Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Léisunge brauch eist Land
Kultur Neiegkeeten

Tacheles: Léisunge brauch eist Land

1859 huet de Karl Marx säi Wierk „Kritik der politischen

Ee Fräihandelsofkommes zu Chrëschtdag.
Kultur Neiegkeeten

Ee Fräihandelsofkommes zu Chrëschtdag.

Wat hat sech den Donald Trump net iwwert d‘Fräihandelsofkommes NAFTA,

Wisefest dëse Weekend – mat Heavy Petrol
Kultur Neiegkeeten

Wisefest dëse Weekend – mat Heavy Petrol

Och dëst Joer organiséiert d’Amicale vun der Zeitung vum Lëtzebuerger

Alles geet op de BD-Festival zu Contern

Alles geet op de BD-Festival zu Contern

Den nächste Weekend ass et nees esouwäit, d‘Bande Dessinée oder de „Comic“ huet, wéi et zur Traditioun ginn ass, am schéinen Dierfche Contern Héichkonjunktur. A mat der 25. Editioun kann e bal scho vun engem „hallwen“ Jubiläum schwätzen.

Esou geet et zu Contern de ganze Weekend iwwer, ëm de Superjhemp a seng villfälteg Kollegen. E Rendez-vous dee sech net nëmmen un d‘Amateure vun dëser Konscht riicht. Hei huet sech de Festival zu engem regelrechte Volleksfest, mat villen Animatiounen, Ronndëschgespréicher a Liesunge gewandelt. De BD-Festival vu Contern, eenzegaarteg an der Groussregioun, an zitt all Joers dausende Fans aus dem In- an Ausland un.

Grouss Ausstellung an der Scheier

Den Optakt vum BD-Festival mécht eng Ausstellung vum Charel Bauer, dee seng Devotionalien an der Schéier vum Müller-Lemmer Haff dem Public zougänglech mécht. An dësem ganz flotte Kader, deen, wann d‘Sonn ze vill dréckt, och fir zur Ofkillung bäidroe kann, kann ee Comic-Hefter vun den 30er bis an 70er Joer vum leschte Joerhonnert bestaunen a bewonneren. An de Charel steet, wéi een dat vun him gewinnt ass, och gäre fir Erklärungen zur Verfügung.

Contern

Et kann een och ganz frech behaapten datt de Charel Bauer en Expert a sengem Fach ass. De pensionéierte Spuerkeessbeamten huet de Comic-Virus vum sengem Papp iwwerdroe kritt, deen säin Häerz och un d‘Bande Dessinée verluer hat. Eng Begeeschterung déi de jonke Charel scho fréi gedeelt huet, an déi hien nawell ëmmer nees gäre weidergëtt. D‘Ausstellung ass op vum 14. bis den 22. Juli (De Weekend vu 14 bis 20 Auer – An der Woch vu 16 bis 20 Auer – Den Entrée ass fräi)

E Fest fir déi ganz Famill

Säit elo iwwer zwee Joerzéngten, zitt de BD-Festival vu Contern all drëtte Weekend am Juli ee begeeschterte Public un. A wann ee sech an Erënnerung rifft, wéi datt ganz sengerzäit entstanen ass, dierf ee schonn eppes méi houfreg op datt Erreechte blécken. Ugefaangen huet et mat der Iddi vum Daniel Grün, deen eigentlech „just e Koppelmaart“ (Bourse d‘Echange) organiséiere wollt, op deem d‘Leit hir Comic-Hefter ënnert enaner austausche sollten.

Den Zousproch war grouss an huet och zanterhier net ofgeholl, et kommen der nämlech ëmmer méi. Do huet ee sech och op der Gemeng esou seng Gedanke gemaach, an d‘Kulturkommissioun huet d‘Méiglechkeet gesinn, aus dësem Koppelmaart e Fest ze maachen. Eng gutt Entscheedung wéi een haut weess. Zudeem ass de BD-Festival och fir d‘Veräiner eng flott Ugeleeënheet, well hinnen hei nieft dem Fait fir Iessen a Gedrénks ze suergen, och d‘Méiglechkeet gebuede gëtt sech ze weisen.

Déi 25. Editioun

Wéi alles ënnert der Bezeechnung BD-Festival Contern ugefaangen huet, waren 20 Auteuren um Event derbäi, an et haten sech ronn 2.000 Leit iwwert de Weekend afonnt. 25 Joer méi spéit, sinn et 60 Auteuren, dorënner och „nei Stären“ déi grad derbäi sinn sech e Numm ze maachen, wéi „al Huesen“ déi sech hir Plaz an de Comic-Welt erschafft hunn. Déi sinn an der Sportshal ënnerbruecht an hei kann een hinnen dann och bei der Aarbecht „iwwert d‘Schëller“ luussen.

Esou e Fest fält dann awer net vum Himmel, nee dat ass mat vill Aarbecht verbonnen, a verlaangt och de néidege Seriö. Eng Kommissioun vun 30 Persounen ass dann och dat ganzt Joer am Asaz, fir de BD-Festival ze organiséieren. An der Kommissioun sinn dann och Leit aus dem ganze Land, an iwwert de Weekend sinn 200 Benevoller – ze erkennen un hirem roude Polo – am Duerf ënnerwee, fir ze hëllefen, ze informéieren an deels och ze animéieren. Et kann een also net verluer goen…

E bëssi eppes vu bausse wier gutt

Esou e Festival, deen sech och nach stänneg weiderentwéckelt, kritt een net geschenkt. D‘Bühnen, d‘Stänn, déi schéin Zeitung an den Hebergement vun den Artisten, dat alles kascht Geld. Geld dat a Form vun engem Subsid vun der Gemeng Contern, dem Kultur- an dem Tourismusministère, der Kommissioun geneemegt gëtt. Datt séchert eng Basis, woubäi et och hei ouni Sponsoren net géif opgoen. Déi, esou si mir gewuer ginn, wieren awer ëmmer ei schwéier ze fannen.

Si ginn awer gebraucht. Esou fir déi éischt „Nuit de la BD“, oder fir déi musikalesch Animatioun (dëst Joer trieden ënnert aneren op: „Dream Catcher“ a „Krunnemécken). Flott ass och de Constat datt sech den SNJ mat enger Animatioun fir Kanner bedeelegt. Hei kann een op der Tablett iwwert eng App seng eege Bande Dessinée hierstellen. Net feelen dierfen: d‘Sprangschlässer, de Button-Atelier, d‘Gesiichtsmolerei an d‘Clownen.

Praktesch Informatiounen

Et ass bestëmmt richteg, datt een op dëser Plaz nach villes hätt kënnen, dierfe jo esouguer misse Virstellen. Trotzdeem besteet d‘Hoffnung iech d‘Zong laang gemaach ze hunn, a well mir wëssen datt d‘Wieder einfach herrlech gëtt, géife mir eis freeën eis Lieser zu Contern ze gesinn.

Kascht och net d‘Welt: bis 12 Joer hunn d‘Krapperten an d‘Knetzele fräien Zoutrëtt, all déi aner sollten sech mat 3 Euro net beduckst fillen. D‘Awunner vun der Gemeng, an de Gemenge ronderëm hunn, wëll do jo e Subsid gewäert gëtt, och fräien Entrée. Wien et gäre bequem huet, sollt sech vu vireran fir d‘Navetten entscheeden, déi vun de Gare Contern a Sandweiler, de Festival bedéngen.

Ähnlech Sujeten BD-Festival, Comics, Contern
Nächsten Artikel Virrechten Artikel