Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lindsey Stirling – Vun talentéierte Geiekläng an enger dreemerescher Show
Neiegkeeten

Lindsey Stirling – Vun talentéierte Geiekläng an enger dreemerescher Show

Vergaangene Freideg ass déi amerikanesch Violistin an Dänzerin Lindsey Stirling

5 Bicher, déi s de zu Halloween liese kanns
Neiegkeeten

5 Bicher, déi s de zu Halloween liese kanns

Halloween steet virun der Dier. An domatter eng ganz speziell

Macron schléit Le Pen
Neiegkeeten

Macron schléit Le Pen

Wahl am Frankräich wéi erwaart ausgaangen Mam Emmanuel Macron huet

Allgemengwuel-Ekonomie elo och zu Lëtzebuerg

Neie Veräin mat etheschem Wirtschaftsmodell

Allgemengwuel-Ekonomie elo och zu Lëtzebuerg

Den 3. Juni 2019 gouf op der Kockelscheier den neie Veräin “Gemeinwohl-Ökonomie Luxemburg – GWÖ-Lux – Économie pour le bien commun Luxembourg” virgestallt. Zil vum Veräin ass d’Verbreedung vun der Allgemengwuel-Ekonomie zu Lëtzebuerg a virun allem Betriber a Gemengen dofir ze gewannen, sech ethesch a solidaresch an der Wirtschaft ze verhalen an Allgemengwuel-Bilanzen ze erstellen.

Firwat en neie Veräin zu Lëtzebuerg?

An de leschte Joerzéngten huet sech déi global Situatioun därmoosse beängschtegend entwéckelt, datt déi no Zukunft fir vill Mënschen als immens däischter empfonnt gëtt a vill Millioune Mënsche scho staark leiden: Déi sozial Ongläichheet klëmmt ongebremst, d’Klimakris ass omnipräsent, de globale Biodiversitéitsverloscht ass am fräie Fall an de Ressourceverbrauch weiderhi vill ze héich. Verantwortlech heifir sinn natierlech mir Mënschen a verursaacht gëtt et duerch dat aktuellt Wirtschaftssystem, wat monetäert Gewënnstriewen zum Zil huet bei deem keng Wuesstumsgrenze virgesinn an deemno keng Bremsmechanismen agebaut sinn. Vill Mënsche gesinn dës kommend Bedreeung a wënsche sech dowéinst en anere Wirtschaftssystem.

Nieft villen interessanten Denkustéiss a Modeller ass d’Allgemengwuel-Ekonomie schonn elo en ëmsetzbare Modell, well et d’Allgemengwuel vu jidderengem als Zil huet an net déi permanent Konkurrenz. “Gemeinwohl-Ökonomie”, geduecht an entwéckelt vum Christian Felber, etabléiert en ethesche Wirtschaftsmodell. D’Wuel vum Mënsch an Ëmwelt gëtt zum ierweschten Zil vum Wirtschaften. Am Zentrum soll net d’Gewënnstriewen u sech stoen, also eng méiglechst héich Finanzbilanz zum Schluss vum Joer, mee d’Wuel vu méiglechst ville Mënschen, déi am Ëmkrees vum Betrib matwierken, kooperéieren a vill anerer schlussendlech och doduerch beaflosst ginn.

“Déi 22 Grënnungsmembere vum lëtzebuergesche Veräin aus Wirtschaft, Verwaltung a Gesellschaft gesinn et fir noutwendeg, datt déi Allgemengwuel-Ekonomie zu Lëtzebuerg institutionaliséiert gëtt an d’Iddi vun engem anere Wirtschaften no der Iddi vun der GWÖ verbreet gëtt. Insbesonnesch solle Betriber gewonne ginn, déi déi éischt Bilanzen erstellen, doraus léieren an als Multiplikator wierken.”, esou de Raymond Aendekerk, President vum Veräin.

Gemeinwohl-Ökonomie

© Gemeinwohl-Ökonomie

“Fir d’Allgemengwuel-Bilanzéierung stelle mir de Betriber a Gemenge gratis e Start-Froebou an eng Bewäertungsmatrix zur Verfügung”, erkläert de Gregor Waltersdorfer, Beroder fir Lëtzebuerg. Mat dësen Hëllefsmëttele kënne si hire Bäitrag zum Allgemengwuel bewäerten. Konkret dréit sech d’Bilanzéierung ëm d’Fro: wéi lieft de Betrib oder d’Gemeng d’Wäerter Mënschewürd, Gerechtegkeet, ekologesch Nohaltegkeet a Matbestëmmung géinteniwwer de Liwweranten, Mataarbechter a Clienten. De Bilanzéierungsprozess kann eleng oder a Gruppe mat anere Betriber a Gemenge beschratt ginn. Eng professionell Begleedung spuert Zäit, sech an dat Thema eran ze schaffen. Eng ofschléissend Iwwerpréiwung (Audit) erhéicht d’Glafwierdegkeet vun der Bilanzéierung.

D’Allgemengwuel-Ekonomie wëll de gesetzleche Kader fir Betriber a Gemengen nei ausriichten. Duerch Steiervirdeeler an de Virrang an der ëffentlecher Beschafung sollen zum Beispill biologesch a fair landwirtschaftlech Produkter méi bëlleg gi wéi déi konventionell. Zu Lëtzebuerg ginn alt d’Gemenge Mäerzeg an de Betrib OIKOPOLIS dëser Visioun no.

“D’Oikopolis-Grupp huet 2014 hir éischt Allgemengwuel-Bilanz erstallt. Domat ass si Pionéier zu Lëtzebuerg.”, sou de Patrick Kolbusch, Mataarbechter an der Oikopolis-Grupp. “Och international gehéieren BIOG, Naturata, BIOGROS & Co zu de Virreider vun enger alternativer Wirtschaftsweis, bei där d’Handele sech primär um Allgemengwuel orientéiert, amplaz der Profitmaximéierung vun e puer Wéinegen ze déngen”. Et ass ze hoffen, datt dës Neiausriichtung vum Wirtschaftsliewe weltwäit vu sech schwätzen deet.”

De Verwaltungsrot setzt sech zesummen aus: Raymond Aendekerk (President), Marianne Kert (Keess), Alfred Groff (Sekretariat). Memberen: Claude Fischer, Georges Kieffer, Carlo Mullesch.

Matgedeelt vun der Gemeinwohl-Ökonomie Luxemburg A.s.b.l., fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Melvin Hatto.

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Allgemengwuel-Ekonomi, Gemeinwohl-Ökonomie, Gemeinwohl-Ökonomie Luxemburg, GWÖ-Lux, OIKOPOLIS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel