Search

You may also like

Porte Ouverte am Lycée Ermesinde
International Neiegkeeten

Porte Ouverte am Lycée Ermesinde

De Lycée Ermesinde (LEM) zu Miersch invitéiert op seng Porte

Diddenuewen wëll d‘sanitär Kris am Grëff behalen
International Neiegkeeten

Diddenuewen wëll d‘sanitär Kris am Grëff behalen

An der Regioun Grand Est, war en et déi Diddenuewener,

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Froen zesumme mam Einstein
International Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Froen zesumme mam Einstein

Den 140. Gebuertsdag vum Genie Albert Einstein. Zu sengen Éieren

Algerien: De Wonsch nom politesche Wiessel

Trotz Demonstratiounsverbuet hunn dausenden Algerier an de Stroosse protestéiert

Algerien: De Wonsch nom politesche Wiessel

Zu Dausenden hunn e Freideg d‘Algerier sech géint e fënneft Mandat vum Abd al-Aziz Bouteflika gewiert. Slogane wéi: „Kee fënneft Mandat“, oder och „Weder Bouteflika nach Saïd“ waren an de Stroosse vun der Haaptstad Algier ze héieren. An de Wonsch no engem Wiessel ass wiesentlech méi staark, wéi d‘Angscht virun der Autoritéit déi en Demonstratiounsverbuet ausgeschwat huet.

Den Abd al-Aziz Bouteflika, 1937 gebuer, soll sech 1956 der algerescher Befreiungsfront (FLN) ugeschloss hunn, an huet ab de 60er Joren seng politesch Carrière ausgebaut. 1962 Jugendminister, vun 1963 bis 1979 Ausseminister, ass hie 1981 an den Exil gaangen, well him wéinst Korruptioun de Prozess sollt gemaach ginn. 1989, huet hien nees beim FLN Verantwortung iwwerholl.

Säit 1999 ass den Abd al-Aziz Bouteflika elo President vun Algerien, mee zanter engem Schlag am Joer 2013, gesondheetlech zolidd ugeschloen. Partiell gelähmt, setzt hien eigentlech nach just am Rollstull. Dat heescht wann hie sech iwwerhaapt emol an der Ëffentlechkeet weist. Eigentlech huet dem President säi jéngste Brudder Saïd längst d‘Presidence iwwerholl, an dee géif se gäre behalen.

Am léifste géifen si se bei der Däiwel joen

D‘Vollek awer gesäit dat diametral anescht. Zu Algier war gëschter keen unzetreffen, deen nach ee gutt Hoer um Regime fonnt hätt. Den Hocine Bouzekri, Mëtt drësseg an Taxichauffer zu Algier, huet säi Gefier an enger Säitegaass ofgestallt, a kuckt dem Dreiwen op der Strooss no. „D‘Mënsche wëllen eng Verännerung vum System, dat kann esou einfach net méi weidergoen“, esou den Hocine.

Gefuerdert gëtt och de Récktrëtt vum Ministerpresident Ahmed Ouyahia, deen och zanter de 90er ëmmer nees eng „onbeléifte“ Roll an de successive Regierungen iwwerholl huet. Wéi d‘Leit de Versuch ënnerholl hunn zum Presidentepalais duerchzedréngen, huet d‘Police drageschloen an och Tréinegas ass massiv zum Asaz komm. Brutal ass déi verbuede Versammlung opgeléist ginn.

Onverständlech, zumindest bei deem Gesondheetszoustand an dem héijen Alter vun 81 Joer, datt esou eppes iwwerzeegt ass, géint de Wëlle vum Vollek weiderzeregéieren. An den Abd al-Aziz Bouteflika, dee vum FLN als Kandidat bestätegt ginn ass, huet kierzlech annoncéiert bei de Wahle vum Abrëll fir e fënneft Mandat ze kandidéieren. Zanterhier hält de Protest net méi op…

Foto: © Aniss Benchabane (via Twitter)

Related topics Abd al-Aziz Bouteflika, Algerien, Protest, Said Bouteflika, Wahlen
Next post Previous post