Search

You may also like

Ginn d‘Salariéeën aus dem Gardiennage vun der Kris iwwersinn?
Auto Neiegkeeten

Ginn d‘Salariéeën aus dem Gardiennage vun der Kris iwwersinn?

Esou wéi dat am groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020

ULC: Fir méi bëlleg Taxitariffer!
Auto Neiegkeeten

ULC: Fir méi bëlleg Taxitariffer!

Wéi d’ULC matdeelt, sollt et laut dem Transportministère an noer

Galerie: Uecht gedoen elo kënnt de leschte Fouer Weekend
Auto Neiegkeeten

Galerie: Uecht gedoen elo kënnt de leschte Fouer Weekend

Fir all deenen déi nach net waren, an deenen déi

Alkoholiséiert ënnerwee: „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“

Alkoholiséiert ënnerwee: „Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen“

Ganzer 26.000 Mënsche verléieren hiert Liewen all Joer an Europa op der Strooss. Eng vun den Haaptursaache vun dësen Accidenter ass, nieft der Vitesse, den Alkohol um Steier.

Och wann d‘Evolutioun an der Zäit positiv ass (36 Doudeger zu Lëtzebuerg am Joer 2018 géint 22 Doudesaffer am Joer 2019), mussen all Dag Efforte gemaach ginn, fir Mënscheliewen ze retten: sief et duerch Formatioun, Sensibilisatioun oder Repressioun.

1.400 Führerschäiner sinn am Joer 2018 am Kader vun Ethylotester vun der Police agezu ginn, dat sinn 81% vun allen agezunnene Permisen.

Op Grond vun de villen Accidenter, an och de Policekontrollen, bei deenen d’Chaufferen ënner Alkoholafloss stoungen, huet d’Association des victimes de la route (AVR) beschloss, en Informatiounsspot iwwert den Alkohol um Steier ze realiséieren.

De Kontakt ass mat „FrameArt Media“ opgeholl ginn, fir ee Projet/Zeenario mam Thema: „Alkohol um Steier“ auszeschaffen. De Laurent Ernzer vu FrameArt Media huet den Andy Bausch gefrot, fir d’Regie bei der Produktioun ze féieren. D’AVR huet sech erëm den Transportministère als Partner erausgesicht, deen enk mat der Associatioun zesummeschafft.

Sou ass eng flott Campagne zesummegestallt ginn, déi iwwer verschiddene Medie vehiculéiert gëtt: Spotten op der Televisioun an den Drive-in Kinoen, Annoncen an der Press, wéi och Bänner op verschiddene Sitten an de soziale Medien. D’Campagne leeft de 24. Juni un a mir invitéiere jiddereen, deen de Spot ënnerwee begéint, en ze deelen!

Alkohol um Steier

Matgedeelt vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Related topics Alkohol um Steier, Doudesursaachen, Führerschäin, Gefor, Permis, Police, Sensibiliséierungscampagne, Transportministère
Next post Previous post