Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

INL: Diplomer fir déijéineg, déi Lëtzebuergesch bäibrénge wëllen
Meenung Neiegkeeten

INL: Diplomer fir déijéineg, déi Lëtzebuergesch bäibrénge wëllen

2018/2019 huet den Institut national des langues (INL) scho fir

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!
Meenung Neiegkeeten

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!

Nom Kampf géint de Klimawandel an d‘Inaktivitéit vun der Politik,

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten
Meenung Neiegkeeten

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten

An enger Säitestrooss vun der Ettelbrécker Foussgängerzon steet e Golem

Alles nëmmen Covidioten? (Lieserbréif)

E puer Gedanken zu de rezenten Demonstratiounen zu Berlin

Alles nëmmen Covidioten? (Lieserbréif)

E leschte Samschdeg si gläich e puer grouss Demonstratiounen zu Berlin ofgehale ginn. Déi bei wäitem gréissten Demonstratioun war vu „Querdenken 711“ ugemellt an organiséiert ginn, ënnert der Bezeechnung „Wir für das Grundgesetz – Berlin invites Europe“.

Ugangs vum Berliner Senat verbueden, hunn déi Responsabel et a leschter Sekonn fäerdeg bruecht, fir dëse Verbuet duerch e Geriichtsurteel vum Berliner Verwaltungsgeriicht ophiewen ze loossen, sou dass d’Demonstratioun vun offizieller Säit hier geneemegt war, natierlech mat de néidegen Oplagen an am Respekt vun den Ofstandsreegelen.

Datt déi “Querdenker” mat der aktueller Politik vun der Bundesregierung a Punkto Krisebewältegung net d’Accord sinn ass gewosst. Si sinn der Opfaassung, dass déi bis elo getraffe Mesuren an Aschränkunge wäit iwwert d’Ziel eraus schéissen, vum gesondheetleche Standpunkt hier net vill bréngen, awer dofir en duerchaus déiwen an inakzeptabelen Aschnëtt a verschidde Grondrechter bedeiten.

Et kann ee gedeelter Meenung iwwert d’Beweeggrënn vun de „Querdenker“ an hire Sympathisante sinn an et muss een net mat hiren Iddien d’Accord sinn, mee si vertrieden eng Meenung an dat op eng friddlech an demokratesch Aart a Weis. Esou eppes muss eng Demokratie aushalen kënnen, och wann dat net jidderengem schmaacht.

Et ass grad esou kloer wéi onvermeidbar, dass esou Groussdemonstratioune nawell gären vun all méigleche Leit a Gruppéierungen als Plattform erkannt a genotzt ginn. Op de Biller waren tatsächlech Leit mat Aluminiums Hittercher ze gesinn, Weltverschwierungstheoretiker, Esoteriker, Impfgéigner an e Koup Mëller sinn och mat am Cortège gelaf. Et ginn tatsächlech Leit déi gleewen, dass den Elvis nach lieft an dass d’Welt eng platt Scheif wier.

Et ass e ganze Sammelsurium u verschidde Meenungen an Usiichten, déi deelweis och sinn fir sech d’Hoer vum Kapp ze rappen. Mee zum gréissten Deel bitt dëse Mouvement all deenen Leit eng Plattform, déi duerch d’Pandemiesgesetzer mat reellen Existenzängschten ze kämpfen hunn, déi net wëssen wéi et soll weider goen, an déi elo méi Angscht virun hirer Zukunft hunn, ass wéi virum Virus.

Natierlech mëschen sech bei esou Geleeënheeten och gären méi radikal gesënnte Gesellen ënnert d’Vollek, déi méi ewéi zweiwelhaft Agendae verfollegen. Firwat déi Gruppéierungen zur Zäit esou en dramateschen Opschwong erliewen, a firwat zum Beispill eng AFD mëttlerweil mat 88 Sëtz als drëttstäerkste Partei an engem Bundestag vertrueden ass, ass eng Interessant Fro, awer eng aner Geschicht.

Dee selwechten Dag hunn zu Berlin eng helle Wull aner Demonstratioune stattfonnt, déi iwwerdeems och geneemegt waren, a wou am Virfeld gewosst war, dass bei Verschiddener d’Participante keng all ze demokratesch Iddien an der Kopp hunn a ganz oppe vun ale Keeserzäite schwadronéieren.

Et mécht awer e groussen Ënnerscheed ob een mat enger Regierung hirer Politik net d’Accord ass, dat ëffentlech seet an och esouguer hier Ofdankung a Neiwalen fuerdert, oder ob een d’Demokratie an hirer Gesamtheet a Fro stellt, fir se wëlle komplett of ze schafen an duerch eng aner, manner demokratesch Staatsform ze ersetzen.

Vir esou Fäll ass e Bundesverfassungsschutz do, déi en A op esou Machenschaften soll hunn, fir dass do näischt aus dem Rudder ka lafen.

Dat eent, ass en demokratescht Verhalen an dat anert ass carrement eng antidemokratesch Gesënnung, där et gëllt ganz resolut entgéingt ze wierken.

