Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

geek
Editorial: Ka Linux den Desktop erueweren?
Neiegkeeten

Editorial: Ka Linux den Desktop erueweren?

Et ass awer heiansdo fir d‘Flemm ze kréien. Wéi kann

De QTrobot als therapeutesche Frënd vum Autist
Neiegkeeten

De QTrobot als therapeutesche Frënd vum Autist

Gëschter war de weltwäiten Dag vum Autismus, woubäi d’Opmierksamkeet fir

E flotte Schoulkomplex erhéicht d‘Freed um léieren
Neiegkeeten

E flotte Schoulkomplex erhéicht d‘Freed um léieren

Um Mëttwoch ass an der Strooss Charles IV zu Lëtzebuerg

D‘ALJP setzt sech zur Wier

De Verband vun de Lëtzebuerger Journalisten hëlt sech de Virwërf säitens dem Groussherzog, dem Stéphane Bern an dem Fred Keup un a stellt sech viru „seng Leit“

D‘ALJP setzt sech zur Wier

Et ass net esou datt d‘ALJP all d‘Journalisten am Land géif vertrieden, mee dat ass just en Detail fir eng Associatioun déi méi Patronat- wéi Salariatsvertrieder ass. Dat si sech elo, zu de Virwërf déi de Medie gemaach gi positionéiert, erschéngt awer richteg a sécherlech och noutwenneg, woubäi een dëse Rôle nawell ganz gäre beim Presserot gesinn hätt.

De Verband ass dann och eppes iwwerrascht, woubäi natierlech kengem d‘Recht ofgeschwat gëtt sech zu engem Artikel ze positionéieren, besonnesch als Betraffenen. D‘ALJP weist dann och drop hinn, datt am presente Fall d‘Medien nëmmen op d‘Dysfonctionnementer am Kontext mam Personal vum Haff higewisen hunn an et hei méi ëm d‘Aarbechtsrecht wéi ëm d‘Monarchie geet.

„Dat si keng Bagatellen“ esou d‘ALJP, déi den Nol nach emol aschléit a sech drop behaapt, datt et vun ëffentlecher Notorietéit wier, datt d‘Fra vum Staatschef méiglecherweis implizéiert wier. An et wier schliisslech och net vu Muttwëll, datt de Premierminister sech „no enger Rei Reklamatiounen“ agemëscht an de Jeannot Waringo beoptraagt huet sech dat ganzt emol ganz genee unzekucken.

Eng Missioun déi ofgeschloss ass an wou de Rapport a kierzt misst virleien, woubäi zumindest een „auslännesche“ Journalist dëse scho muss gelies hunn. Deen huet nämlech an engem Interview op RTL-TVI (Belsch) gemengt, datt näischt an dësem Rapport och nëmmen am geréngste géif drop hindeiten, datt d‘Groussherzogin Maria Teresa e stramme Kommando hätt an d‘Leit péngege géif.

Froen déi ee selwer beäntwerte muss

Eng Fro déi sech bei der ALJP wëll gestallt hunn: Huet de Groussherzog Henri säi Bréif un d‘Press (a véier Sprooche verfaasst) als Staatschef geschriwwen? D‘Schreiwes vum Groussherzog, datt den Haff als „Communiqué“ un d‘Medie verschéckt huet, war ëmmerhin op neutralem Pabeier, an net wéi et Usus ass, um offizielle Pabeier mat Wopen, verfaasst ginn an esou éischter ganz perséinlech.

Der Verband awer bezitt sech op d‘Verfassung (déi wou soll reforméiert ginn) a stellt hei fest, datt alles wat de Groussherzog „publizéiert“ vun der Regierung muss géigegezeechent an approuvéiert ginn. A mat der Fro: „huet de Monarch seng privat Meenung geschriwwen?“, hu si se eigentlech och selwer beäntwert. A jo, och ee Groussherzog ass Bierger an huet ee Recht op eng Meenung.

Wat elo des Stéphane Bern betrëfft, dee mat konstruktiver Kritik un der Press den Androck hätt kënne maachen net ganz mam Kapp am Hënneschte vun der Groussherzogin ze stiechen, esou ass ee bei der ALJP dach eppes iwwerrascht, wéi et méiglech datt hien den Inhalt vum Jeannot Waringo sengem Rapport scho kennt. Dobäi ass jo awer gewosst, datt den Hofnarr och de „Confident“ ass.

Zortéieren hëlleft dem Versteesdemech

Selbstverständlech ass och der ALJP dem Fred Keup säin „Brandschreiwes“ op Facebook net entgaangen, woubäi si sech eenzeg op déi puer Zeile konzentréieren, an deenen den zukünftegen Deputéierten d‘Press als Feind vum Vollek géif bezeechnen. Dat ass zwar faktesch Falsch, mee d‘Interventioun huet erhieflech méi dommen Inhalt, wéi déi Reproche déi un d‘Press geriicht sinn.

Hei wier ee gutt berode gewiescht sech der „Ausso“ am ganzen unzehuelen, wat séier derzou gefouert hätt, datt et bëllegt populistesch Geschwätz ass dat enger bestëmmter Clientèle virbehalen ass. An engem Kommentar vum Laure Schlesser, kann een dat dann och noliesen, a mengt elo net hei hätt ee seng Zong verschléckt. Zudeem soll et jo virkommen datt een iwwert Zil erausschéisst.

Richteg a vernënfteg vun der ALJP ass et dann awer nees, drop hinzeweisen, datt Pressefräiheet an eiser nach net reforméierter Verfassung agedroen ass, an d‘Medien (eigentlech) de Garant fir dat wat mir „Demokratie“ nennen, sinn. Si, déi fir déi meescht als Journalist wuel fir eng Zeitung mee och oft e Parteiorgan ënnerwee sinn, fuerdere vun de Politiker sech géint dës Aussoen ze stellen.

Illustratioun: Bank Phrom / unsplash

Ähnlech Sujeten adr, Fred Keup, Groussherzogin Maria Teresa, Identitéit, Kultur, Relioun, Sprooch, Stéphane Bern, Wee2050
Nächsten Artikel Virrechten Artikel