Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
dating sites asking for itunes card

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

beste kostenlose dating seiten
dating sites asking for itunes card

dating 9 months

D‘Wierfel si gefall, rien ne va plus, wéi de Fransous

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de siwenten Dag
dating sites asking for itunes card

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de siwenten Dag

Gëschter hunn den Arthur Kluckers an den Nicolas Kess hir

Alles flaach, oder wat?

E Kommentar

Alles flaach, oder wat?

Fir ze beweisen, datt d’Äerd a Wierklechkeet flaach ass, léisst e Mann aus den USA sech an enger Rakéit an d’Luucht schéissen. Do uewe wëll en da Fotoe schéissen, fir seng Theorie ze beweisen. Dobäi erauskomme ka sou gutt wéi näischt. Well an Zäite vun Flat-Earth-Konferenzen ass kloer: Faktenneutralitéit herrscht. An zwar a bal alle Beräicher.

Wat sech ëmmer méi wéisst ass, datt esou Verschwierungstheoretiker net nëmmen e ganz komescht Verhältnes zur Wëssenschaft hunn, mee datt se sech hier eege Filterblosen opbauen. Tatsächlech wëssenschaftlecht Wëssen dréngt net u si erun, well se just nach hier eege Sourcen huelen. Gäre gëtt do vun enger Youtube-Akademie geschwat: Et fënnt ee schnell sëlleche Videoen, déi d’Theorien erklären. A well ee bei Videoen wiesentlech méi passiv rezipiéiert, wéi dat bei Literatur de Fall ass, hëlt een dat alles op, ouni ze reflektéieren, oder ze préiwen.

Eng eege Meenung ka jiddereen hunn. Eege Fakten awer net.

De Stephen Colbert huet am Joer 2005 e schéine Begrëff gepräägt: Thruthiness. Alles, wat sech richteg ufillt, ass och richteg. Ganz onofhängeg vun de Fakten. An d’sozial Netzwierker profitéiere vun Emotiounen, wou wéinst des Truthiness et da ganz besonnesch liicht huet, fir verbreet ze ginn.

Dat gëllt virun allem dann, wann een sech rose maache léisst. D’Affär ronderëm Chrëschtdagsartikelen an Evenementer, deenen hire Numm anscheinend geännert huet, fir kenger anerer Religioun ze no ze trieden, ass do e super Beispill. Do gëtt gefaket wou et nëmme geet: Fotoe gi manipuléiert, Datume changéiert asw. – dat nëmmen, fir Ängscht ze schieren. A well doropper besonnesch vill reagéiert gëtt, verbreet et sech mi schnell a kann nach méi Leit erreechen.

Ech hunn heiriwwer schonn oft geschriwwen. Ech ginn et awer net midd, well iergendwou d’Hoffnung nach besteet, datt villäicht deen een oder aneren fest stellt, datt en sech vun esou Gruppéierunge enorm veraarsche léisst. D’Hoffnung stierft bekanntlech fir d’lescht.

Ähnlech Sujeten Fake News, Verschwierungstheorien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel