Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De François Bausch fält nees aus der Roll
International Neiegkeeten

De François Bausch fält nees aus der Roll

De baupsegen Toun, deen de François Bausch géintiwwer dem Deputéierte

Wann d‘Auslänner hire Protokoll net bezuelen
International Neiegkeeten

Wann d‘Auslänner hire Protokoll net bezuelen

Leschten Erkenntnisser no, hunn d‘Autoritéiten net d‘Méiglechkeet de „Gäscht“ déi

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?
International Neiegkeeten

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht

De President Abdelaziz Bouteflika schéngt de Ruff vun der Strooss héieren ze hunn

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht

Endlech huet den ugeschloene President vun Algerien säi Récktrëtt annoncéiert. Den 82 järegen huet erkläert nach virum Enn vu sengem Mandat d‘Blat ze botzen. Et war bis ewell net kloer ob hien dëse Schratt, dee vum Vollek op de Stroosse gefuerdert gi war, fräiwëlleg géif hikréien.

No 20 Joer un der Spëtzt vum Land, ass et un der Zäit fir Verännerungen. Um Sonndeg huet den Abdelaziz Bouteflika eng nei Regierung agesat, an e Communiqué deit drop hin, datt nach weider Entscheedungen ze treffe sinn. Dat ass och noutwenneg, well mëttlerweil fuerderen d‘Algerier de Récktrëtt vun der ganzer politescher Elitte. Dat ganzt riskéiert onkontrolléierbar ze ginn.

Interessant ass et feststellen ze mussen, datt vill Algerier esou wéineg Vertrauen an d‘Muecht huet, datt gëschter ganz am Eescht gefaart ginn ass, et kéint sech bei dëser Meldung ëm en Abrëllsgeck handelen. Den algeresche Präsidialbüro steet net am Ruff „Witzer“ ze maachen, och wann de Beholl vum „ale Mann“ Allure vun engem Koméidistéck huet. Esou déi „nei“ Regierung…

Unzeeche vun Demenz?

Wat e „Remaniement“ vun der Regierung op de leschte Meter bewierke soll, dat léist sech net esou einfach erklären, mee ënnert de Ministeren déi ernannt goufen, ass och de Generol Ahmed Gaid Saleh (Stellvertriedende Verdeedegungsminister), deen zanter zéng fuerdert, de President aus de bekannte Grënn fir Amtsonfäeg ze erklären, also ofzesetzen. Eng net ganz fräiwëlleg Entscheedung.

Datt de Generol – deen, et sollt een et net vergiessen, e laangjärege Vertraute vum President ass – e Posten am Gouvernement erhalen huet, muss een och an de spezifesche Kontext vun dësem nordafrikanesche Land setzen. D‘Muecht, respektiv den Afloss vun der Arméi op d‘Regierung ass enorm, fir net ze soen, wat d‘Regierung wëll ëmsetzen, muss vum Etat-Major zougelooss ginn.

Nëmme gutt Absichten

Et sollt ee sech och drun erënneren, datt den ale Mann, wéi hie sech virun 20 Joer fir d‘éischt als Kandidat presentéiert huet, folgende Statement vu sech ginn huet: „Wann ech keng kloer a massiv Ënnerstëtzung vum Vollek hunn, ginn ech dovunner aus, datt et sech a senger Mëttelméissegkeet wuelfillt. Ech muss mech net ëm säi Gléck këmmeren (…) Ech sichen net d‘Muecht“.

Hien ass un d‘Muecht komm, hat vill versprach an elo sollt een, no 20 Joer muss et erlaabt sinn, kucke wat den Abdelaziz Bouteflika fir „d‘Gléck vum algeresche Vollek“ ze leeschten amstand war. Deen hat no engem Joerzéngt Biergerkrich d‘Kéier kritt an de Fridden erbäigefouert, wat him och international vill Luef abruecht huet. Dank Gas a Pëtrol, stoungen och d‘Finanzmëttel bereet.

20 Joer méi spéit muss ee mat bedauere feststellen, datt den Abdelaziz Bouteflika seng Chancen net genotzt huet. Et ass him, wéi eigentlech all senge Virgänger, nëmmen ëm Geld a Muecht gaangen, och wann hie genuch „Gegrimmels“ fir d‘Vollek iwwreg hat. Fir de Recht ass et e korrupte Regime, an et kann den Ament kee, net emol d‘Insider, aschätzen, wat sech hannert dem Rideau alles deet.

mat indymedia/ora/par

Foto: En ale Mann, gezeechent vun engem Hireschlag, an awer esou Muechtbesiess dat d‘Arméi huet missen domatter dreeën hien aus dem Amt ze joen, wann hie dat net fräiwëlleg mécht. Elo huet hien et agesinn. Wat allerdéngs duerno komme soll, ass einfach net anzeschätzen. Fräi Wahle sinn net de Problem… © ME-Review (Archiv)

Ähnlech Sujeten Abdelaziz Bozuteflika, Algerien, Generol Ahmed Gaid Saleh, Muechtwiessel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel