Search

You may also like

Wikipedia an der Tierkei gespaart
Neiegkeeten

Wikipedia an der Tierkei gespaart

Wat am Ament an der Tierkei alles lass ass léisst

Lëtzebuerg bedeelegt sech un der humanitärer Hëllef fir de Jemen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg bedeelegt sech un der humanitärer Hëllef fir de Jemen

Wéi den Ausseministère gëschter informéiert huet, bedeelegt sech Lëtzebuerg un

Wëllkomm zu Lëtzebuerg!
Neiegkeeten

Wëllkomm zu Lëtzebuerg!

Den 29. September 2020 huet de Minister Jean Asselborn um

Alkohol geschwënn eréischt ab 18 Joer?

Alkohol geschwënn eréischt ab 18 Joer?

Den Accord ass do: Hannert dem Numm PALMA verstoppt sech elo den Nationalen Aktiounsplang géint de Mëssbrauch vun Alkohol 2020-2024. Zil ass et, den iwwerméissege Konsum vun Alkohol a seng uerg Folgen ze reduzéieren. Zudeem soll zu Lëtzebuerg ee fërderlecht Ëmfeld entstoe, fir ee gesonde Konsum bei allen Altersgruppen ze fërderen.

„Et ass mir virun allem wichteg d’Bierger hirer Verantwortung bewosst ze maache a si Alkohol konsuméieren. Ech denken, datt d’Majoritéit vun de Leit sech de Folge vum Alkohol-Mëssbrauch bewosst sinn“, ënnersträicht de Vize-Premier a Gesondheetsminister Étienne Schneider. Den iwwerméissege Konsum vun Héichprozentegem ass oft d’Ursaach vu Stroossenaccidenter oder Gewaltdoten. Donieft gëtt d’Gesondheet nohalteg ugegraff an de Risiko fir kardiovaskulär Krankheete, Kriibs, Liewerproblemer oder och mental Problemer klëmmt.

D’Zuel un Erwuessenen, déi exzessiv Alkohol konsuméieren ass grad zu Lëtzebuerg, am Verglach zu den aneren UE-Memberen, ënnert den Top 3. No Dänemark a Rumänien kënnt de Groussherzogtum (méi wéi Een op Dräi). Dobäi gëtt all siwente Jugendleche vu 15 Joer un, op mannst zwee Mol a sengem Liewen eng am Kanelli gehat ze hunn. Hei si mir dann nees beim niddregste Wäert an der EU.

Wat gesäit den Aktiounsplang dann elo vir?

De PALMA orientéiert sech u 6 Achsen, déi nees verschidde Moossnamen an Aktioune virgesinn:

  • D’Gouvernance zur Reduktioun vun de Schied duerch Alkohol gesäit fir ee gesonden a verstännegen Ëmgang mam Héichprozentegen ze fërderen an ee Gesetzeskader ze schafen zum Verkaf vum Alkohol. Heiduerch solle virun allem manner Jugendlecher Zougang zum alkoholesche Gedrénks kréien, dat duerch d’Eropsetze vum Mindestalter op 18 Joer.
  • D’Promotioun vun der Gesondheet an d’Preventioun setzen ee staarken Akzent op d’Sensibiliséierung, wéi och déi gemeinschaftlech Responsabilitéiten ugesiichts dem Mëssbrauch vun Alkohol.
  • D’Fréierkennung vum iwwerméissegen alkoholesche Konsum ass essentiell.
  • Och d’Verbesserung bei der therapeutescher Betreiung zur Rehabilitatioun an zur Reduktioun vu Risiken ass ee wichtege Schrëtt. Esou muss d’Offer optimiséiert a gestäerkt ginn an nei Ënnerstëtzungen a begleedend Moossnamen entwéckelt ginn.
  • Mat der Formatioun vu Professionelle ginn d’Kenntnisser a Kompetenze weiderentwéckelt
  • Duerch d’Recherche soll d’Wëssen zum Alkohol-Mëssbrauch wuessen.

Mat engem jäerlechen Aktivitéiteprotokoll, wéi och zwou externe Bewäertungen (2022 an 2024) gëtt de Fortschrëtt vum Aktiounsplang evaluéiert. Parallel ass all 5 Joer een epidemiologesche Rapport geplangt.

Related topics Accident, Alkohol, Etienne Schneider, Gesondheet, iwwerméissege Konsum, Nationalen Aktiounsplang géint de Mëssbrauch vun Alkohol 2020-2024, PALMA, Regierung
Next post Previous post