Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach
Meenung Neiegkeeten

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach

No enger Transitiounsphase vu gutt zwee Joer an dat onofhängeg

E Buch am Zuch 2019 – Fir d’Freed um Liesen!
Meenung Neiegkeeten

E Buch am Zuch 2019 – Fir d’Freed um Liesen!

Dëst Joer fënnt um Dënschdeg, den 23. Abrëll nees déi

„Return to Palestine“: een emotionaalt Theaterstéck iwwert ee schwéiert Liewen am Osten
Meenung Neiegkeeten

„Return to Palestine“: een emotionaalt Theaterstéck iwwert ee schwéiert Liewen am Osten

Et ass komesch an tragesch zu gläich: D’Theaterstéck „Return to

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!

Et ass richteg, datt den Handy hannert dem Steier zur Gefor ka ginn, just well e mengt et misst een dee während der Fahrt benotzen. Dofir kréien déi wou erwëscht gi jo en entspriechende Protokoll a Punkte vum Führerschäin ofgezunn. Begrënnt gëtt de Verbuet mam Argument, datt déi zweet heefegst Ursaach fir en Accident, d‘Onopmierksamkeet vun de Chaufferen ass.

Mat der Verkéierssécherheetscampagne „Um Steier ass den Handy esou geféierlech wéi den Alkohol“ sollen d‘Leit op dës Gefor higewisen a sensibiliséiert ginn. Fir de President vun der „Sécurité Routière“, Paul Hammelmann, wier et allerdéngs net domatter gedoen, wann den Handy iwwert d‘Fräispriechanlag géif genotzt ginn. Mat anere Wierder, den Handy sollt en ausschalten.

D‘Argument: „Wann de Chauffeur telefonéiert ass dësen net concernéiert a säi Gespréichspartner sëtzt net nieft him, fir d‘Gespréich ofzebrieche wann eng Gefor sech op der Strooss presentéiert. Dofir sollten och d‘Fräispriechanlagen an de Bluetooth verbuede ginn“. Et géif dozou Etüden, déi dat beleeën, huet de Paul Hammelmann bei der Pressekonferenz gesot. De Message ass ukomm.

Hale mir dem President vun der „Sécurité Routière“ zerguttst, datt d‘Onopmierksamkeet eng reell Gefor an e seriéise Problem ass. Wann een dann och nach géif averstane sinn, datt een och trotz Fräispriechanlag a gewësser Mooss ofgelenkt ass, esou dierft et kaum bis guer net ze vermëttele sinn, dem Chauffeur déi mobil Kommunikatioun während der Fahrt ganz ze ënnersoen.

Zudeem – a mir sinn nach ëmmer bei der „Onopmierksamkeet“ – ass een am selwechte Mooss ofgelenkt wann een hannert dem Steier fëmmt oder e Bréitche bafft, d‘Musek ze haart ass oder dem Bäifuerer um Kierper triwwelt. Wann de Paul Hammelmann also wéilt konsequent sinn, da misst hien och de Verbuet vun de genannten Aktivitéite fuerderen. Wou sollen d‘Grenzen da gesat ginn?

Elo kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen, oder wéi mam Paul Hammelmann senger Fuerderung, et zuweilen och „iwwerdreiwen“. Domadder ass leider kengem gehollef, ausser de Versécherungen, déi hei nei Formuléierungen ugebuede kréie fir den Assuré bei d‘Lisette ze loossen. Mat der Verkéierssécherheet ass wéi mam Iessen, domatter spillt een net, an et mécht een och net Geck.

Mat esou Äusserungen, déi wäit iwwert den allgemenge Versteesdemech erausginn – och wann et dofir bestëmmt eng Clientèle gëtt – verspillt ee Kredibilitéit. A bei der „Securité Routière“ sollt een vertrauensbildend Campagnen organiséieren, an de leit keng Fierz an de Kapp setzen. Esou ee Verbuet misst zudeem vum Legislateur ausgoen, an dee misst sech dofir mat der Industrie uleeën.

Ähnlech Sujeten Fräispriechanlag, Handy, Paul Hammelmann, Securité Routière
Nächsten Artikel Virrechten Artikel