Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela: OAS-Generalsekretär wëll militäresch géint de Maduro virgoen
Neiegkeeten

Venezuela: OAS-Generalsekretär wëll militäresch géint de Maduro virgoen

Den OAS-Generalsekretär Luis Almagro huet e Freideg deklaréiert, datt een

Manner Alkohol, méi Fun. Kee Patt ze vill!
Neiegkeeten

Manner Alkohol, méi Fun. Kee Patt ze vill!

Pünktlech zur Fuesent knäppt de Gesondheetsministère un de Succès vun

Stauséi: Protokoller um lafende Band
Neiegkeeten

Stauséi: Protokoller um lafende Band

Um Stau op der Uewersauer ass zolidd eng Lass, an

Alerte: Bloalgen an der Musel fonnt ginn!

Alerte: Bloalgen an der Musel fonnt ginn!

Op verschiddene Plaze konnten un der Musel déi sougenannt Bloalgen, och Cyanobakterie genannt, fonnt ginn. D’Bakterië sinn normalerweis am Waasser present, mee ënnert verschiddene Konditiounen entwéckelen si sech an exzessivem Ausmooss virun, sou datt ee richtege faarwegen Tapis op der Waasseruewerfläch entsteet.

Sinn ze vill vun dëse Bloalgen am Waasser, entsti Gëfter déi gesondheetlech Problemer fir Mënsch an Déier mat sech brénge kënnen. D’Problemer variéieren dobäi jee no Quantitéit vun de Gëfter: Hautirritatioune Kappwéi, Iwwelzegkeet, Krämp, Liewerproblemer a méi kënne resultéieren.

Bis ewell sinn d’Grënn vun der Entwécklung nach net bekannt. Duerch eng erhéichte Waassertemperatur kann et allerdéngs sinn, datt d’Bakterien een anere Wäert un Nierstoffer verschafft hunn. All Kontakt mam Waasser, wou ee faarwegen Tapis drop ze gesinn ass, ass ze vermeiden. Virun allem d’Ofschlécke muss vermeit ginn. D’Recommandatioune gëlle fir Mënsch an Déier.

Ähnlech Sujeten Alerte, Bloalgen, Cyanobakterien, Musel, Waasser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel