Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
who is nina dobrev dating history

SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht

Um Mëttwoch huet déi amerikanesch Entreprise SpaceX deen éischte lëtzebuergesche

pink lobster dating ltd
who is nina dobrev dating history

https://moien.lu/sugar-daddy-dating-rules/

Während d’Rumeur ronderëm d’Opkafe vu Fox duerch Disney ëmmer méi

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten
who is nina dobrev dating history

CFL: Noutwenneg Infrastrukturaarbechten

Et huet iwwer de Summer vill Chantiere bei der Eisebunn

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen

Vun Alkoholkontrollen an rabiat Nuetsgesellen

Et ass Fuesent an d‘Police hat et ugekënnegt: et kënnt zu Alkoholkontrollen hannert dem Steier, an net méi Spéit wéi an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet si eng éischte Kéier zolidd zougeschloen. Dat allerdéngs op Uweisung vum Procureur.

Vun 23 Auer bis 4 Auer, waren entspriechend dem Artikel 12, Paragraph 3, Ofsaz 8 vum modifizéierte Gesetz vum 14. Februar 1955, dës Kontrollen ordonnéiert ginn. Et gouf kontrolléiert: an der Stad, Neiduerf-Strooss; zu Izeg an der Hesper-Strooss, zu Alzeng op der Diddenuewener-Strooss, op der A6 vu Lëtzebuerg a Richtung Belsch, op der Sortie Mamer, an zu Bieles op der N31.

Wat de Bilan betrëfft, esou fält dëse relativ gutt aus. Alles an allem sinn 446 Chauffeure gebuede ginn ze „blosen“, dat och ouni datt e Verdacht bestanen hätt. Positiv kontrolléiert goufe 17 Chauffeuren, dräimol huet missen an d‘Täsch gegraff ginn a 14 Protokoller goufen erstallt. Siwe Piloten hunn d‘Lizenz entzu kritt.

Zu Esch-Uelzecht war wuel keng Kontroll vum Procureur ugeuerdent ginn, mee d‘Police war dunn awer um 4 Auer genéidegt esou eng duerchzeféieren. Schold dorunner war en Automobilist, deen e gehéieregen „Zickzack“ am Steierrad hat, an och nach mat sengen Handy beschäftegt war. Hie gouf ugehalen, huet dierfe blosen an well den Test Positiv war, hunn d‘Beamten de Führerschäi behalen.

Och soss net ganz gescheit am Kapp

Zréck an d‘Stad, wou och um 4 Auer en Automobilist an der Hollerecher-Strooss sech „opfälleg“ verhalen huet, wann och – wéi et am Bericht heescht – ongewollt. Hie war eppes ze séier laanscht eng Patrull geflunn, déi sech dëse Pilot dunn eppes méi no wollt ukucken. Si haten de Mann séier zum Stoe kritt, an och hei war d‘Alkoholkontroll positiv, an dat zimlech „däitlech“.

An esou engem Fall gëtt gären eppes méi genee iwwerpréift, wat dem Mann net dierft gefall hunn. D‘Beamten hu jiddefalls misse feststellen, datt de Chauffer eigentlech näischt op der Strooss verluer hat, an en Haftbefehl géint hie virläit. De Mann ass vun engem Dokter ënnersicht ginn, an nodeems dëse bestätegt huet datt dat kee Problem besteet, gouf de Brigang op Schraasseg gefouert.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alkoholkontroll, Fuesent, Führerschäin, Police, Prisong
Nächsten Artikel Virrechten Artikel