Haislech Gewalt: Et gëtt Hëllef!
Fir eng substantiell Erhéijung vun haislecher Gewalt wärend der Pandemie
Fir eng substantiell Erhéijung vun haislecher Gewalt wärend der Pandemie
Um 13. Oktober 2019 ass et nees esou wäit: den
All dës Konzerner reagéieren op eng Boykottaktioun déi d‘Lescht Woch
Am Dezember, esou wëll et d‘Traditioun, organiséiert de Lëtzebuerger Verband vun der Industrie vun den Investitiounsfongen (ALFI) hir PE & RE Konferenz. Eigentlech e Referenzdatum fir alles wat Rang an Numm an dësem Business huet, an all Joers eng 600 Manager, Produktdesigner, Operateure a Fachaffekoten zesummeféiert. Mee 2020 ass jo bekanntlech keen normaalt Joer…
Esou ass dann och dëse, fir d‘Finanzplaz Lëtzebuerg ee ganz wichtege Rendez-vous, an de virtuelle Raum verluecht ginn. Den 1. an 2. Dezember mussen sech d‘Intervenanten a soss Acteuren am Netz austauschen, matenaner schwätzen. Wien interesséiert ass deem ganze bäizewunnen, kann sech elo nach iwwert den Internetsite umellen. Starten deet d‘Konferenz da muer um 8.30 Auer.
Zu den dëst Joer ugebuedenen Héichpunkten, gehéiert um 1. Dezember de Sujet „Privat Kapital / Privat Scholden“. Den 2. Dezember dierften den Immobilier an d‘Infrastrukturen déi un de Fonds gebonne sinn, de spannendste Sujet sinn. Ansonste gëtt och 2020 nees iwwer “nohaltegen Invest“, alternativ Fongen an natierlech déi immens Virdeeler vun der Finanzplaz Lëtzebuerg geschwat.
Illustratioun: © ALFI (2019)