Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Den Aarbechtsminister an der Defensiv
Kultur

Den Aarbechtsminister an der Defensiv

Wat huet de sozialisteschen Aarbechtsminister net alles missen iwwert sech

Net geplangten Tëschenetapp fir de Vol LG5782
Kultur

Net geplangten Tëschenetapp fir de Vol LG5782

Wéi d‘Luxair bekannt ginn huet, huet um Mëttwochowend en technesche

US-Arméi gënnt sech e Rakéitentest
Kultur

US-Arméi gënnt sech e Rakéitentest

D‘Amerikaner, oder villméi den US-President, wollte scho länger hiert Atomwaffenarsenal

Kultursall Steesel: Alles Féik…oder wat?

Kultursall Steesel: Alles Féik…oder wat?

Si sinn erfollegräich, hu Witz an och soss eng drop. Rieds ass vun de Makadammen, déi am ganze Land hiert Koméidistéck opféieren. Esou och zu Steesel, dëse 17. Januar, am Kultursall zu Steesel. Ufank ass pénktlech um 20 Auer, d‘Oweskeess ass ab 19 Auer op.

Organiséiert gëtt dëse lëschtegen Theaterowend vun der Steeseler Gemeng an hirer Kulturkommissioun. De Präis bedréit 15 Euro – Fir Studenten 8 Euro. Et kann ee sech seng Plaz ënnert dem Telefon 33 21 39 oder per e-Mail op de reservation@steinsel.lu reservéieren.

An ëm wat geet et do?

Wat géife munch Leit net alles maachen, fir e bekannte Star ze ginn? Dobäi muss et net gläich en internationale Star sinn, neen, och e Star hei zu Lëtzebuerg wier fir den Ufank schonn net schlecht.

Dat hu sech esou och puer Frëndinne geduecht a sech spontan op e Casting gemellt, fir hire groussen Dram ze erfëllen an, an enger lëtzebuergescher Tëleesproduktioun däerfe matzespillen.

Vu mentalem Striptease iwwert eng Moundlandung bis zur Zréckentwécklung zu engem Embryo, alles mussen si iwwert sech ergoe loossen. Gi si an där Welt op, oder friessen si alles a sech eran, nëmme fir d’Roll vum Liewen ze kréien? Oder ass et dach eng Welt wou alles namme Féik ass????

  • Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
  • Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
  • Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
  • Regie: Jacqueline Posing-van Dyck
  • Dekor: Christian Klein
  • Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel Affiche a Fotoen: Pitt Becker | Beliichtung an Technik: On Stage Light
Ähnlech Sujeten Alles Féik oder wat?, Koméidiistéck, Kultursall Steesel, Makadammen, Theater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel