Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bolivien a Mexiko hunn sech an den Hoer
International Neiegkeeten Stories

Bolivien a Mexiko hunn sech an den Hoer

Nom „politesche Wiessel“ a Bolivien, si Minister vun der fréierer

Editorial: Spannung pur am Streaming!
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Spannung pur am Streaming!

Streaming Portaler wéi Netflix rëselen d’TV-Industrie wakereg. Dat ass gutt

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet
International Neiegkeeten Stories

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet

Et war eng gutt gefëllten Dagesuerdnung déi de Schäfferot um

Onwieder „Alex“ verwüst ganz Regiounen a Frankräich an Italien

Onwieder „Alex“ verwüst ganz Regiounen a Frankräich an Italien

No zolitten Iwwerschwemmungen am Süde vu Frankräich an am italieneschen Nordweste ginn eng zwanzeg Leit vermësst. Vill Dierfer si ganz vun der Aussewelt ofgeschnidden. Am Hannerland vun der Côte d‘Azur mee och an der Regioun Piemont sinn Dosenden Haiser an e puer Brécke vum Waasser einfach ofgerappt a fortgeschleeft ginn.

Frankräich

De Stuerm „Alex“ huet vun ee Freideg op e Samschdeg immense Schued ugeriicht. Esou eppes hätt et zanter mindestens engem Joerhonnert net méi ginn, esou de Buergermeeschter vun Nice, Christian Estrosi. Bannent 24 Stonnen si 500 Millimeter Reen op de Quadratmeter gefall. Ob dësen extremen an intensive meteorologesche Phenomen eppes mam Klimawandel ze dinn huet?

Wat bis ewell gewosst ass:

Scho fréi um Freidegmueren (6 Auer) haten d‘Autoritéite vum Departement Alpes-Maritimes (F) den Alarm ausgeléist a viru massivem Néierschlag an Iwwerschwemmunge gewarnt. An wéi elo gewosst ass, waren d‘Previsioune vun de Meteorologen äusserst zoutreffend. Ab 11. 30 Auer si scho Plazeweis tëscht 50 an 80 Millimeter an den Departementer Var an Alpes-Maritimes gemooss ginn.

Knapp eng Stonn drop, huet dat misse revidéiert ginn, den Néierschlag huet bei 150 Millimeter geleeën. Nach emol hunn déi zoustänneg Autoritéite d‘Bierger gewarnt: „Mir erwaarden eis eng Reaktioun vun de Baachen an Zouleef vum Var. D‘Waasser kann hei ganz rapid klammen, sidd virsiichteg“. Zu deem Ament hunn éischt Iwwerschwemmunge Stroossen onpasséierbar gemaach.

Eng Tragedie an näischt wat ee maache kann

Säitens de Rettungskräfte goufen um Freidegnomëtteg déi éischt Dierfer evakuéiert. Um 15 Auer waren eng Rei Dierfer duerch Äerdrëtsch an erofgefall Fielse vun der Baussewelt ofgeschnidden. Zu Saint-Martin-Vesubie hu Journaliste ma eegenen Ae gesinn, wéi eng ganz Tankstell vum Waasser matgerappt gouf. Eng grouss Well huet uschléissend de Kierfecht mat an d‘Dall gerappt.

D‘Pompjeeën op der Plaz hunn d‘Leit aus hiren Haiser geholl, well dës zu all Ament konnten a sech zesummefalen. Eng Eeler Persoun gouf do scho vermësst. Zu Venansson war eng Landwirtin vun de Waassermassen iwwerrascht ginn. D‘Wiederkonditiounen hunn d‘Hëllef aus der Loft onméiglech gemaach. Zu Saint-Martin-Vesubie goufen um 16 Auer 235 Millimeter Néierschlag gemooss…

Frankräich

Meteo France huet zur selwechter Zäit seng Previsiounen erneiert. Hei sinn d‘Experte vu bis zu 450 Millimeter Néierschlag ausgaangen. D‘Auer ass net stoe bliwwen an d‘Dierfer goufen ëmmer méi vun der Baussewelt ofgeschnidden. Mëttlerweil huet och d‘Bréck zu Saint-Martin-Vesubie de Waassermasse kee Widderstand méi geleescht. D‘Baach Boréon war zu engem räissende Floss ginn.

Zur gläicher Zäit huet sech zu Roquebillière en Drama zougedroen. Pompjeeën a Gendaarmen hu versicht eng Koppel 80 järeger, déi an hirem Haus gefaange waren, ze retten. Et sollt hinnen net gelénge… op emol hunn d‘Waassermassen d‘Haus mat de Leit virun hiren Ae mat ewechgeholl. E Journalist vun Nice-Matin huet dësen tragesche Virfall mat sengem Smartphone dokumentéiert.

Evakuatioun ënner besonneschen Ëmstänn

Zu Rimplas, engem Duerf am Dall vun der Tinée, dat awer nach op dausend Meter geleeën ass, huet d‘Buergermeeschtesch Christelle D‘Intorni um 17 Auer d‘Klacke laude gelooss a kloer Consignen ausginn. D‘Leit sollten esou héich wéi méiglech an hiren Haiser Schutz ze sichen. Vill Leit am Dall hunn sech a Sportshalen, de Märeien oder soss gréisser Gebaier a Sécherheet bruecht.

FrankräichOb Saint-Martin-Vesubie nach emol am ale Glanz erschénge kann, ass ugesiichts dëse Biller net wierklech ze gleewen. An awer muss d‘Liewe virugoen. © Nice Meteo / Dragon06

Wie manner Gléck hat, an ënnerwee vun de Waassermassen iwwerrascht ginn ass, huet d‘Nuecht a sengem Gefier misse verbréngen. Esou ee Chauffeur vun engem Krankentransport, deen zwee Patienten derbäi hat. Déi konnten um Samschdeg no enger apokalyptescher Nuecht vun engem Helikopter aus hirer mësslecher Lag befreit ginn. Fir anerer war et bei wäitem net esou einfach.

De Versuch eng Iwwersiicht ze kréien

Um Samschdegmueren huet de Stuerm Alex de Bléck op d‘Katastroph fräi ginn. Vill Leit hunn den Zoustand vun hiren Haiser a Grondstécker op der Televisioun gesinn, well et net méiglech war nees d‘Dierfer ze erreechen. D‘Autoritéiten hu versicht iwwert den Asaz vun Helikopter eng Iwwersiicht vun der Situatioun ze kréien. An et ass kee schéint Bild dat sech hinne gebueden huet.

Frankräich

Net manner wéi zwielef Gemengen si komplett isoléiert a kënnen den Ament nëmmen aus der Loft erreecht ginn. Si brauche Liewensmëttel a Waasser, esou de Präfekt vun den Alpes-Maritimes, Bernard Gonzales an enger gemeinsamer Pressekonferenz mam franséische Premierminister Jean Castex. Den Inneminister Gérald Darmanin huet weider Rettungskräften op d‘Plaz geschéckt.

Och Italien huet et schwéier erwëscht

Am Nordweste vun Italien huet de Stuerm Alex och fir vill Opreegung gesuergt. Hei goufen eng 22 Persoune vermësst, vun deenen der glécklecherweis 21 vun de franséischen Autoritéiten opgeholl goufen. Am Aosta-Dall waren no Äerdrëtsch a Bréckeschied d‘Dierfer zäitweis vun der Baussewelt ofgeschnidde ginn. Déi italienesch Pompjeeën hunn bei dësem Onwieder een Affer ze bekloen.

Frankräich

goufen awer och aus Ligurien gemellt. De Buergermeeschter vu Ventimiglia, Gaetano Scullino, huet festgehalen, datt et esou eppes zanter 1958 net méi ginn huet. Och d‘Regioune Lombardei a Venetien waren an der Nuecht op ee Samschdeg vun dësen Néierschléi betraff. Fir den Ament schéngt et nees méi roueg ze ginn.

mat indymedia/nic/mil

Foto: D‘Duerf Saint-Martin-Vesubie ass vun der Waassermasse schwéier beschiedegt ginn. © Nice Meteo / Dragon06

Ähnlech Sujeten Alpes-Maritimes, Frankräich, Italien, Naturkatastroph, Piemont, Stuerm Alex
Nächsten Artikel Virrechten Artikel