Et schéngt mir dofir Brandgeféierlech, wann de gesamte Chouer vun der Politik, am Aklang mat den allermeeschte Presseorganer, des zwou grondleeënd verschidde Saachen net méi auserneen hält, a wann déi Bierger, déi am Aklang mat demokratesche Prinzippien op d’Strooss ginn fir hier Meenung zum Ausdrock ze bréngen, mat deene Geselle gläichgesat ginn, déi géingt all Grondwäerter vun der Demokratie antrieden, an dat mat der simplistescher Begrënnung, dat Leit mat staatsfeindlecher Gesënnung bewosst an hirem Cortège géifen toleréiert ginn oder esouguer och nach fir bestëmmten Zwecker instrumentaliséiert géife ginn.

Wat soll dann de Papp maachen dee säi Kand op de Schëlleren dréit? Soll den dem Räichsbierger de Fändel ofhuelen an zerklappen?

Vun e Sonndeg bis haut, hunn ons Medien unisono iwwert Fernseh, Zeitung a Radio d’Demonstratiounen vu Berlin mat de Biller vum Stuerm op de Räichsdag resuméiert.

Wéi et méiglech war, dass eng Stad a landbekannte Gruppéierung vun ausgewisenen Demokratie Géigner hier Riednertribün genau ënnert den Trape vum Räichsdag konnt opschloen, wou dunn eng rosen Aktivistin keng grouss Méi hat, fir dee ganze Mob a Wallung ze bréngen an tatkräfteg dozou op geruff huet, fir d’Trape vum Räichsdagsgebäi ze erstiermen, misst emol genee ënnersicht an och gekläert ginn.

Dräi bis Véierhonnert opbruechten Toperte, déi dunn d’Trape vum Räichdagsgebäi erstiermt hunn, sinn duergaange fir eng friddlech awer onbequem Demonstratioun vun zegdausende Bierger e puer honnert Meter niewendrun net nëmmen a Fro ze stellen, mee komplett ze diskreditéieren, andeems se op eng schänterlech Aart a Weis op de Niveau vun Räichsbierger, Nazien oder Rietsradikaler erofgesat goufen, wann se net anerwäerts mat Covidioten bezeechent goufen.

Wéi ass et ze verstoen, dass bei all dem Wëssen ëm d’Presenz vun esou däischter Gesellen hondrem e sensibelt a symbolträchtegt Gebai ewéi d’Parlament eent ass, nëmmen dräi Polizisten hannert den Ofspärunge stounge fir et géingt all Eventualitéiten ze beschützen, an dat op esou engem Manifestatiounsdag. Waren esou Biller éieren net nëmme vun de Faschoen erwënscht fir sech mat hiren Fotosalbumen kënnen ze bretzen oder waren se vläicht esouguer gewollt, well een domadder genuch Munitioun zesumme kritt fir eng demokratesch awer onbequem Demonstratioun an engem Siess kënnen mat ze diskreditéieren?

Firwat gëtt eng oppen Diskussioun, och ëm onbequem Argumenter, net zou gelooss, a firwat ass déi ganz Berichterstattung esou eesäiteg gehalen? Oder konnt dir z.B. iergendwou noliesen, dass op der Demonstratioun vun de “Querdenker” de Robert F. Kennedy Junior, also de Neveu vum J.F. Kennedy eng Riet gehalen huet?

Ech fannen et méi ewéi bedenklech wann an enger Demokratie verschidde Meenungen oder Usiichten net méi an enger sachlecher, oppener Diskussioun ausdiskutéiert kënne ginn, mee wann en Opponent mat der geballter Iwwermuecht vum Kontrahent zur Verfügung stoende Mëttelen, entweder Monddoud ka gemaach ginn oder esou denigréiert ka ginn, dass hien net méi gutt ass fir heeschen ze goen.

Wa mir ons Diskussiounskultur verléieren, féieren déi géigesäiteg Meenungen an Opfaassungen zu ëmmer méi déiwe Grief an onser Gesellschaft, aus deenen herno nëmmen nach ka geschoss ginn, den Ament Gottseidank just nëmme mat Wierder an de soziale Medien.

Et geet dach scho laang net méi ëm de Coronavirus eleng.

Dat wat d’Leit wierklech op d’Strooss dréift, kënnt aus engem ganz ongudde Bauchgefill eraus, iwwert déi net ëmmer als glécklech empfonnten Entwécklungen, mat deene mir déi läscht Joerzéngte a villerlee Hisiicht konfrontéiert goufen a ginn.

Fir all Verschwierungstheorien am Kär ze erstécken, muss d’Politik Kloerheet, Transparenz a Koherenz weisen, an all getraffen Decisiounen mussen empiresch begrënnt a novollzéibar sinn.

Wann e Stad awer géingt seng Bierger muss bis ufänken d’Muskele sprangen ze loossen, well déi ëmmer méi verdrësslech, verschotert oder queesch ginn, dann huet d’Politik op munche Plaze versot.

Wéi sot schonn de Kurt Tucholsky: „Das Volk versteht das meiste falsch, aber es fühlt das meiste richtig“

A mam Vollek sollt een et sech bekanntlech net verdierwen.

Matgedeelt vum R. Kummer


Opmaacherbild: © Designecologist / Unsplash

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Aluhutt, Berlin, Coronavirus, Covidioten, Demokratie, Demonstratioun, Lieserbréif, Nazi, Querdenker, Reichstag, Rietsextremismus, Robert Kummer, Sachlech Diskussioun, Transparenz, verschidde Meenungen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel