Search

You may also like

Tacheles: Liesen an der Schoul
International Neiegkeeten

Tacheles: Liesen an der Schoul

Een Acteur, dee Jonker a Kontakt mat Literatur brénge soll

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen
International Neiegkeeten

USA: Wann‘s de wierklech eppes kanns dierfs de kommen

D‘Awanderungsgesetzer an den USA sinn ëm déi 30 Joer al

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen
International Neiegkeeten

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen

D’Katar-Kris huet scho säit Wochen d’Noriichtewelt am Grëff. Nodeems den CSV-Deputéierte

Kremlkritiker Alexej Nawalny no Vergëftung am kënschtleche Koma

Kremlkritiker Alexej Nawalny no Vergëftung am kënschtleche Koma

No sengem Zesummebroch um Donneschdeg gouf de russeschen Oppositiounspolitiker a Kremlkritiker Alexej Nawalny an d’Berliner Charité agewisen. Zuelräich Ënnersichungen aus verschiddensten Laboen beweisen, datt hien vergëft ginn ass. Aktuell läit hien am kënschtleche Koma, Spéitfolgen vum Nervesystem sinn net auszeschléissen.

En Donneschdeg ass den Alexej Nawalny op engem Fluch vu Sibirien op Moskau zesummegebrach. Uschléissend gouf hien op Omsk an d’Spidol bruecht, wou een awer kee Gëft noweise konnt – oder duerft. Och Méindes haten d’Resultater vun zwee weidere russesche Laboen keng gëfteg Substanzen opgewisen. Dem Nawalny säin enke Vertrauten Ljubow Sobol huet erkläert, datt ee just op Zäit spille wollt.

Nawalny

Lässeg an Jeans an am T-Shirt um 19. August zu Tomsk – déi lescht Foto op de soziale Medien virum Gëftuschlag © Alexej Nawalny / Facebook

Datt et sech heibäi ëm ee geplangten Versuch handelt, de charismatesche Mann monddout ze maachen, respektiv e komplett auszeschalten, ass net ze iwwersinn. Vir de President Vladimir Putin stellt den Nawalny nämlech eng Bedreeung a Gefor duer: Nieft diverse Blogbeiträg, bei deenen hien Korruptioun opdecke wollt, hat hien nämlech och scho wëlles, Buergermeeschter vu Moskau ze ginn. Hien ass bekannt dofir, un Demonstratiounen deelzehuelen an hätt och gutt Chancen, als Kandidat an der Oppositioun de Putin erauszefuerderen. Dësen suergt awer duerch Gefängnisstrofen reegelméisseg dofir, datt den Nawalny kee Schrëtt soll viru kommen.

Nawalny

Konstantin Feist / Twitter

Et gëtt och als Gëftuschlag betitelt

Ënnert den noutwennege Sécherheetsbestëmmungen an aus privater Decisioun ass den Alexej Nawalny schliisslech an d’Berliner Charité bruecht ginn. Tester an Ënnersichunge vu verschidde Laboen hunn de Verdacht bestätegt, datt de Kremlkritiker mat enger Substanz aus der Wierkstoffgrupp vun de Cholinesterase-Hemmer vergëft ginn ass. Hie gouf an de kënschtleche Koma versat, ass awer wuel net a Liewensgefor.

Nawalny

Norbert Röttgen / Twitter

Dat däitsch Spidol schreift iwwerdeems op Twitter, datt den Nawalny mam Géigemëttel Antropin behandelt gëtt. Spéitfolgen um Nervesystem kënnen net ausgeschloss ginn.

Cholinesterase ass en Enzym, wat am mënschleche Kierper fir den Ofbau vu Botenstoffer agesat gëtt. Et leet Reizer tëscht den Nervenzelle weider. Ginn d’Enzymer net méi ofgebaut, ka bei verschidde Kierperfunktiounen eng Iwweraktivitéit ausgeléist ginn. De Cholinesterase-Hemmer gëtt ënnert anerem an Alzheimer-Medikamenter oder Insektiziden genotzt. Ma, an der Sowjetunioun ass d’Substanz och als Nervegëft mëssbraucht ginn.

Nawalny

Berliner Charité / Twitter

Nawalny: De bekannteste Putin-Géigner

Den Alexej Anatoljewitsch Nawalny ass um 4. Juni 1976 zu Butyn bei Moskau gebuer ginn, huet Droit a Finanzwiesen studéiert an uschléissend als Affekot geschafft.

Hie war Member bei der liberal-demokratescher Partei Jabloko, ass allerdéngs no der Kritik um Grënner vun der Partei erausgehäit ginn. Reegelméisseg verëffentlecht hien ob sengem Blog nawalny.com Beiträg, bei deenen hie Korruptioun opdecke wëll. Hei trëtt den Nawalny fir den ethnesch-russeschen Nationalismus an.

D’Protester géint Wahlfälschung vun de Parlaments- a Presidentschaftswahlen vun 2011/12 huet hien natierlech dunn mat organiséiert a war souguer Riedner. Bei der grousser Demo vun 2011 ass den Oppositiounspolitiker verhaft ginn. Am Summer 2012 gouf him Verontreiung bei staatlecher Holz-Firma Kirowles virgeworf.

E knappt Joer méi spéit duerft den Nawalny als Buergermeeschter vu Moskau kandidéieren a krut dobäi souguer 27 % vu Stëmmen. Uhh, do gouf et schonn méi geféierlech fir de Putin. Kee Wonner, datt no enger „Léisung“ gesicht ginn ass, fir de Kremlkritiker auszeschalten. Et huet een et also mat enger Haftstrof probéiert.

Nawalny

© Alexej Nawalny / Facebook

2014 krut de gudde Mann 3,5 Joer Bing op Bewärung opgebrummt, déi säi Brudder allerdéngs tatsächlech an Prisong ofsëtze misst. Grond soll nees d’Verontreiung vu Gelder gewiescht sinn. Ganzer 30 Millioune Rubel (ëm 337.000 Euro) hätten d’Gesechter ënnerschloen an domat 2 Firmen geschiedegt. Eng vun dëse Firmen wier Yves Rocher, déi de Virworf selwer bestreit.

Dem Kreml seng Versich fir den Nawalny roueg ze stellen hunn awer all näischt bruecht. Hien ass politesch aktiv bliwwen. 2016 koum et zur Klo géint Putin wéinst dem Verstouss géint d’Anti-Korruptiounsgesetz. Schonn een Dag méi spéit gouf d’Klo aus „Verfahrensgrënn“ ofgeleent. Am selwechte Joer wollt hien un de Parlamentswahle vun den oppositionelle Parteien deelhuelen, gouf awer ausgeschloss an huet dunn zum Boykott opgeruff.

Ma, am September 2020 sinn nees a verschidde Regioune vu Russland Wahlen ugesot. Dir kënnt Iech et schonn denken: Den Nawalny weist nees Engagement.

Elo gëllt et awer nees gesond ze ginn a sech net ënnerkréien ze loossen. Och de Putin muss léieren, datt hien net nëmmen Zoustëmmung erliewe kann, mee datt Politik ëmmer mat enger Oppositioun verbonnen ass.

De Jean Asselborn wënscht eng gutt Besserung

De Baussen- an Europaminister Jean Asselborn huet gëschter an engem Schreiwes matgedeelt, datt hien dem Alexej Nawalny eng schnell a komplett Genesung wënscht. Donieft fuerdert hien vun de russeschen Autoritéiten, datt onofhängeg an transparent Ënnersichungen, ouni gréisser Verzögerungen, duerchgefouert ginn, fir esou de Schëllegen ze fannen an och ze bestrofen.

Opmaacherbild:  © Alexej Nawalny / Facebook

Related topics Alexei Nawalny, Alexej Nawalny, Alexey Navalny, Berliner Charité, Cholinesterase-Hemmer, Gëftuschlag, Geplangte Mord, Kënschtleche Koma, Kreml-Kritiker, Oppositioun, Politik, Russland, Vladimir Putin, Widerstand
Next post Previous post