei de Frédéric Schwarz, den am 2. Joer un der Medezinescher Fakultéit vun der Sorbonne Universitéit zu Paräis studéiert, gewielt. Bei senger Ried huet hien d’Wichtegkeet vun der Motivatioun a vum Zesummenhalt an der Organisatioun betount, wéi och d’Aarbecht vun de Virstandsmemberen, déi d’ALEM nohalteg entwéckelt hunn, gelueft.

Ee spannend Joer ass op een Enn gaangen

Och 2018 war d’ALEM mat hirem Standing Committee on Medical Education (SCOME), ënnert der Leedung vum Frédéric Schwarz, a Lëtzebuerger Lycéeën ënnerwee. Heibäi hu si zukünfteg Studenten iwwert den Zougang an den Opbau vum Medezinstudium informéiert. Sechs sougenannt Studieninfoe sinn am ganze Land organiséiert ginn, dobäi koum nach den Informatiounsstand op der Foire de l’Etudiant an der LuxExpo.

De Standing Committee on Public Health (SCOPH) erreecht, mat super Ënnerstëtzung vum Lisa Zangarini, iwwerzeegend Leeschtungen: Sechs Teddybierspidoler sinn am ganze Land organiséiert ginn, bei dem Kanner, zesumme mat hirem Teddy, déi verschidde Statiounen am simuléierten Ëmfeld vun engem Spidol duerchgelaf sinn. Ziel vun dëser Campagnen, déi eigentlech aus Dänemark kennt, ass et, de Kanner d’Angscht viru Besich beim Dokter ze huelen. Dobäi kommen online Informatiounen zu verschiddenen Awareness Days, wéi beispillsweis de Welt-AIDS Dag um 1. Dezember, sou wéi d’Mataarbecht um Plan National Antibiotiques mat dem Gesondheetsministère.

Am Beräich vun der externer Aarbecht kann d’ALEM dëst Joer op eng Rei Meetinge mat de Virstänn vu Lëtzebuerger Spidoler zeréckblécken. Donieft hunn och Treffe mam Gesondheetsministère stattfonnt, och d’Participatioun un der Conférence nationale de la Santé an dem Luxembourg Health Care Summit bleiwe positiv an Erënnerung. Des weideren ass duerch eng Rei Presseartikelen an Interviews op d’Thema vum Manktem un Dokteren opmierksam gemaach ginn. Kucken si dann op déi al Regierung zeréck, weist d’ALEM sech weiderhi kritesch am Hibléck op d’Tiers Payant Généralisé.

Dat gréisst Event vun der ALEM ass den 30. Mäerz an der Klinik um Kierchbierg organiséiert ginn, ganz an Zesummenaarbecht mat den Hôpitaux Robert Schuman (HRS). Beim Training Day sinn iwwert den Dag verdeelt 16 Workshoppe fir Ufänger a geüübte Studenten am Medical Training Center ugebuede ginn. Dës Weidere waren 2 Student’s vs. Dr House Eventer, an Zesummenaarbecht mam Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM), wéi och divers kleng Eeventer iwwert dat ganzt Joer verdeelt ginn.

Fir eng alleréischte Kéier sinn am Kader vun der Generalversammlung d’Éierememberen ernannt ginn, déi d’ALEM duerch hir jorelaang Aarbecht nohalteg gepräägt hunn. Heizou zielen de Jorge Batista (ehemoolege President), de Sébastien Rinaldetti (ehemoolege Public Relations Beoptraagten) an d’Isabelle Jung (ehemooleg Sekretäring).

Stéchwuert Doktermanktem

D’Joer 2018 war gepräägt vun enger Rei politescher Diskussioune ronderëm d’Thema vun der medezinescher Versuergung zu Lëtzebuerg. Nieft dem Thema vum Tiers Payant Généralisé war beim Wahlkampf och de Manktem un Dokteren een Deel vun den ëffentlechen Diskussiounen. Nodeems hei jorelaang ewech gekuckt ginn ass, hunn e puer Parteien endlech den droende Manktem erkannt, wougéint anerer et nach ëmmer ofstreiden. Opgrond vun zuelräichen Ufroen zur Stellungnam zu dësem Thema huet d’ALEM ëmmer erëm betount, datt déi lescht Zuele vun der Démographie Médicale aus dem Joer 2011 kommen an dës Zuelen am Joer 2018 net méi zouverlässeg sinn. D’Thema ass dann och bei engem Treffe mam Gesondheetsministère diskutéiert ginn, woubäi et zu kenger klorer Äntwert koum.

D’Zuelen, déi der ALEM virgeluecht goufen, hunn un hirer Wourecht zweiwele gelooss. Dofir sinn 2019 nei, stéchprouwenaarteg Erhiewungen un Zuele geplangt, fir d’Zuele vum Ministère ze analyséieren. Eng Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, der Association des Médécins et Médécins Dentistes (AMMD) an dem Gesondheetsministère géif d’ALEM immens begréissen, fir eng professionell Analys vum brisanten Thema sécherzestellen.

International Aktivitéiten

Am vergaangene Joer huet d’ALEM een neie Rekord u Participanten un internationalen Eeventer opgestallt. Am Mäerz si 7 Memberen an Hurghada (Egypten) gereest, fir um 67. March Meeting vun der International Federation of Medical Students’ Associations (IFMSA) deel ze huelen. Am August sinn 5 Memberen op Montreal (Kanada) gereest, fir hei beim August Meeting matzewierken. Des Weideren si 4 Memberen am Abrëll de Wee Richtung Frankenfels ugetrueden, wou den European Regional Meeting vun der IFMSA organiséiert ginn ass. Sou sinn am Ganze 16 Delegéiert vun der ALEM ëm d’Welt gereest, fir d’Organisatioun, sou wéi och Lëtzebuerg als Land ze vertrieden.

Des Reese ware mat immense Käschte verbonnen. Aus dësem Grond muss sech d’ALEM 2019 mam Thema Sponsoring beschäftegen, fir de Memberen och an Zukunft déi néideg finanziell Mëttel fir d’Reesen – dës kënnen sech op bis zu 1.000 € pro Member belafen – zur Verfügung ze stellen. An dësem Kader wäerten den Alexander Land (VPE) an de Yannick Hoffmann (Responsable Sponsoring) dëst Joer op de finanziellen Aspekt vun der internationaler Vertriedung konzentréieren.

Projeten 2019

Och dëst Joer wëll d’ALEM weiderhin doru schaffen, datt d’Offer un Informatioune fir Schüler a Studente weider ausgebaut a verbessert gëtt. Dowéinst wëllen si nees divers Studieninfos a Lycéeën organiséieren an un der Foire de l’Etudiant deelhuelen. Donieft wäert och 2019 erëm eng nei Editioun vum Training Day stattfannen, woufir d’Planifikatioun scho leeft. An Zesummenaarbecht mat de Spidoler solle weider spezifesch medezinesch Trainingen ausgeschafft ginn.

D’ALEM plangt dann och fir eng Datebank an d’Liewen ze ruffen, déi d’Vermëttlung vu Stagë fir Lëtzebuerger Studenten erliichtere soll.

Am Beräich Public Health wäert sech dëst Joer, nieft den Teddybierspidoler, och intensiv mam Thema Antibiotikaresistenzen ausenaner gesat ginn. Heivir ginn et scho konkret Iddien fir Projeten, déi beispillsweis an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère an aneren Organisatioune geplangt ginn. Donieft sinn divers Meetinge mat de Virstänn vu Lëtzebuerger Spidoler geplangt, sou wéi een Treffe mam Gesondheetsminister. Des Weidere sollen interessant Aktivitéite fir Memberen organiséiert ginn, wéi beispillsweis Students vs. Dr House Owenter oder d’Participatioun un Spendenleef.

Am internationale Beräich soll de verstäerkte Sponsoring d’Memberen entlaaschten a soumat d’Méiglechkeet fir d’Participatioun u weltwäite Meetinge verbesseren. Projeten, wéi beispillsweis eng Summer School oder den Opbau vun engem Professional Exchange Program sollen erméiglechen, datt Medezinsstudenten aus der ganzer Welt zu Lëtzebuerg ee Stage maache kënnen an doduerch den Austausch vun Iddien, Informatioune, Gedanken a Motivatioun gefërdert gëtt.

Nieft de Studieninfos an der Participatioun un der Foire de l’Etudiant wëll d’ALEM eng Infobroschür zum Studium vun der Veterinärsmedezin erstellen. Donieft plangt d’Organisatioun een Dag vum Gesondheetswiesen zu Lëtzebuerg ëmzesetzen. Hei soll den eenzele Vertrieder vum Lëtzebuerger Gesondheetswiesen d’Méiglechkeet gebuede ginn, de Kontakt mat Medezinsstudenten an zukünftegen Dokteren hierzestellen, fir esou ee besseren Abléck an d’Organisatioun an d’Funktioun vum nationale Gesondheetswiesen ze kréien.

Ähnlech Sujeten ALEM, Frédéric Schwarz, Medezin, Teddybierspidol, Tiers Payant Généralisé
Nächsten Artikel Virrechten Artikel